Eiffeltuerm
|
| |
| Land | Frankräich |
|---|---|
| Gemeng | 7. Arrondissement |
| Strooss | avenue Anatole-France |
| Koordinaten | 48°51'29,87"N, 2°17'40,12"O |
| Architekt(en) | Stéphen Sauvestre |
| Statut | Monument historique (Frankräich) |
| Datum vum Bau | 28. Januar 1887 |
| Opgaangen | 31. Mäerz 1889 |
| Proprietär | Märei vu Paräis |
| Zweck | Touristenattraktioun |
| Genannt no | Gustave Eiffel |
|
| |

Den Eiffeltuerm ass en eisenen Tuerm zu Paräis. E gouf am Puddeleise vum Gustave Eiffel a senge Mataarbechter vun 1887 bis 1889 fir d'Weltausstellung 1889 opgeriicht. En ass och eng Erënnerung un den 100. Joresdag vun der Franséischer Revolutioun.
D'Iddi fir den Tuerm hat de Schwäizer Architekt Maurice Koechlin zesumme mat sengem Aarbechtskolleg Émile Nougier. D'Pläng fir den Tuerm goufen am Koechlin sengem Optrag vum Stephen Sauvestre ausgeschafft, an de Brevet gouf vum Eiffel opkaaft.
E gouf a 26 Méint vun engen 250 Metallaarbechter zusummegenitt, aus 18.038 virfabrizéierten Eenzeldeeler an 2,5 Milliounen Nitten.
Den Tuerm steet am 7. Arrondissement op der Nordspëtz vum Champ-de-Mars, net wäit ewech vum lénksen Uwänner vun der Seine.
Den Eiffeltuerm war 40 Joer laang den héchsten Tuerm vun der Welt.
Hie gouf fir vill wëssenschaftlech Experimenter gebraucht, an hautdesdaags stinn Antennen drop fir Radios- an Televisiounssendungen.
Den Tuerm weit ronn 10.000 Tonnen a war am Ufank 300 Meter héich. Doduerch datt am Laf vun der Zäit ëmmer méi Antennen dropgesat goufen, zulescht de 15. Mäerz 2022, wéi eng nei Antenn, déi mam DAB+ Netz kompatibel ass, fir digital Radioservicer, mat engem Helikopter uewen um Tuerm installéiert gouf, huet en ewell eng Héicht vun 330 Meter.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Eiffeltuerm – Biller, Videoen oder Audiodateien |
