Op den Inhalt sprangen

Teleskop

Vu Wikipedia
Celestron 8 Spigelteleskop
Observatoire zu Merato an Italien
Polneschen 1,3-m-Teleskop, Las Campanas-Observatoire, Chile
Radioteleskop zu Effelsberg (D)
Hubble Weltraumteleskop
Oppen Teleskopendier vum SOFIA

D'Wuert Teleskop staamt aus dem algriicheschen τηλε (téle) „wäit“ an σκοπεῖν (skopéin) „observéieren“.

Et bezeechent am Allgemengen Instrumenter, déi elektromagnéitesch Welle sammelen a bëndelen, fir och Objeten, déi wäit ewech leien, z'observéieren oder vergréissert ofbilden ze kënnen. De Begrëff Teleskop geet also iwwer déi optesch Astronomie (siichtbaart Liicht, UV an Infrarout) eraus bis an de Beräich vun der Röntgen- a Radiostralung.

Den Teleskop soll 1608 vum Hans Lippershey entwéckelt gi sinn, nach ier de Galileo Galilei en e Joer méi spéit fir d'Stärenobservatioun gebraucht huet.

Dem Pierre Borel (≈ 1620 – 1671) no, sollen awer de Zacharias Janssen a säi Papp déi „richteg“ Erfinder vum Teleskop sinn (1610) an den Hans Lippershey hatt eréischt duerno en Teleskop gebaut, nodeem hie Kenntnes vun der Janssen-Erfindung kritt hat.[1]

Begrëff Teleskop

[änneren | Quelltext änneren]

De Begrëff Teleskop gëtt dacks weider verallgemengert op net-ofbildend Systemer wéi

Weider gëtt de Begrëff och fir optesch Baugruppe gebraucht, déi net dozou déngen, Géigestänn, déi wäit ewech sinn, z'observéieren. En Teleskop kann z. B. fir d'Vergréissere vum Stralenduerchmiesser vu Laserstrale gebraucht ginn, fir de Stral iwwer grouss Distanzen iwwerdroen ze kënnen oder deem seng Leeschtungsflossdicht ze verklengeren.

Teleskopenaarten

[änneren | Quelltext änneren]

Jee no dem Frequenzspektrum oder Wellelängteberäich vun der elektromagnéitescher Stralung ënnerscheet een tëscht:

Vun de Weltraumteleskopen ofgesinn, si s'op d'Wellelängte vun der astronomescher Fënster ugewisen, an deenen d'Stralung vun der Atmosphär vun der Äerd net oder wéineg absorbéiert gëtt. Eng méiglechst klimatesch dréche Plaz déi héich läit, ass dobäi vu Virdeel.

Bedeitend Teleskopen

[änneren | Quelltext änneren]

Teleskope fir siichtbaart Liicht

[änneren | Quelltext änneren]

Déi zurzäit[Wéini?] gréisst optesch Teleskope mat engem Haaptspigelduerchmiesser iwwer 8 m sinn:

Historesch bedeitend war ënner anerem:

Besonnesch Bauaarten

[änneren | Quelltext änneren]

Wat gehéiert zu engem Teleskop?

[änneren | Quelltext änneren]
 Commons: Teleskopen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Portal Astronomie

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Peter Borell. De vero Telescopii Inventore, cum brevi omnium conspiciliorum historia, Hague, 1655