1941
Ausgesinn
◄ |
19. Joerhonnert |
20. Joerhonnert
| 21. Joerhonnert
◄◄ |
◄ |
1937 |
1938 |
1939 |
1940 |
1941
| 1942
| 1943
| 1944
| 1945
| ►
| ►►
Dës Säit befaasst sech mam Joer 1941.



Evenementer
[änneren | Quelltext änneren]Europa
[änneren | Quelltext änneren]- 15. Januar: Den Alfonso XIII. vu Spuenien verzicht am Exil zu Roum zu Gonschte vu sengem Jong Juan de Borbón y Battenberg op de spueneschen Troun.
- 18. Abrëll: griichesche Ministerpresident Alexandros Koryzis hëlt sech d'Liewen.
- 25. Mäerz: Jugoslawien trëtt dem Dräimächtepakt bäi, zwéin Deeg drop kënnt et zum Staatsstreech ënner dem Dušan Simović.
- 3. Abrëll: De László Bárdossy gëtt ongresche Ministerpresident.
- 6. Abrëll: Amarsch vun den däitschen Truppen a Jugoslawien.
- 10. Abrëll: D'Wehrmacht marschéiert op Zagreb an.
- 17. Abrëll: Jugoslawie kapituléiert.
- 21. Abrëll: Griicheland kapituléiert.
- 14. Juni: D'Sowjetesch Besatzungsmuecht deportéiert eng 40.000 Litauer aus Litauen an eng 15.000 Letten aus Lettland a Sibirien.
- 27. Juni: Dat däitscht Polizeibatailloun 309 verbrennt zu Białystok déi Grouss Synagog, an där se eng 2000 Judden agespaart huet.
- 22. Juni: Unternehmen Barbarossa: D'Wehrmacht gräift d'Sowjetunioun un a besetzt déi baltesch Staaten.
- 21. Juli: Éischt Loftugrëff vun der Luftwaffe, mat 195 Fligeren, op Moskau.
- 14. August: De Franklin D. Roosevelt an de Winston Churchill ënnerschreiwen d'Atlantik-Charta.
- 19. September: All Judden iwwer 6 Joer mussen am Däitsche Räich ewell e „Juddestär“ op hirem Gezei droen.
- 29. September: Bei Babyn Jar exekutéiere Membere vum SD an der Einsatzgruppe C 35.000 Kiewer Judden.
- 21. Oktober: Beim Massaker vu Kragujevac ermuert d'Wehrmacht, als Revanche op eng Partisanenattack; 2.323 Leit, dorënner eng 300 Schüler.
- 7. November: En däitscht Krichsschëff versenkt am Schwaarze Mier dat sowjetescht Spidolsschëff Armenija mat 5000 bis 7000 Leit u Bord.
- 7. Dezember: Groussbritannien erkläert Japan de Krich.
- 7. Dezember: Däitsch Truppe sti 17 Kilometer viru Moskau - a mussen nees ëmdréinen.
- 7. Dezember: Nacht-und-Nebel-Erlass.
- 11. Dezember: Den Hitler erkläert de Vereenegte Staaten de Krich.

Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]- 1. Januar: De britteschen Ausseminister Sir Anthony Eden rifft d'Lëtzebuerger iwwer d'BBC op, Courage ze hunn.
- 24. Januar: De Gau Koblenz-Trier gëtt a Gau Moselland ëmgenannt,, fir Lëtzebuerg mat anzeschléissen.
- 31. Januar: Franséisch Vir- a Familljennimm mussen agedäitscht ginn.
- 12. Februar: De Gauleiter Gustav Simon probéiert mat der Bekanntmachung über den Eintritt in den Reichsarbeitsdienst vum 12. Februar d'Lëtzebuerger an den RAD ze lackelen.
- 18. Februar: Eng Verordnung verbitt ausdrécklech d'Droe vu Berrien.
- 31. Mäerz: Ufank vun de Sanktioune géint Staatsbeamten, déi net den Uspréch vun de Besatzer entspriechen ("Sie bieten nicht die Gewähr...).
- 11. Mee: Ried vun der Groussherzogin Charlotte iwwer d'BBC.
- 23. Mee: De Reichsarbeitsdienst gëtt obligatoresch fir d'Joergäng 1920 bis 1924.
- 1. Juni: Eng Verordnung verbitt, ëffentlech Franséisch ze gebrauchen; dorënner fält och, "merci" oder "Bonjour" ze soen.
- 10. Oktober: "Personenstandsaufnahme" vum 10. Oktober 1941.
- 11. Oktober: De Gauleiter Gustav Simon annuléiert d'Enquête.
- 14. Oktober: Fir d'Judden zu Lëtzebuerg iwwer 14 Joer gëtt et obligatoresch, de Juddestär ze droen.
- 16. Oktober: 334 Judde gi vu Lëtzebuerg an de Ghetto op Litzmannstadt (Lodz) deportéiert.
- 4.-6. November: Eng 500 Leit gi bei Razzie vun der däitscher Police festgeholl.
Afrika
[änneren | Quelltext änneren]- 22. Januar: Brittesch Unitéiten erueweren déi libesch Stad Tobruk an huele 25.000 italieenesch Zaldote gefaangen.
- 3. Februar: Schluecht vu Keren (Eritrea) tëscht Britten an Italieener.
- 11. Februar: Dem Erwin Rommel säin Afrikakorps kënnt zu Tripolis un, fir den Italieener ze hëllefen.
- 4. Abrëll: Bengasi gëtt vun däitsch-italieenesche Panzerunitéiten ageholl.
- 5. Abrëll: Brittesch Truppen erueweren Addis Abeba (Haaptstad vum Keeserräich Abessinien).
Amerika
[änneren | Quelltext änneren]USA
[änneren | Quelltext änneren]- 20. Januar: De Franklin D. Roosevelt fänkt säin drëtt Mandat als US-President un.
- 7. Dezember: Ugrëff op Pearl Harbor duerch d'Japaner.
- 8. Dezember: D'Vereenegt Staaten|USA erkläre Japan de Krich.
Südamerika
[änneren | Quelltext änneren]- 13. Dezember: An de peruaneschen Ande brécht beim Palcacocha-Séi e Stéck Gletscher of a fält an de Séi; duerch d'Bullislawin déi derbäi entstoung, sinn zu Huaraz eng 6.000 Leit gestuerwen.
Asien
[änneren | Quelltext änneren]- 1. Abrëll: Militärputsch am Irak.
- 13. Abrëll: Japan an d'Sowjetunioun ënnerschreiwen en Neutralitéitspakt.
- 11. August: Japan dekretéiert d'Generalmobilisatioun.
- 25. August: Sowjetesch a brittesch Truppe besetzen den Iran.
- 16. September: Iran: De Reza Schah Pahlavi demissionéiert zu Gonschte vu sengem Jong Mohammad Rezah Pahlavi.
- 8. Dezember: D'Japaner fänke mat der Invasioun vun de Philippinnen un.
- 8. Dezember: D'USA erkläre Japan de Krich.
- 8. Dezember: Holland erkläert Japan de Krich.
- 16. Dezember: Ufank vum Pazifikkrich: Japanesch Invasioun op Borneo.
- 25. Dezember: Hongkong kapituléiert virun der japanescher Arméi.
Ozeanien & Pazifik
[änneren | Quelltext änneren]Noen Osten an Arabesch Welt
[änneren | Quelltext änneren]- 28. September: Syrien gëtt onofhängeg.
Konscht a Kultur
[änneren | Quelltext änneren]Molerei
[änneren | Quelltext änneren]Literatur
[änneren | Quelltext änneren]Musek
[änneren | Quelltext änneren]Wëssenschaft an Technik
[änneren | Quelltext änneren]Gebuer
[änneren | Quelltext änneren]- ?: Richard Martin West, Däneschen Astronom.
- ?: Mady Andrien, belsch Sculptrice a Konschterzéierin.
- 1. Januar: Constant Wagner, lëtzebuergesche Sportschéisser.
- 5. Januar: Hayao Miyazaki, japanesche Filmregisseur.
- 6. Januar: Philippe Busquin, belsche Politiker.
- 7. Januar: Iona Brown, englesch Violonistin an Dirigentin.
- 7. Januar: John Steiner, englesche Schauspiller.
- 8. Januar: Graham Chapman, brittesche Schauspiller a Schrëftsteller.
- 9. Januar: Joan Baez, US-amerikanesch Folk-Sängerin.
- 10. Januar: José Greci, italieenesch Schauspillerin.
- 13. Januar: Solvi Stübing, däitsch Schauspillerin.
- 14. Januar: Faye Dunaway, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 15. Januar: Captain Beefheart, US-amerikanesche Museker, Sänger a Moler.
- 15. Januar: Mathias Ewen, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 19. Januar: Catherine Sola, franséisch Schauspillerin.
- 21. Januar: Plácido Domingo, spueneschen Operesänger.
- 21. Januar: Richie Havens, US-amerikanesche Folksänger.
- 23. Januar: Jean-Paul Jacobs, lëtzebuergesche Schrëftsteller.
- 24. Januar: Neil Diamond, US-amerikanesche Popsänger.
- 25. Januar: Norry Wampach, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 27. Januar: Beatrice Tinsley, neiséilännesch Astronomin,
- 30. Januar: Dick Cheney, US-amerikanesche Politiker.
- 31. Januar: Marc Assa, lëtzebuergeschen Ekonomist a Manager.
- 31. Januar: Ina Bauer, däitsch Äiskonschtleeferin a Schauspillerin.
- 1. Februar: Karl Dall, däitschen Tëleesmoderator a Komiker.
- 2. Februar: Luisa Passerini, italieenesch Historikerin.
- 8. Februar: Nick Nolte, US-amerikanesche Schauspiller.
- 10. Februar: Michael Apted, Filmregisseur.
- 11. Februar: Sérgio Mendes, brasilianesche Museker a Komponist.
- 15. Februar: Florinda Bolkan, brasilianesch Schauspillerin.
- 16. Februar: Kim Jong-il, nordkoreanesche Politiker.
- 16. Februar: Carlo Bofferding, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 21. Februar: Judith Dornys, kanadesch Schauspillerin.
- 5. Mäerz: Helga Sommerfeld, däitsch Schauspillerin.
- 14. Mäerz: Wolfgang Petersen, däitsche Filmregisseur a Produzent.
- 16. Mäerz: Bernardo Bertolucci, italieenesche Filmregisseur.
- 18. Mäerz: Wilson Pickett, US-amerikanesche Soulsänger.
- 22. Mäerz: Bruno Ganz, Schwäizer Schauspiller.
- 26. Mäerz: Richard Dawkins, britteschen Naturwëssenschaftler.
- 27. Mäerz: Kurt Felix, Schwäizer Tëleesmoderator a -journalist.
- 27. Mäerz: Ivan Gašparovič, slowakesche Politiker.
- 29. Mäerz: Joseph Hooton Taylor Jr., US-amerikanesche Physiker an Nobelpräisdréier.
- 6. Abrëll: Gheorghe Zamfir, rumänesche Panflüttespiller.
- 7. Abrëll: Remo Raffaelli, lëtzebuergesche Moler a Sculpteur.
- 8. Abrëll: Vivienne Westwood, englesch Moudendesignerin.
- 13. Abrëll: Jean-Marc Reiser, franséische Comiczeechner.
- 16. Abrëll: Claudine Auger, franséisch Schauspillerin.
- 18. Abrëll: Michael D. Higgins, iresche Politiker an Dichter.
- 18. Abrëll: Michel Medinger jun., lëtzebuergesche Liichtathleet a Fotograf.
- 20. Abrëll: Ryan O'Neal, US-amerikanesche Schauspiller.
- 25. Abrëll: Bertrand Tavernier, franséische Filmregisseur.
- 26. Abrëll: Barbet Schroeder, franséische Filmregisseur.
- 28. Abrëll: Ann-Margret, US-amerikanesch-schweedesch Sängerin a Schauspillerin.
- 29. Abrëll: Jacques Bach, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 30. Abrëll: Stavros Dimas, griichesche Politiker an EU-Kommissär.
- 6. Mee: Gena Dimitrowa, bulgaresch Operesängerin.
- 13. Mee: Senta Berger, Schauspillerin a Filmproduzentin.
- 15. Mee: Edy Schütz, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 18. Mee: Diane McBain, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 19. Mee: Ritt Bjerregaard, dänesch Politikerin.
- 19. Mee: Nora Ephron, US-amerikanesch Regisseurin an Dréibuchauteur.
- 19. Mee: Tania Mallet, brittesche Mannequin a Schauspillerin.
- 24. Mee: Bob Dylan, US-amerikanesche Sänger.
- 25. Mee: Vladimir Voronin, moldawesche Politiker.
- 31. Mee: Sean Flynn, US-amerikanesche Schauspiller a Fotojournalist.
- 2. Juni: Charlie Watts, brittesche Batteur.
- 5. Juni: Werner Böhm, däitsche Sänger a Museker.
- 8. Juni: Jean-Paul Rippinger, lëtzebuergeschen Affekot a Politiker.
- 9. Juni: Wolfgang Benz, däitschen Historiker.
- 9. Juni: Jon Lord, brittesche Museker.
- 9. Juni: Manuel Peimbert, mexikanesche Physiker an Astronom.
- 10. Juni: Jürgen Prochnow, däitsch-US-amerikanesche Schauspiller.
- 12. Juni: Hélène Chanel, franséisch Filmschauspillerin.
- 12. Juni: Chick Corea, US-amerikaneschen Jazz-Pianist a Komponist.
- 18. Juni: Roger Lemerre, franséische Foussballspiller an -trainer.
- 18. Juni: Hans Vonk, hollänneschen Dirigent.
- 19. Juni: Jacques Toubon, franséische Politiker.
- 19. Juni: Václav Klaus, tschecheschen Ekonomist a Politiker.
- 20. Juni: Stephen Frears, brittesche Filmregisseur.
- 27. Juni: Marquard Bohm, däitsche Schauspiller
- 27. Juni: Krzysztof Kieślowski, polnesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 28. Juni: Donald Spoto, US-amerikaneschen Auteur.
- 30. Juni: Otto Sander, däitsche Schauspiller.
- 5. Juli: Geronimo Meynier, italieenesche Schauspiller.
- 13. Juli: Jacques Perrin, franséische Schauspiller, Filmregisseur a Produzent.
- 18. Juli: Frank Farian, däitsche Museksproduzent, Komponist a Sänger.
- 19. Juli: Neelie Kroes, hollännesch Politikerin, EU-Kommissärin
- 21. Juli: Henry Gelhausen, lëtzebuergeschen Auteur vu Satiren a Glossen.
- 23. Juli: Sergio Mattarella, italieenesche Magistrat a Staatspresident.
- 23. Juli: Georges Traus, lëtzebuergeschen Architekt.
- 24. Juli: Erna Hennicot-Schoepges, Lëtzebuerger Politikerin.
- 26. Juli: Jean Werner, lëtzebuergesche Jurist a Botaniker.
- 28. Juli: Riccardo Muti, italieeneschen Dirigent.
- 30. Juli: Paul Anka, kanadesche Sänger.
- 1. August: Nathalie Delon, franséisch Schauspillerin.
- 1. August: Jordi Savall, spuenesche Museker an Dirigent.
- 2. August: Jules Hoffmann, franséische Biolog.
- 2. August: Fabio Testi, italieenesche Schauspiller.
- 2. August: François Weyergans, belsche Schrëftsteller a Filmregisseur.
- 3. August: Hage Geingob, namibesche Politiker.
- 4. August: Charles Ruppert, lëtzebuergesche Mathematiker, Physiker an Ekonomist.
- 5. August: Jean-Pierre Adam, lëtzebuergesche Moler, Graveur a Sculpteur.
- 5. August: Carla Gravina, italieenesch Schauspillerin a Politikerin.
- 7. August: Evi Marandi, griichesch-italieenesch Schauspillerin.
- 16. August: Jean Hemmerling, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 17. August: Fritz Wepper, däitsche Schauspiller.
- 20. August: Slobodan Milosevic, jugoslawesch-serbesche Politiker.
- 24. August: Paola Pitagora, italieenesch Schauspillerin.
- 27. August: Cesária Évora, kapverdianesch Musekerin.
- 31. August: Giacinto Berloco, italieeneschen Äerzbëschof an apostouleschen Nuntius.
- 31. August: Wolfgang Hilbig, däitsche Schrëftsteller.
- 9. September: Otis Redding, US-amerikanesche Soul-Sänger.
- 13. September: Ahmet Necdet Sezer, tierkesche Staatspresident.
- 19. September: Gérard Corbiau, belsche Filmregisseur.
- 19. September: Peter Hinnen, Schwäizer Jodler, Schlagersänger a Filmschauspiller.
- 26. September: Vadim Glowna, däitsche Schauspiller, Filmregisseur, Dréibuchauteur a Filmproduzent.
- 28. September: Edmund Stoiber, däitsche Politiker.
- 29. September: Werner Pochath, éisträichesche Schauspiller.
- 2. Oktober: Jean Vallée, belsche Sänger.
- 3. Oktober: Chubby Checker, US-amerikanescher Rock-'n'-Roll-Sänger.
- 3. Oktober: Johny Léonard, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 4. Oktober: Anne Rice, US-amerikanesch Schrëftstellerin.
- 12. Oktober: Frank Alamo, franséische Sänger.
- 13. Oktober: Paul Simon, US-amerikanesche Museker
- 18. Oktober: André Hoffmann, lëtzebuergesche Politiker.
- 23. Oktober: Igor Nikolajewitsch Smirnow, Politiker, President vu Transnistrien.
- 25. Oktober: Anne Tyler, amerikanesch Schrëftstellerin.
- 1. November: Jacques Attali, franséische Schrëftsteller, Ekonomist a Politiker.
- 5. November: Art Garfunkel, US-amerikanesche Sänger.
- 7. November: Fränz Hulten, lëtzebuergesche Moler, Zeechner a Karikaturist.
- 21. November: Juliet Mills, englesch Schauspillerin.
- 23. November: Franco Nero, italieenesche Schauspiller.
- 25. November: Philippe Honoré, franséischen Zeechner.
- 25. November: Percy Sledge, US-amerikanesche R&B- a Soul-Sänger.
- 27. November: Laurent-Désiré Kabila, kongoleesesche Politiker.
- 28. November: Laura Antonelli, italieenesch Schauspillerin.
- 1. Dezember: Jesús Moncada, spuenesche Schrëftsteller.
- 2. Dezember: René Gainville, franséische Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 4. Dezember: Lambert Schlechter, lëtzebuergesche Schrëftsteller.
- 5. Dezember: Péter Balázs, ungaresche Politiker, EU-Kommissär.
- 9. Dezember: Patrick Brion, franséischen Auteur a Filmhistoriker.
- 10. Dezember: Peter Sarstedt, brittesche Museker.
- 20. Dezember: Albert Hansen, lëtzebuergesche Jurist, Member vum Staatsrot.
- 27. Dezember: Jean-Claude Bouillon, franséische Schauspiller.
- 31. Dezember: Sarah Miles, englesch Schauspillerin.
Gestuerwen
[änneren | Quelltext änneren]- 4. Januar: Henri Bergson, franséische Philosoph.
- 2. Januar: Joseph Kutter, lëtzebuergesche Moler.
- 8. Januar: Robert Baden-Powell, Grënner vum Scoutissem.
- 2. Februar: DeLisle Stewart, US-amerikaneschen Astronom.
- 4. Februar: Johann Peter Kirsch, lëtzebuergesch-italieenesche Kierchenhistoriker an Archeolog.
- 13. Januar: James Joyce, iresche Schrëftsteller.
- 14. Februar: Eugène Mousset, lëtzebuergesche Moler.
- 21. Februar: Frederick Banting, kanadesche Medezinner an Nobelpräisdréier.
- 24. Februar: Marie a Joseph Hackin, lëtzebuergesch-franséisch Archeologekoppel.
- 28. Februar: Alfonso XIII., Kinnek vu Spuenien.
- 7. Mäerz: Günther Prien, däitschen U-Boot Kommandant.
- 8. Mäerz: Sherwood Anderson, US-amerikanesche Schrëftsteller.
- 28. Mäerz: Virginia Woolf, englesch Schrëftstellerin.
- 9. Abrëll: Marcel Prévost, franséische Schrëftsteller.
- 13. Abrëll: Annie Jump Cannon, US-amerikanesch Astronomin a Physikerin.
- 7. Mee: Nicolas Ries, lëtzebuergesche Schrëftsteller an Editeur.
- 16. Mee: Minnie Vautrin, US-amerikanesch Missionnairin.
- 18. Mee: Werner Sombart, däitsche Soziolog an Ekonomist.
- 24. Mee: Prinzessin Sophie vu Lëtzebuerg.
- 4. Juni: Wilhelm II. vun Däitschland, däitsche Keeser.
- 6. Juni: Louis Chevrolet, Autoscoureur a Grënner vun der Autosfirma Chevrolet Motor Car Company.
- 28. Juli: Sosthène Weis, lëtzebuergesche Moler an Architekt.
- 25. Juli: Henry P. McCain, Major General vun der US-Army.
- 7. August: Rabindranath Tagore, bengaleschen Auteur a Museker; Literaturnobelpräisdréier.
- 14. August: Maximilian Kolbe, polnesche Franziskaner-Minorit.
- 15. August: Josef Jakobs, däitsche Spioun.
- 22. September: Gottfried Fittbogen, däitsche Geléierten an Auteur.
- 27. September: Nicolas Liez, lëtzebuergeschen Zeitungsredakter an Auteur.
- 17. Oktober: John Stanley Plaskett, kanadeschen Astronom.
- 25. Oktober: Robert Delaunay, franséische Moler a Grënner vum Orphismus.
- 9. November: Nicolas Zimmer, lëtzebuergeschen Industriellen.
- 9. Dezember: Adolphe Eberhard, lëtzebuergesche Moler.
- 17. Dezember: Albert Philippe, lëtzebuergesche Politiker.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: 1941 – Biller, Videoen oder Audiodateien |