David Schramm

Vu Wikipedia
Dësen Astronomiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
David Schramm
Gebuer 25. Oktober 1945
St. Louis
Gestuerwen 19. Dezember 1997
Denver
Nationalitéit USA
Educatioun California Institute of Technology,
Massachusetts Institute of Technology
Aktivitéit Astronom, Astrophysiker
Member vun American Academy of Arts and Sciences, Ungaresch Wëssenschaftsakdemie, National Academy of Sciences

Den David Norman Schramm, gebuer de 25. Oktober 1945 zu St. Louis, Missouri a gestuerwen den 19. Dezember 1997 bei Denver, Colorado bei engem Fligerofstuerz) war en amerikaneschen Astrophysiker.

De Schramm huet am California Institute of Technology studéiert, wou hie 1971 promovéiert huet. Hien huet sech mat der Urknalltheorie beschäftegt, wou hie féierenden Expert an den 1970er an 1980er Jore gouf. Als ee vun deenen éischten huet hie sech och fir d'Beuechtung vun der donkeler Matière agesat.

Am Joer 1974 krut de Schramm de Robert J. Trumpler-Präis vun der Astronomical Society of the Pacific. 1978 krut hie vun der Astronomische Gesellschaft vun den USA den Helen-B.-Warner-Präis an 1993 huet hie vun der American Physical Society de Julius-Edgar-Lilienfeld-Präis kritt.

Bis zu sengem Doud war de Schramm Professer fir Physik op der Universitéit Chicago.