Francis Bacon (Moler)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem iresche Moler Francis Bacon. Fir de Philosoph, kuckt wgl. Francis Bacon.
Francis Bacon
Gebuer 28. Oktober 1909
Dublin
Gestuerwen 28. Abrëll 1992
Madrid
Doudesursaach Häerzschlag
Nationalitéit Irland, Vereenegt Kinnekräich
Aktivitéit Moler, Designer

De Francis Bacon, gebuer den 28. Oktober 1909 zu Dublin a gestuerwen den 28. Abrëll 1992 zu Madrid, war en iresche Moler.

Hien zielt zu de bedeitendste figurative Moler vum 20. Joerhonnert. Seng Biller weise meeschtens mëschlech Kierperen, déi awer duerch Wësch-Effekter verfriemt sinn, an deelweis wéi réit Fleesch ausgesinn. Dacks hunn déi gemoolte Persounen de Mond opgerappt, wéi wa se géife jäizen.

Bekannt gouf en 1944 mat sengem Triptychon Dräi Studien zu Figuren um Fouss vun enger Kräizegung. 1950 huet hie seng Serie vu Poopst-Biller ugefaangen nom Motiv vum Velazquez sengem Portrait vum Poopst Innozenz X..

Den 12. November 2013 gouf Three Studies of Lucian Freud (Triptychon) vun 1969 bei Christie's zu New York fir 142,4 Milliounen US-Dollar versteet[1] - dat bis dunn deierst jee verkaafte Bild.[2]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Jürgen Claus: "Der Mensch und seine Symptome: Francis Bacon", in: Jürgen Claus: "Kunst heute", Rowohlt Verlag, 1965
  • Daniel Farson: The Gilded Gutter Life of Francis Bacon. London 1993, ISBN 0-679-42632-9
  • Gilles Deleuze: Logik der Sensation. Fink, München 1995, ISBN 3-7705-2952-9
  • Wieland Schmied: Francis Bacon. Das Bewusstsein der Gewalt. München, New York, 1996, ISBN 3-7913-1637-0
  • David Sylvester: Gespräche mit Francis Bacon. Prestel, München, New York 1997, ISBN 3-7913-1795-4
  • Michael Peppiatt: Francis Bacon. Anatomie eines Rätsels. DuMont, Köln 2000, ISBN 3-7701-4635-2
  • Luigi Ficacci: Francis Bacon, Taschen Verlag, Köln 2003, ISBN 3-8228-2197-7
  • Christoph Heinrich (Hrsg.): Francis Bacon. Die Portraits. Hatje Cantz Verlag, 2005, ISBN 3-7757-1727-7
  • Armin Zweite (Hrsg.): Francis Bacon. Die Gewalt des Faktischen. Hirmer Verlag 2006, ISBN 3-7774-3235-0

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Bacon triptych sells for record $142.4 million at auction
  2. Bacon-Bild erzielt Rekordwert bei Auktion, spiegel.de