American Physical Society

Vu Wikipedia

D'American Physical Society (APS; Amerikanesch physikalesch Societéit) ass eng amerikanesch Societéit vz Physiker, déi den 20. Mee 1899 gegrënnt gouf a sech zum Ziil gesat huet, d'Wëssen ëm d'Physik virunzedreiwen an ze vergréisseren. Si huet ronn 40.000 Memberen.

Zanter 1913 publizéiert d'Societéit d'Fachzäitschrëft Physical Review. An der Tëschenzäit fungéiert d'American Institute of Physics als Editeur; d'Zäitschrëft selwer gouf a verschidde Deelberäicher opgegliddert.

Zanter 1953 vergëtt si all Joer den Oliver E. Buckley Condensed Matter Prize fir exzellent Aarbechte fir d'Erfuerschung vun der kondenséierter Matière.

2005 huet d'APS eng féierend Roll bei der amerikanescher Bedeelegung um Joer vun der Physik iwwerholl.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]