Diskussioun:Schoulmeeschter a Léierin
Direkte Link bei de Referenzen
[Quelltext änneren]Moien,
ass et net méiglech fir bei de Referenzen en direkte link ze kréien. --Les Meloures (Diskussioun) 19:24, 28. Feb. 2017 (UTC)
- Ass gemaach hunn d'Plaz selwer fonnt: --Les Meloures (Diskussioun) 08:13, 1. Mäe. 2017 (UTC)
- Sorry, hat net opgepasst beim Copy/paste datt beim Referenzlink nach e Rateschwanz hätt missen nokommen deen op d'Säit gewisen huet. --Otets 11:35, 1. Mäe. 2017 (UTC)
Jofferen
[Quelltext änneren]Ech hu versicht erauszefannen, wéini déi éischt Frae Léierin konnte ginn, a wou steet datt se sech net bestueden däerfen. Et ass mer net gelongen, just Indicen hunn ech fonnt. Do gëtt et d'Gesetz vum 26. Juli 1843 iwwer den Enseignement am Primär, dat d'Jofferen explizit am Artikel 92 ernimmt, mä an den Artikelen 2, 3, 34, 40, 75 a 77 iwwer d'Qualifikatiounen an Nominatioun vum Léierpersonal steet net datt ee sech als Fra net bestueden dierft wann een enseignéiert. Léierinne misst et awer scho virdru gi sinn, well am Diekircher Wochenblatt vum 30. Januar 1841 gi Léierinnen ernimmt. Den Informatiouns- an Dokumentatiounszentrum vun de Frae seet, datt 1933 de Staatsrot (deemools an der Fonctioun vun engem Verwaltungsgerit) enger Léierin Recht ginn huet, déi dergéint geklot hat, vun der Gemeng Habscht de Sak wéinst hirem Bestietnes krut ze hunn - dat Urteel misst all d'Referenzen enthalen déi mech bréichten, mee da misst een et nach hunn (Zousaz: Habscht schreift nach 1939 am Tageblatt do dergéint). --Otets 11:35, 1. Mäe. 2017 (UTC)
- Sinn ech net méi richteg an der Bir oder wat verstinn ech falsch?
- Fir d'éischt gëtt eppes am Artikel behaapt an da gëtt et vun dem selwechten Auteur an der Diskussioun a Fro gestallt. Dat kënnt mir zimmlech konfus vir. Wou kënnt déi Informatioun dann iwwerhaapt hier? -- Les Meloures
- Keng Angscht, du versteess just falsch. Meng Ausso, datt Léierinnen erausgehäit goufe wa se sech bestuet hunn, gëtt duerch dat 1933er Urteel vum Staatsrot beluet. An d'Source seet nach weider, datt dat Urteel na net mol Signalwierkung krut, d'Gemengen hunn also iwwer deen Datum eraus generell keng bestuete Léierinne gewollt. Meng Fro ass dogéint déi, op wéi enger Basis si bestuete Léierinnen erausgehäit ginn, a wéi a wéini ass déi Basis mat der Zäit verschwonnen? Am Gesetz vum 26. Juli 1843 gëtt et keen Artikel deen et Léierinne verbitt sech ze bestueden - gouf et e generellt oder speziellt Verbuet an engem anere Gesetz (vläit am Artikel 23 vum deemolege Gemengegesetz op dee verwise gëtt?) (wat spéider abrogéiert gouf) oder krut een als bestuete Fra net deen néidegen Certificat iwwer d'biergerlech a reliéis Moralitéit (an d'Moralvirstellungen hu bannent honnert Joer op deem Punkt geännert, oder deen Certificat gouf dunn net méi gesetzlech verlaangt), oder war et einfach eng Coutume? An anere Wierder, meng Ausso datt et sou war bleift, d'Fro ass just wisou et sou war a vu winni bis winni genee. --Otets 16:54, 1. Mäe. 2017 (UTC)
- Dann nach eng Kéier = = Zurück zu den Sternen == Dat hei stoung ugaanks am Artikel: Fraen déi dee Beruff ausübe gi Joffer genannt, nach aus der Zäit wou hinnen dee Beruff opgoung, ënner der Bedéngung datt se sech net bestueden, wouduerch da virausgesat gouf datt se Joffer bleiwe géifen. Dofir meng Fro op wat hues de dech do baséiert, wéis de dat geschriwwen hues??? Wa muss duerno iwer de 5 W (wéi, wat, wou, wéini, a wien) diskutéiert ginn, da kënnt dat mir net ganz enzyklopedesch vir. --Les Meloures (Diskussioun) 17:39, 1. Mäe. 2017 (UTC)
- Am Zeitungsartikel fält och op datt déi Dammen anscheinend bestuet waren, well soss géife se jo net als Madam zitéiert ginn, mä éischter Fräulein. --Les Meloures (Diskussioun) 17:48, 1. Mäe. 2017 (UTC)
- Et gëtt hei keng 5W, mee just 1, de "wéini". An de "firwat", mee deen ass fakultativ. An engem aneren Zeitungsartikel hunn ech vun enger Léierin gelies, déi sech bestuet huet, an doropshi mam Beruff opgehalen huet, d'Madammen hei hunn et vläit grad sou gemat. Ech hu lo mol bei enger fréirer Léierin nogefrot fir méi gewuer ze ginn. A wann dat näischt giff ginn da kinnt een nach ëmmer beim CID nofroen. --Otets 19:21, 1. Mäe. 2017 (UTC)
- Fraen déi dee Beruff ausübe gi Joffer genannt, nach aus der Zäit wou hinnen dee Beruff opgoung, ënner der Bedéngung datt se sech net bestueden, wouduerch da virausgesat gouf datt se Joffer bleiwe géifen. Meng Fro war vläicht net däitlech genuch: Da resuméieren ech: du méchs hei eng däitlech Ausso. Si mer ons do eens? Da kënnt meng Fro. Wou kënns de do drun? Dat ass eng kuerz a kloer Fro huelen ech un. Ech stellen net a Fro wat wéi wou a wéini a vu weem publizéiert gouf, wat een tëscht den Zeilen eraus liese kann a.s.w. a. s.w. Meng Fro virdru war: op wat hues de dech do baséiert? anscheinend war dat ze schwéier ze verstoen duerfir elo wou kënns de iwwerhaapt do drun. Du muss dach iergend eng Ursaach gehat hu fir dat als gutt Informatioun ugesinn ze hunn a se dann ze hei ze schreiwen. --Les Meloures (Diskussioun) 20:03, 1. Mäe. 2017 (UTC)
- Ech hu mech drop baséiert gehat, datt Léierinne fréier an der Praxis sech normalerweis net hunn däerfe bestueden, soss hu se missen demissionnéieren oder se sinn erausgehäit ginn. Dat hunn ech héiere gehat, hei hunn ech en Artikel am Wort vum 8. Oktober 1918 wou e Gemengerot beschléisst, keng bestuete Léierinne wëllen zu hunn, hei schreiwe se am Tageblatt vum 29. Juni 1939 datt viru Joren en Unterrechtsminister eng Léierin virun d'Dier gesat huet well se sech bestuet huet, d'Urteel vum Staatsrot vun 1933 weist och datt bestuete Léierinne reegelméisseg erausgehäit goufen, an de CID seet dat goung no 1933 trotzdem na sou weider (indirekt ënnerstëtzt duerch de Premier an enger Circulaire, behaapt d'Tageblatt vum 15. Juni 1936). Et war deemno e prinzipielle Fakt (wat net heescht datt et net vun iergendwann un Ausname gouf (an der Haaptsaach awer réischt vun 1907 un, wéi souguer de lénke politesche Spektrum am arme Teufel vum 13. Oktober vun deem Joer feststellt)). D'Fro ass just, op wéi enger Basis hu se sech net dierfte bestueden, op enger gesetzlecher Basis, oder well se soss keen Zertifikat kruten, oder well et bal keng Gemeng gouf déi dat zougelooss huet. Wann et sech giff erausstellen, datt souguer am 19. Jh. kee Gesetz d'Bestietnes vu Léiereinne verbueden hätt, da misst een am Artikel just präziséieren "meeschtens ënner der Bedéngung vum jeeweilege Gemengerot datt se sech net bestueden". Iwwer d'Gesetz vun 1843 hunn ech bis ewell kee Kommentar fonnt, mee iwwer dat neit vum 7. August 1906 do gëtt et een zu deer Fro, am Wort vum 10. September 1907, wou argumentéiert gëtt dat neit Gesetz giff e Bestietnes zwar net direkt verbidden, mee indirekt scho well a villen Artikelen (och vu spéidere Gesetzer) giff ee mierken datt d'Chamber dervun ausgaange wier datt Léierinne wéi selbstverständlech net bestuet wieren. Duerch d'Hannerdierchen (eng Staatsbeamtin sollt hir Plaz mussen opgi wa se e Staatsbeamte bestit well dat wier e "Kumul" vu Peien) wollte se op d'mannst en deelweist/indirekt Verbuet aféieren, wéi eng animéiert Chamberdiskussioun vum 27. Februar 1939 beleet, wat awer wuel net gelongen ass. A wéi mer hei driwwer gesinn hunn (an hei ass nach e Beispill vun Esch vun 1918, 1933 an der Stad a souguer nach 1963 zu Uewerwampech trauere verschiddener der Méiglechkeet vun engem Verbuet no) waren d'Gemengeréit gemenkerhand méi streng wéi d'Gesetz vun 1906. Mee an eisem Artikel schreiwe mer vun den Ufäng, also 1843 oder nach virdrun, ech sichen do nach weider. --Otets 20:41, 1. Mäe. 2017 (UTC)
- N.B. An Däitschland war et net anescht, d'Obermoselzeitung vum 2. Juli 1907 schreift datt och bei hinnen zu deer Zäit eng bestuete Léierin e Kuriosum war, e "Versuch, deen a Léierinnekreeser mat enger gewësse Spannung beobacht gëtt". --Otets 20:52, 1. Mäe. 2017 (UTC)
- An Däitschland war et vun 1880 un ee Gesetz. --Les Meloures (Diskussioun) 07:00, 2. Mäe. 2017 (UTC)
- Oder op d'mannst e Ministererlass, jo. Hunn dat grad och op der de-wiki ënner Lehrerinnenzölibat fonnt, an am Tageblatt vum 20. Mee 1916.
- Wat Lëtzebuerg ugeet, do ginn ech grad enger Pist no, déi e Schreiwer ënner dem Pseudonym Masque de Fer am Bürger- a Beamten-Zeitung vum 10. Oktober 1907 undeit: D'Gesetz vun 1906 huet d'Bestueden net explizit verbueden, well deemools an der Chamber an och soss "keen un d'Méiglechkeet vu sou enger Eventualitéit geduet huet, well een dëse Fall fir ondenkbar gehalen huet". Deeselwechte Standpunkt fënnt een och an enger Beilag zum Wort vum 8. Oktober 1920. --Otets
- An Däitschland war et vun 1880 un ee Gesetz. --Les Meloures (Diskussioun) 07:00, 2. Mäe. 2017 (UTC)