Taoiseach

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Logo vun der Ieschenr Regierung

Taoiseach [ˈt̪iːʃəx] (Méizuel: Taoisigh) ass am Iresch-Gäleschen den Titel vum iresche Regierungschef oder Premierminister. D'Wuert gëtt deelweis och mam iresche bestëmmten Artikel an Taoiseach gebraucht.

Den Taoiseach gëtt vum ireschen Ënnerhaus (Dáil Éireann, kuerz: Dáil) proposéiert , an duerno vum iresche President genannt a brauch, fir am Amt kënnen ze bleiwen, d'Vertraue vum Dáil.

Den aktuellen Taoiseach ass zanter dem 27. Juni 2020 de Micheál Martin, Member vun der Partei Fianna Fáil.

Allgemenges[änneren | Quelltext änneren]

Der irescher Verfassung no, muss de Taoiseach vum Representantenhaus (Dáil Éireann) vum Parlament genannt ginn. Fir de Fall, datt den Taoiseach d'Vertraue vum Dáil verléiert, bestinn zwou Méiglechkeeten. E kann entweder zrécktrieden oder versichen, de President dovun z'iwwerzeegen, d'Dáil opzeléisen. De President kann déi Demande refuséieren an domat den Taoiseach iwwerrieden zréckzetrieden. Bis elo ass sou eng Situatioun allerdéngs nach net agetrueden. D'Dáil kann dem Taoiseach d'Vertrauen entzéien, entweder duerch en erfollegräiche Mësstrauensvott, eng mësslonge Vertrauensfro oder doduerch datt et dem Taoiseach seng Ënnerstëtzung refuséiert[1]. Fir de Fall vum Récktrëtt, bleift den Taoiseach esou laang a senger Funktioun, bis en Nofollger genannt gouf.

Den Taoiseach nominéiert d'Membere vu senger Regierung, déi da mat der Autorisatioun vum Dáil vum President ernannt ginn. Hie kann och Memberen aus der Regierung ausschléissen. Hien ass och verantwortlech fir d'Nominéierung vun eelef Membere vum iresche Senat, dem Seanad Éireann.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Ursprong vum Numm[änneren | Quelltext änneren]

D'Wierder Taoiseach an Tánaiste (Titel vum Vize-Ministerpresident) stamen allebéid aus der Irescher Sprooch an hu virmëttelalterlech Originnen.

Obschonn den Taoiseach an der Konstitutioun als „Regierungschef“ oder „Premierminister“ beschriwwe gëtt, ass déi ursprénglech Bedeitung vum Wuert „Chef, Leader“ oder „Häuptling“.

Dee fréiste bekannten Nowäis vum Wuert geet op eng zweesproocheg Opschrëft aus Wales aus dem 5. oder 6. Joerhonnert zréck, wou e souwuel am alen Ireschen an der Ogham Schrëft wéi och an Englescher Sprooch a Laténgescher Schrëft gebraucht gëtt.

Modern Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Funktioun vum Taoiseach gouf duerch déi iresch Verfassung am Joer 1937 geschaaft an huet déi vum President vum Exekutivrot vum Iresche Fräistaat ersat, obwuel béid Ämter sech awer a verschiddene fundamentale Saachen ënnerscheeden. Sou hat de President vum Exekutivrot manner Muechtkompetenzen, well hie weder eenzel Ministeren entloossen (nëmmen d'Regierung am Ganzen) nach d'Ënnerhaus opléise konnt.

An der Vergaangenheet gouf et an Irland scho Koalitiounsregierungen – a sou engem Fall war de Taoiseach (bis op eng Ausnam) ëmmer de President vun enger vun de stäerkste Regierungsparteien. D'Ausnam war den John A. Costello, deen d'Funktioun fir de Richard Mulcahy (President vu Fine Gael) ausgeféiert huet, well de Mulcahy net vun den anere Regierungsparteien ënnerstëtzt gouf.

Lëscht vun de Regierungscheffen[änneren | Quelltext änneren]

Ier d'Konstitutioun vun 1937 a Kraaft war, gouf de Regierungschef als President vum Exekutivrot ((en) President of the Executive Council) bezeechent. Den Éischten an där Funktioun war de William T. Cosgrave vun der Cumann na nGaedheal vun 1922 bis 1932 an duerno war et den Éamon de Valera vun der Fianna Fáil vun 1932 bis 1937. Et ass Usus de Cosgrave bei der Nummeréierung vun den Taoisigh mat anzebezéien; dowéinst gëllt zum Beispill de Micheál Martin als 15. an net als 14. Taoiseach.

# Portrait Numm vun bis Partei

President vum Executivrot (6. Dezember 1922 – 29. Dezember 1937)[änneren | Quelltext änneren]

1 William Thomas Cosgrave.jpg William T. Cosgrave 06.12.1922 09.03.1932 Sinn Féin /
Cumann na nGaedheal
2 Éamon de Valera.jpg Éamon de Valera 09.03.1932 29.12.1937 Fianna Fáil

Taoiseach (zanter dem 29. Dezember 1937)[änneren | Quelltext änneren]

(2) Éamon de Valera.jpg Éamon de Valera 29.12.1937 18.02.1948 Fianna Fáil
3 US visit of Taoiseach Costello in 1956 (cropped).jpg John A. Costello 18.02.1948 13.06.1951 Fine Gael
(2) Éamon de Valera.jpg Éamon de Valera 13.06.1951 02.06.1954 Fianna Fáil
(3) US visit of Taoiseach Costello in 1956 (cropped).jpg John A. Costello 02.06.1954 20.03.1957 Fine Gael
(2) Éamon de Valera.jpg Éamon de Valera 20.03.1957 23.06.1959 Fianna Fáil
4 Seán Lemass, 1966.jpg Seán Lemass 23.06.1959 10.11.1966 Fianna Fáil
5 Jack Lynch 1967 (cropped).jpg Jack Lynch 10.11.1966 14.03.1973 Fianna Fáil
6 Taoiseach Liam Cosgrave-Patricks Day 1976.jpg Liam Cosgrave 14.03.1973 05.07.1977 Fine Gael
(5) Jack Lynch 1967 (cropped).jpg Jack Lynch 05.07.1977 11.12.1979 Fianna Fáil
7 Charles Haughey.jpg Charles J. Haughey 11.12.1979 30.06.1981 Fianna Fáil
8 Garret FitzGerald 1975 (cropped).jpg Garret FitzGerald 30.06.1981 09.03.1982 Fine Gael
(7) Charles Haughey.jpg Charles J. Haughey 09.03.1982 14.12.1982 Fianna Fáil
(8) Garret FitzGerald 1975 (cropped).jpg Garret FitzGerald 14.12.1982 10.03.1987 Fine Gael
(7) Charles Haughey.jpg Charles J. Haughey 10.03.1987 11.02.1992 Fianna Fáil
9 Albert Reynolds 11.02.1992 15.12.1994 Fianna Fáil
10 John Bruton 2011.jpg John Bruton 15.12.1994 26.06.1997 Fine Gael
11 BertieAhernBerlin2007.jpg Bertie Ahern 26.06.1997 06.05.2008 Fianna Fáil
12 Brian Cowen in Philadelphia.jpg Brian Cowen 07.05.2008 09.03.2011 Fianna Fáil
13 Enda Kenny EPP 2014 (cropped).jpg Enda Kenny 09.03.2011 13.06.2017 Fine Gael
14 Leo Varadkar October 2019.jpg Leo Varadkar 14.06.2017 27.06.2020 Fine Gael
15 Micheál Martin (official portrait) 2020 (cropped).jpg Micheál Martin 27.06.2020 Fianna Fáil

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Dëse Refus ((en) Loss of Supply) gouf et bis elo just eemol, am Januar 1982, wéi d'Dáil de Budget vun der deemoleger Regierung vun der Fine Gael an der Labour Party ënner dem Garret FitzGerald net approuvéiert hat. De FitzGerald huet doropshin de President Patrick Hillery gefrot fir d'Dáil opzeléisen, wat deen dunn och gemaach huet.