Spëtzeldéngscht

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Luxembourg road sign diagram A 15.gif Opgepasst: Un dësem Artikel gëtt grad geschafft. Fir Versiounskonflikter ze vermeiden, waart w.e.g. mat Ären Ännerunge bis dëse Message verschwonnen ass, oder kontaktéiert de Benotzer ({{{1}}}), dee grad dru schafft, op senger Diskussiounssäit.

Wa méi wéi zwéin Deeg näischt um Artikel geännert gouf, ka jiddwereen dru weiderschaffen. Wann der näischt wëllt um Artikel änneren, loosst w.e.g. d'Schabloun stoen. Wa bannent 6 Stonnen nodeems dës Schabloun an en Artikel gesat gouf, keng valabel Ännerung vum Benotzer gemaach gouf, da kann de Gebrauch vun der Schabloun als onnëtz ugesi ginn a ka vu jiddwerengem réckgängeg gemaach ginn. Bei repetitivem onnëtze Gebrauch kann de Benotzer gespaart ginn.

E Spëtzeldéngscht oder Geheimdéngscht ass eng Organisatioun oder Verwaltung déi Informatioune sammelt a kuckt wat dervun ze gebrauchen ass.

Renseignementer goufe scho ganz fréi an der Geschicht gesammelt, besonnesch vun den Arméien. Mat déi éischt Schrëftstécker an deem Sënn stame vun engem Chines deen ëm 550 v. Chr. Offizéier an der Arméi vun Kinnek vu Wu war. Dee Mann, deen als Sun Tzu oder och als Sunzi bekannt ass, hat d'Iddi vun engem bal immaterielle Krich bei deem sou wéineg wéi méiglech Mënscheliewe geaffert sollte ginn a wou och op deier Waffe konnt verzicht ginn. Dofir huet een awer missen d'Stäerkten an d'Schwächte vum Feind kennen. Dat war awer nëmme méiglech wann een am viraus doriwwer informéiert war, an déi Informatioune konnten nëmme Spiounen erbäischafen. Hien huet dobäi op eege Leit gezielt souwéi op Duebelagenten, an op Iwwerleefer, déi beim Feind sollte fir Desinformatioun an Duerchernee suergen. En Deel vun der Krichskonscht huet fir hien op Hannerhältegkeet an Nidderträchtegkeet baséiert. Wann et huet misse sinn hu Muerd an Attentater zu de Spionageaktivitéite gehéiert, grad sou wéi haut nach bei de moderne Spëtzeldénschter.

De Sun Tzu ass ee vun den éischten vun dem Dokumenter iwwer Geheimagente bekannt sinn, awer spionéiert gouf warscheinlech scho vun deem Ament un, wéi politesch Systemer openee gestouss sinn. Firwat datt dat sou ka gewiescht sinn huet de Francis Bacon an dräi Wierder erkläert: Wëssen ass Muecht.

Méi Informatioune wéi anerer ze hunn war ëmmer en Avantage ob dat bei den Arméie war oder ander Wirtschaft an am Handel.

Dacks si Spionageaktivitéiten nëmmen a Legenden iwwerliwwert oder sinn an enger Form erzielt déi net onbedingt direkt drop hiweisen, sou wéi z. B am alen Testament, wéi de Moses am Optrag vu Gott, zwielef Männer an d'Land Kanaan geschéckt huet fir erauszefannen wéi d'Stied ugeluecht waren, ob et fruchtbart Land do géif an ob dat Vollek dat do lieft staark oder schwaach wier. No 40 Deeg koume se zréck an aus hire Renseignementer goung ervir datt et net méiglech wier dat Vollek z'iwwerfalen.

Keng Informationen ze hunn oder wéinst schappeger Opkärung falsch informéiert ze sinn ka geféierlech Konsquenzen hunn, wéi dat z. B. bei der Schluecht bei Issos fir den Alexander de Groussen de Fall war. Wéinst falschen Informatioune vu sengeProdromoi war seng Améi laanscht déi vun de Perser marschéiert. Hien huet d'Schluecht zwar gewonnen, awer wann hie sech hätt missen zréckzéien dann hätt hien op der falscher Säit gestanen, an e Réckzuch wier onméglech gewiescht.

Wann een an der Geschicht bliedert da mierkt een datt e Spëtzedéngscht zu engem Staat gehéiert, ob grouss oder kleng, ob monarchesch, diktatoresch oder demokratesch. Et gëtt am allgemengen net vill iwwer seng Aktivitéite geschwat an et ass dacks e geféierlecht Handwierk.

De Geheimdéngschthistoriker Wolfgang Krieger seet datt en unhand vu Staatsdokumenter ka feststellen datt eng Verknëppung vun den Aktivitéite vun de Spëtzeldéngschter mat der Diplomatie gutt erkennbar wier.

Am 18. Joerhonnert ginn d'Begrëffer aus der Welt vun de Spiounen fir d'éischt an engem Lexikon ernimmt. Am Band 15 vum Universal-Lexikon fënnt een ënner Kundschafft[sic]: ...heißet in dem Krieg eingezogene Nachricht von dem Zustande des Feindes. Dat géif folgendermoosse geschéien: entweder öffentlich durch ausgeschickte Parteyen, oder durch Waghälse, die sich verstelleter Weise in feindliche Orte begeben.

D'Aarbecht vun de Spëtzelgéngschter huet zanter der Antikitéit net nëmmen aus der Iwwerwaachung vum Feind, mä och vum eegene Vollek bestanen. D'Herrscher haten ëmmer d'Gefill datt am nidderege Vollek Gefore géife laueren an ouni Kontroll hu si eng eng stabil Politik fir ondenkbar gehalen. Sou huet den Harun-ar-Raschid zu zu Bagdad al Frae bezuelt fir eppes iwwer hir Famille gewuer ze ginn. Zu Syrakus goufe sou Spëtzelen Potagogiden oder Otakusten genannt.[1] Den Alexander de Groussen huet Bréiwer kontrolléiert fir déi bannenzeg Oppositioun am Grëff ze behalen. Den Historiker Jakob Seibert schreift, datt wann een opgefall ass gouf en an eng Strofkompanie gestach a bei Himmelfahrtskommandoen agesat. Am Karel dem Grousse sengem Räich hu Kinneksbueten aus allen Ecke vum Räich Noriichten erbäigerschleeft, an anengems déi regional Beamte vun der Kroun iwwerwaacht.[2] An de Commentarii de bello Gallico schreift den Caesar, et hätt bei de Gallier eng Ordonanz bestanen datt jiddwereen deen eppes iwwer Staatsugeleeënheete vun de Grenznopere wousst, dat direkt melle misst.

Am Ufank goufen sou Aktivitéiten net systematesch bedriwwen. Den Historiker B.I. Gutberlet geet dervun aus datt eréischt am byzantinesche Räich sech Strukturen entwéckelt hunn déi engem moderne Geheimdéngscht kéinte gläichen. D'Kryptoi phili (geheim Frënn) ware bezuelt Informanten déi sech als Händler oder Pilger ausginn hunn. Déi sougenannt Éieregarden fir auslännesch Delagatioune ware manner fir hire Schutz geduecht, mä éischter als Opsiicht, datt se néirens erëmschnoffele kéinten. Haut géif een dat Spionageofwier nennen.

Vu spéitstens dem 14. Joerhonnert un huet d'Kurie zu Roum sech och mam Sammele vu Renséignementer beschäftegt a gouf séier déi Plaz wou sech Noriichten a Rumeuren op klengstem Raum zesummefonnt hunn an néirens op der Welt war deemools de Virwëtz méi grouss wéi do[3].

Vum 16. Joerhonnert un hunn d'italieenesch Republiken eng nei Form vum Spionéieren entwéckelt, déi sech no an no iwwer ganz Europa verbreet huet, d'Wirtschaftspionage. Sou huet Venedeg Bécksemécher an England geschéckt fir erauszefanne wéi een d'Géisse vu Geschëtzer méi einfach maache kéint. De Cosimo III. vu Florenz huet de Pietro Guerrini vu 1682 un, véier Joer laang duerch Holland, Däitschland, England a Frankräich reese gedoen, fir do Innovatiounen ze fannen a Festungen z'ënnersichen[4][5].

Vun ëm 1570 un huet an England de Francis Walsingham e Spëtzeldéngscht opgeriicht. Een Haaptuleies war fir kathoulesch Verschwierer ze bekämpfen a fir sou vill Informatioune wéi méiglech iwwer all d'Intentioune vun de Monarche vum Kontnent ze hunn, well do de Poopst deen de Réck vun franséischen Haff a vum spueneschen Habsburger Philipp II. gestäipt krut, alles a Beweegung gesat hat fir eng Géigereformetioun an England ze provozéieren. Hien hat och zu Wisbech am Cambridgeshire dat éischt Internéierungslager op engleschem Buedem ariichte gelooss, an deem Katholiken déi des Héichverrot verdächteg waren agespaart goufen. No engem Openthalt a Frakräich tëscht 1970 a 1972 hat hien d'Baatelméisnuecht no materlieft a séier send Conclusioune fir den englesch Haff gezunn. Seng Leetsätz waren: Zevill fäerten ass net sou schlëmm wéi net genuch an Näischt ass méi geféierlech wéi Liichtsënn. An deem Sënn dierft England sech nie eng Defaillance a sengem Virwarnsystem erlaben, wéi dat a Frankräich bei den Hugenotten de Fall war. Eng zweet Schlussfolgerung war datt d'Protestanten iwwerall misst fest zesummenhalen, a fir dat z'erreechen huet hien ëmmer erëm bei der Kinnigin Elizabeth ëm Ënnerstëtzung vun den hollännesche Protestante gebiedelt. Hien hat och duerchgesat datt jiddwereen deen en Zëmmer un en Auslänner verlount hat, dat huet misse mellen. Ëm 1580 war säin Netz an Europa gutt opgebaut, hien hat Spiounen a franséischen, italieeneschen, spueneschen an anhollännesche Stied setzen. Dobäi kounen Informanten vu Konstantinopel, Tripolis an Alger souwéi en etlech Agente fir Spezialasätz. Een dervu soll den Dichter Christopher Marlowe gewiescht sinn.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Aristoteles - Staatskunst zitéiert vum Volker der Spielmann bei worldpress.com: Weiterhin wird sich der Tyrann bemühen, stets zu wissen, was die Untertanen sagen oder tun; er unterhält Beobachter, wie in Syrakus die sogenannten Potagogiden, und wie Hieron die Otakusten aussandte, wo immer eine Zusammenkunft und eine Versammlung stattfand; denn dann reden die Menschen weniger offen, da sie diese Horcher fürchteten, und wenn sie offen reden, wird es leichter bekannt.
  2. Spione überall vum Bernd Ingmar Gurberlet
  3. Der Spiegel: Geschichte 5/2019
  4. Francesco Martelli: Il viaggio in Europa di Pietro Guerrini (1682–1686), Edizione della corrispondenza e dei disegni di un inviato di Cosimo III dei Medici, a cura di Francesco Martelli. Olschki, Firenze 2005, ISBN 88-222-5401-5
  5. Hans Cools, Marika Keblusek, Badeloch Noldus: Your humble servant: agents in early modern Europe. KNIR, Rom 2006, ISBN 90-6550-908-9