Michael D. Higgins
| Michael D. Higgins | |
|---|---|
|
| |
| Funktioun | |
|
9. President vun Irland | |
| 11. November 2011 - 11. November 2025 | |
| Virgänger | Mary McAleese |
| Nofollger | Catherine Connolly |
| Partei | Fianna Fáil |
| Biographie | |
| Gebuer |
18. Abrëll 1941 Limerick |
| Nationalitéit | Irland |
| Educatioun |
National Universitéit vun Irland, Indiana University Bloomington, Universitéit vu Manchester, Indiana University |
| Bestuet mat | Sabina Higgins |
|
| |
De Michael D. (Daniel) Higgins (Iresch: Micheál D. Ó hUiginn), gebuer den 18. Abrëll 1941 zu Limmerick, ass en iresche Politiker, Dichter an Auteur. Hie war vun 2011 bis 2025 President vun Irland.
Den Higgins huet op der Universitéit Galway studéiert a spéider do Coursen a Politikwëssenschaft a Soziologie ginn.
Hien ass Member vun der Irescher Aarbechterpartei (Irisch Labour Party) a war Member vum Gemengerot an eng Zäit laang Buergermeescheter vu Galway.
1981 gouf hien zum Deputéierten am Dail (Chamber) gewielt, a gouf, mat enger klenger Ënnerbriechung 30 Joer laang erëmgewielt. 1993 war hie fir ee Joer Minister.
De 27. Oktober 2011 gouf hien zum President vun Irland gewielt an huet säin Amt den 11. November 2011 ugetrueden. Den 11. November 2025 gouf d'Catherine Connolly seng Nofollgerin.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Michael D. Higgins – Biller, Videoen oder Audiodateien |
