Enda Kenny

Vu Wikipedia
Enda Kenny
Gebuer 24. Abrëll 1951
Castlebar
Nationalitéit Irland
Educatioun St Patrick's College,
National Universitéit vun Irland
Aktivitéit Politiker, Schoulmeeschter
Famill
Bestuet mat Fionnuala Kenny
Papp Henry Kenny

Den Enda Kenny, gebuer de 24. Abrëll 1951 zu Castlebar, County Mayo, ass en iresche Politiker.

Hie war vum 9. Mäerz 2011 bis den 2. Juni 2017 Taoiseach (Premierminister) vun Irland, a vun 2002 bis den 18. Mee 2017 President vun der mëtt-riets Partei Fine Gael.

De Kenny ass dat drëtt vu fënnef Kanner vum Henry Kenny (1913-1975), dee vun 1954 bis 1975 Deputéierten am iresche Parlament war. Hien huet um St Patrick's College zu Dublin an dem University College zu Galway fir Schoulmeeschter geléiert an huet och an deem Beruff geschafft.

Zanter 1975 ass hien ouni Ënnerbriechung Deputéierten am Dáil Éireann, der Ënneschter Chamber. Vun 1986 bis 1987 war hien delegéierte Minister fir Jugend a vun 1994 bis 1997 Minister fir Tourissem an Handel.

2002 gouf hie Chef vu senger Partei an domat och Leader vun der Oppositioun am Parlament. Mat senger Partei huet hien 2011 déi virgezunne Parlamentswale gewonnen (wann och net mat absolutter Majoritéit), a gouf Premierminister.

Den 18. Mee 2017 huet hie säi Récktrëtt als Parteipresident, an domat och als Premierminister ugekënnegt. De 14. Juni dat Joer gouf de Leo Varadkar säin Nofollger.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Enda Kenny – Biller, Videoen oder Audiodateien