Robert Delaunay

Vu Wikipedia
Robert Delaunay
Gebuer 12. Abrëll 1885
Paräis
Gestuerwen 25. Oktober 1941
Montpellier
Doudesursaach Kriibs
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Moler, Designer, visuelle Kënschtler

De Robert Victor Félix Delaunay, gebuer den 12. Abrëll 1885 zu Paräis a gestuerwen de 25. Oktober 1941 zu Montpellier, war e franséische Moler. HIen huet och konschttheoreetesch Texter publizéiert.

Den Delaunay war Autodidakt. Seng éischt Biller waren am Stil vum Neoimpressionismus. Duerno war hien ee vun den Haaptvertrieder vum orphesche Kubismus, och Orphismus genannt. De Guillaume Apollinaire hat 1912 mat deem Begrëff dem Delaunay seng Fënsterbiller, Fenêtres, beschriwwen.

No enger méi laanger Ënnerbriechung huet den Delaunay an den 1930er Jore mat senger Aarbecht un abstrakte Kreesformen an der Serie Rythmes, nees opgeholl.

Den Eiffeltuerm war e beléifte Sujet vun him.

Seng Fra, d'Sonia Delaunay-Terk, war och Molerin an Designerin an huet vill kënschtleresch mat hirem Mann zesummegeschafft.

Auswiel vu Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Robert Delaunay – Biller, Videoen oder Audiodateien