Irland

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Disambig.svg Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Staat Irland. Fir aner Begrëffer mam selwechten Numm, kuckt w.e.g. Irland (Homonymie).
Ireland
Éire

Fändel vun Irland (Republik)

Wope  vun Irland (Republik)

Detailer

Detailer
EU-Ireland.svg
Offiziell Sprooch: Iresch, Englesch
Haaptstad: Dublin
Staatsform: Republik
 • President: Michael D. Higgins
 • Taoiseach: Enda Kenny
Fläch: 70.273 km² (120.)
 • Dovu Waasser: 2 %
Bevëlkerung: 4.757.976 (2016) (120.)
 • Bevëlkerungsdicht: 67,7/km²
Onofhängegkeet: 6. Dezember 1922 vu Groussbritannien akzeptéiert
Nationalhymn: "Amhrán na bhFiann"
Währung: Euro
Zäitzon: UTC +0
Internet TLD: .ie
Internationalen
Telefonsprefix
:
+353
Ladies View County Kerry Ireland.jpg
Ladies View am Killarney Nationalpark an der Grofschaft Kerry

Irland (Iresch: Éire), och bekannt als Republik Irland (Poblacht na hÉireann), ass en europäesche Staat. E läit am Atlantik, westlech vu Groussbritannien.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Irland ass eng gréng Fielsinsel an dofir wuessen do net vill Beem a Bësch. Irland as haaptsächlech vun Hecken, Gestrëpp an aneren niddrege Planze bewues, déi net vill Nierstoffer brauchen. Laanscht d'Südküst - wou de Golfstrom laanscht kënnt - wuesse kleng Palmen a verschidden aner verkrëppelt tropesch Planzen. An där Regioun sti mat déi meescht Beem, mä si wuesse kaum iwwer Maansgréisst eraus.

Op der Insel gëtt et vill Séien. Dee bekanntsten ass de Lough Neagh. De Floss Shannon ass mat 370 Kilometer dee längste Floss an Irland. Hien entspréngt am Norden tëscht den Uertschafte Belleek a Kesch aus dem Lough Erne (Erneséi) an e fléisst zu Limerick (Grofschaft Munster) an den Atlantik. Tëscht der Quell an der Mëndung leeft en duerch e sëlleche kleng an e puer grouss Séien, ë. a. de Lough Ree an de Lough Derg.

Politik[änneren | Quelltext änneren]

Zu de gréisste politsche Parteien an Irland zielen: Fine Gael, Fianna Fáil, Sinn Féin, Socialist Party, People Before Profit Alliance, Anti-Austerity Alliance, Labour Party, Social Democrats, Workers and Unemployed Action Group a Green Party.

Administrativ Ënnerdeelungen[änneren | Quelltext änneren]

Provënzen:

Countien:

Economie[änneren | Quelltext änneren]

D'iresch Wirtschaft huet sech zënter den 1980er vun enger haaptsächlech landwirtschaftlecher Economie zu enger moderner Economie entwéckelt, déi op héich technologesch Industrien an Zerwisser spezialiséiert ass. Mat deemools 11 anere Staaten huet Irland 2002 den Euro als offiziell Währung agefouert. D'Land ass stark vun Auslänneschen Direktinvestitiounen ofhängeg an huet wéinst senger gutt forméierten Aarbechtskräft an niddrege Steieren op Entreprisen kënnen e puer multinational Gesellschaften unzéien.

Entreprise wéi Intel hunn an Irland an de spéiden 1980er investéiert; spéider sinn nach Microsoft a Google dobäikomm. Irland läit op Plaz 8 (2016) vun de wirtschaftlech fräiste Länner op der Welt vum (dem Index of Economic Freedom no).

2015 hat Irland no Lëtzebuerg den zweethéchste PIB pro Awunner an der EU (49.300 Euro per capita).[1]

Relioun[änneren | Quelltext änneren]

D'Réimesch-Kathoulesch Kierch ass mat 91,6 % vertrueden, d'Church of Ireland mat 2,5 %, aner Glawensrichtunge kommen op 5,9 % (1998).

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Irland – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Eurostat: PIB réel par habitant, croissance et totaux (gekuckt den 10. August 2016)