Francis Bacon

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Philosoph Francis Bacon. Fir de Moler, kuckt wgl. Francis Bacon (Moler).
Francis Bacon
De Francis Bacon, gemoolt vum Frans Pourbus (1617).
Gebuer 22. Januar 1561 jul.
London
Gestuerwen 9. Abrëll 1626 jul.
London
Doudesursaach Longenentzündung
Nationalitéit Kinnekräich England
Educatioun Trinity College,
Universitéit vu Poitiers
Aktivitéit Philosoph, Schrëftsteller, Riichter, Politiker, Affekot, Astrolog, Wëssenschaftler, Historiker
Bacon, Sylva sylvarum

De Francis Bacon, 1st Viscount St. Alban(s), KC gebuer den 22. Januar 1561, a gestuerwen den 9. Abrëll 1626 war en englesche Philosoph, Staatsmann, Wëssenschaftler, Jurist an Auteur.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Francis Bacon war aussergewéinleche Beroder bei der Kinnigin Elisabeth I. Hie gouf zweemol wéinst Scholde festgeholl, bis seng finanziell Situatioun sech ënner dem James I. gebessert hat. 1619 gouf hie Lord Grousskanzler a krut den Titel Baron Verulam. Dëse leschten Titel huet hie 1620 opginn zou Gonschte vum Titel vu "Vizegrof" (fr: Vicomte, eng Viscount) vu Saint-Alban.

De Bacon gëtt zu de gréissten englesche Philosophe gezielt. Hie selwer huet sech awer net ëmmer als Gentleman beholl. Sou zum Beispill an der Affär rondrëm de Grof vun Essex deen dem Verrot beschëllegt gouf. Hie gouf och selwer a Korruptiounsskandaler verwéckelt. Seng Handlunge waren dee Moment net op Aarmut zeréckzeféieren, mä éischter op Charakterschwächt. Wéinst deene Skandaler krut hie seng Ämter an Titelen oferkannt.

Wëssenschaftlech Aarbecht[änneren | Quelltext änneren]

A sengem Wierk Novum Organum beschreift de Bacon experimentell Methoden, vun deenen hie seet datt Naturphenomeener sech mat Observatioun an Experimenter erkläre loossen. De Bacon huet duerno d'Deelchentheorie ausgeschafft déi nach haut benotzt gëtt fir verschidde Phenomeener einfach z'erklären.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Novum Organum (1620)

Éierungen[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Francis Bacon – Biller, Videoen oder Audiodateien