Astronom

Vu Wikipedia

En Astronom ass an der Reegel eng akadeemesch ausgebilt Persoun, déi sech wëssenschaftlech mat der Astronomie beschäftegt.

Haaptaktivitéit vun den Astronomen[änneren | Quelltext änneren]

Wann een de Begrëff Astronom op déi Wëssenschaftler beschränkt, déi sech haaptberufflech mat der Astronomie beschäftegen, da gehéiere meeschtens zwou vun de follgenden Aktivitéiten zum Beruff:

De Beruff vum Fachastronom setzt normalerweis en Héichschoulstudium an der Astronomie oder an änlechen Naturwëssenschafte viraus, wéi en Diplom an der Physik oder Astronomie (nëmmen an Ëisträich), munnechmol och an der Mathematik, Geodesie, Aeronautik an aneren. D'Verfaasse vun enger Dissertatioun schléisst sech an de meeschte Fäll un, déi ofgeschlosse Promotioun gëllt dacks als Viraussetzung fir eng Aarbechtsplaz ze kréien.

Verännert Beruffsbild[änneren | Quelltext änneren]

D'Beruffsbild vun den Astronomen huet sech an de leschte Joerzéngte staark verännert. An der Vergaangenheet hunn d'Astronomen den Himmel haaptsächlech mat opteschen Teleskopen am Observatoire observéiert. Haut schaffen déi meescht a ganz spezialiséierte Froestellungen a wäerten elektromagnéitesch Signaler an alle Wellelängtenberäicher aus - vun der kuerzwelliger Gammastralung bis zu de längste Radiowellen.

Dofir sëtzen d'Astronomen haut net méi "hanner dem Teleskop", mä nëmmen e kuerzen Deel vun hirer Zäit an de Kontrollraim vun den Teleskopen. Déi do notéiert Date ginn an der reschtlecher Zäit doheem um Schreifdësch ausgewäert a verschafft.

Fach- an Amateurastronomen[änneren | Quelltext änneren]

Well d'Astronomie wéi ëmmer nach eng Wëssenschaft ass, déi och am professionelle Beräich vun Eenzelen a vu klenge Fuerschungsgruppe markéiert ass, hunn och Amateure mat entspriechender Begabung an Ausrëschtung d'Méiglechkeet fir matzeschaffen. Amateure sinn dacks do erfollegräich, wou eng stänneg Observatioun noutwenneg ass, awer wéinst den héije Käschte vun de Groussteleskope kaum professionell ze maachen ass, wéi z. B. d'Asteroiden- a Koméiteniwwerwaachung oder um Gebitt vu verännerleche Stären an der Astrometrie.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Lëscht vun Astronomen

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Astronomen – Biller, Videoen oder Audiodateien