Op den Inhalt sprangen

Schoulmeeschter a Léierin

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Schoulmeeschter)
E Schoulmeeschter mat senger Klass an der Zentralafrikanescher Republik

Als Schoulmeeschter, respektiv Léierin, gi Männer a Frae bezeechent, déi vu Beruff hier anere Mënschen (an der Haaptsaach Kanner a Jugendlecher) an enger Primärschoul eppes bäibréngen, sief et Wëssen oder Denkmethoden, am Kader vun enger genereller Formatioun oder op e bestëmmt Schoulfach limitéiert. Dacks gëtt an der Méizuel fir de Beruff och déi geschlechtsneutral Bezeechnung Léierpersonal gebraucht.

Situatioun zu Lëtzebuerg

[änneren | Quelltext änneren]

Zu Lëtzebuerg gouf et 2013, Eurostat no, 5.479 Schoulmeeschteren a Léierinnen (Stand 2020)[1], déi d'Kanner aus den Zyklen 2-4 vun der Grondschoul (also déi fréier Primärschoul) enseignéieren. Si hunn de Statut vu Staatsbeamten.

D'Léierinne ginn och Joffer genannt, nach aus der Zäit wou hinne sou eng Plaz meeschtens nëmmen opstoung ënner der Bedingung, datt se sech net bestueden, an deemno mat der Uried Joffer fir net bestuet Frae bezeechent goufen (no engem Fall deen 1907 an engem aneren deen 1933 diskutéiert gouf, hunn d'Gemenge ganz lues a lues och bestuet Léierinnen op hirer Plaz gelooss). Dacks hate se och d'Bezeechnung vun deem Beräich an deem s'enseignéiert hunn: z. B. d'Bitzjoffer oder an der Spillschoul d'Spilljoffer. Zu Lëtzebuerg am Zyklus 2 bis 4 gëtt et hirer 3-mol méi wéi Schoulmeeschteren.[2][3]

D'Ausbildung als Léierin steet schonn am „Reglement für die Normal-Schule des Großherzogtums Luxemburg“ vum 9. Januar 1846[4], obwuel de ganzen Text eigentlech op d'Schoulmeeschteren zougeschnidden ass. Do heescht et am Artikel 32:

„Bis dahin, dass eine besondere Normal-Schule für die angehenden Lehrerinnen erreicht werden kann, besuchen dieselben die Kurse, welche vorläufig durch Zusammenwirken von Professoren der Normal-Schule und der Klosterfrauen zu St. Sophie gebildet sind.“

D'Spillschoule sinn ëm 1850 entstanen a goufe mam Gesetz vum 20. Abrëll 1881, Artikel 105, ënnert dem Statut vun „Kinderbewahrschule“ oder „école gardienne“ gereegelt[5]. Am Ufank waren d'Spilljofferen exklusiv Uerdensschwësteren, haaptsächlech vun der École privée Notre-Dame Sainte-Sophie|Sainte-Sophie]], där hiren Uerden, d'Kongregatioun Notre-Dame, Verfechter vun den Erzéiungsmethode vum däitsche Pedagog Friedrich Fröbel (1782–1852) war. De Fröbel war e Schüler vum Schwäizer Erzéiungs- a Sozialreformer Johann Heinrich Pestalozzi (1746–1827) , Initiator am däitschsproochege Raum vun de „Kindergärten“. De Pestalozzi an och de Fröbel stounge fir eng Erzéiung duerch Spill a Kreativitéit („Hëllef mer et selwer ze maachen“). Dohier den Numm „Fröbel-Schoul“ oder och einfach „De Fröbel“ fir d'Ausbildung vun de Spillschoulsjofferen, déi getrennt vun der Léierinnen-Ausbildung war.

Zënter 2013 gëtt et keen Ënnerscheed méi tëschent der Ausbildung vu Prescolaire- a Primärschoul Enseignanten. Si mussen all e Bachelor an Erzéiungs - Wëssenschafte vun der Uni Lëtzebuerg oder enger equivalenter auslännescher Universitéit hunn.

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Classroom teachers and academic staff by education level, programme orientation, sex and age groups. Eurostat. Gekuckt den 22.12.2022.
  2. Zuel vun de Schoulmeeschteren (2013) op Eurostat
  3. Zuel vun de Léierinnen (2013) op Eurostat
  4. Règlement du 9 janvier 1846 pour l'école normale du Grand-Duché de Luxembourg.. legilux.lu. Gekuckt den 20.10.2025.
  5. Loi du 20 avril 1881 sur l'organisation de l'enseignement primaire.. legilux.lu. Gekuckt den 20.10.2025.