25. Oktober
Ausgesinn
<< | Oktober | >> | ||||
Mé | Dë | Më | Do | Fr | Sa | So |
1 | 2 | 3 | 4 | 5 | 6 | |
7 | 8 | 9 | 10 | 11 | 12 | 13 |
14 | 15 | 16 | 17 | 18 | 19 | 20 |
21 | 22 | 23 | 24 | 25 | 26 | 27 |
28 | 29 | 30 | 31 | |||
2024 |
De 25. Oktober ass den 298. Dag (299. am Schaltjoer) vum Joer am Gregorianesche Kalenner.
Evenementer
[änneren | Quelltext änneren]- 732: De franséischen Hausmeier (maire du palais) Charles Martell gewënnt zu Tours an duerno zu Poitiers géint d'Araber ënner dem Abd ar-Rachman.
- 1415: No der Victoire zu Azincourt eruewert den englesche Kinnek Henry V. wärend dem Honnertjärege Krich grouss Stécker vu Frankräich.
- 1743: Éisträicheschen Ierffollegkrich: Zweete Familljepakt.
- 1748: Éisträicheschen Ierffollegkrich: Fridde vun Oochen an domat Enn vum Ierffollegkrich (1740-1748).
- 1760: De Georg Wilhelm Friedrich vun Hannover klëmmt op den engleschen Troun als George III..
- 1912: D'Oper Ariadne op Naxos vum Richard Strauss gëtt fir d'éischt Kéier opgefouert an dat zu Stuttgart.
- 1929: De Schwaarze Freideg un der New Yorker Bourse ass den Ufank vun der Weltwirtschaftskris vun 1929.
- 1936: Zu Berlin gëtt e Frëndschaftsofkommes tëscht dem nationalsozialisteschen Däitschland an dem faschisteschen Italien ofgeschloss als Roum-Berlin Achs.
Wëssenschaft an Technik
[änneren | Quelltext änneren]Astronomie
[änneren | Quelltext änneren]- 1785: Den däitsch-britteschen Astronom Friedrich Wilhelm Herschel entdeckt d'Balkespiralgalaxie NGC 36.
- 1881: De franséischen Astronom Édouard Jean-Marie Stephan entdeckt d'Spiralgalaxie NGC 38.
Sport
[änneren | Quelltext änneren]- 1989: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp spill zu Bréissel, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1990, 1:1 géint Belsch. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Guy Hellers geschoss.[1]
- 2003: Den däitschen Auteur a Filmproduzent Alexander Kluge kritt zu Darmstadt dee mat 40.000 Euro dotéierte Georg-Büchner-Präis.
Gebuer
[änneren | Quelltext änneren]-
Georges Bizet
-
Pablo Picasso
-
Annie Girardot
- 1772: Géraud Christophe Michel Duroc, franséische Generol.
- 1789: Heinrich Schwabe, däitschen Astronom, Physiker a Botaniker.
- 1811: Évariste Galois, franséische Mathematiker.
- 1834: Rodolphe Brimmeyr, lëtzebuergeschen Apdikter, Politiker an Auteur.
- 1838: Georges Bizet, franséische Komponist.
- 1853: Jules Keiffer, lëtzebuergeschen Auteur a Politiker.
- 1871: Richard Heintz, belsche Moler.
- 1877: Henry Norris Russell, US-amerikaneschen Astronom.
- 1881: Pablo Picasso, spuenesche Moler, Sculpteur a Graphiker.
- 1885: Henri Frommes, éischte President vun der "Société nationale des habitations à bon marché".
- 1892: Leo G. Carroll, US-amerikanesche Schauspiller.
- 1898: Karl Anton, tschechesche Filmregisseur, Dréihbuchauteur a Filmproduzent.
- 1898: Henri Pleger, lëtzebuergeschen Héich- a Wäitsprénger an Olympionik.
- 1898: Alphonse Eichhorn, lëtzebuergesche Forstingenieur.
- 1901: Dean Benjamin McLaughlin, US-amerikaneschen Astronom.
- 1909: Dieter Borsche, däitsche Schauspiller.
- 1909: Jean-Paul Le Chanois, franséische Filmregisseur.
- 1912: Minnie Pearl, US-amerikanesch Country-Sängerin.
- 1914: Edy Lahure, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1921: Mihai I., Kinnek vu Rumänien.
- 1925: René Conrad, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1927: Alfred Stuermer, lëtzebuergesche Boxer.
- 1928: Anthony Franciosa, US-amerikanesche Schauspiller.
- 1929: Peter Rühmkorf, däitsche Schrëftsteller.
- 1931: Annie Girardot, franséisch Schauspillerin.
- 1937: Armando Bausch, lëtzebuergeschen Auteur, Journalist a Schlagersänger.
- 1941: Anne Tyler, US-amerikanesch Schrëftstellerin.
- 1945: David Schramm, US-amerikaneschen Astrophysiker.
- 1952: Myriam Spiteri Debono, malteesesch Politikerin.
- 1962: Christine Citti, franséisch Schauspillerin a Filmregisseurin.
- 1963: Stina Rautelin, finnesch-schweedesch Schauspillerin.
- 1967: Mirela Soptelea, lëtzebuergesch Volleyballspillerin.
- 1971: Patrick Feyder, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1991: Alexandre Rodenbourg, lëtzebuergesche Basketballspiller.
- 2001: Elisabeth vun der Belsch, Trounierwin.
Gestuerwen
[änneren | Quelltext änneren]- 1400: Geoffrey Chaucer, englesche Schrëftsteller an Dichter.
- 1415: Antoine vu Brabant, Herzog vu Brabant, vu Limburg a vu Lëtzebuerg.
- 1647: Evangelista Torricelli, italieenesche Mathematiker a Physiker.
- 1653: Théophraste Renaudot, Dokter an Editeur; gëllt als Grënner vum moderne Journalismus.
- 1911: Édouard André, franséische Landschaftsarchitekt.
- 1934: Jean-Pierre Schmit, lëtzebuergesche Bauer a Politiker.
- 1935: Henri Pirenne, belschen Historiker.
- 1939: Anton Eiselsberg, éisträichesche Chirurg.
- 1941: Robert Delaunay, franséische Moler a Grënner vum Orphismus.
- 1947: François Erpelding, lëtzebuergeschen Archeolog.
- 1962: Alfred Bertrang, belsche Philolog, Historiker a Politiker.
- 1973: Abebe Bikila, ethiopesche Laangstreckeleefer.
- 1976: Raymond Queneau, franséische Schrëftsteller.
- 1977: Félix Gouin, franséische Politiker.
- 1987: Ketty Thull, lëtzebuergesche Auteur.
- 1991: Valérie Kuborn, lëtzebuergesch Molerin.
- 1993: Vincent Price, US-amerikanesche Schauspiller.
- 2002: Richard Harris, iresche Schauspiller.
- 2008: André Biren, lëtzebuergesche Galerist an Editeur.
- 2011: François Arnscheidt, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 2013: Hal Needham, US-amerikanesche Cascadeur, Filmregisseur, Schauspiller an Dréibuchauteur.
- 2020: Henri Roemer, lëtzebuergescche Foussballspiller a -fonctionnaire.
Feierdeeg
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: 25. Oktober – Biller, Videoen oder Audiodateien |