Op den Inhalt sprangen

Mary McAleese

Vu Wikipedia
Mary McAleese
Funktioun
8. President vun Irland
11. November 1997 - 11. November 2011
Virgänger Mary Robinson
Nofollger Michael D. Higgins
Partei Fianna Fáil
Biographie
Gebuer 27. Juni 1951
Belfast
Nationalitéit Irland
Gielercher Éierendokter

D'Mary Patricia McAleese (iresch: Máire Pádraigín Mhic Ghiolla Íosa [moɪrʲə ˈpɑːdrigʲiːɲ vʲikʲ ˈjilə ˈiːəsə]), gebuer de 27. Juni 1951 zu Belfast, ass eng iresch Journalistin a Politikerin. Si war vun 1997 bis 2011 déi aacht Presidentin vun Irland.

Si huet no hirem Droitsstudium um Trinity College Droit pénal a Kriminologie enseignéiert a war Journalistin a Presentatrice op der irescher Televisioun Raidió Teilifís Éireann (RTÉ). 1997 huet si, als Spëtzekandidatin vun der Fianna Fáil, d'Staatspresidentewale gewonnen a gouf den 11. November 1997 d'Nofollgerin vun der Mary Robinson als Staatscheffin. 2004 gouf si erëmgewielt an den 11. November 2004 fir d'zweet vereedegt. 2011 gouf de Michael D. Higgins hiren Nofollger (d'Verfassung gesäit maximal zwou Amtsperiode vir).

 Commons: Mary McAleese – Biller, Videoen oder Audiodateien