Gran Telescopio Canarias

Vu Wikipedia
Gran Telescopio Canarias
Kuppelbau vum Gran Telescopio Canarias

De Gran Telescopio Canarias (GTC) ass en astronomescht Groussteleskop mat 10,4 m Spigelduerchmiesser um Roque de los Muchachos op der Kanareninsel La Palma. Gängeg Numm ass: GRANTECAN.

De GTC-Projet ass eng spuenesch Initiativ ënner Féierung vum Instituto de Astrofísica de Canarias. Weider Bedeelegunge kommen aus Mexiko duerch d'Institut fir Astronomie vun der Universidad Nacional Autónoma de México souwéi dem Instituto Nacional de Astrofísica, Óptica y Electrónica), an den USA duerch d'University of Florida. De Bau vun der Anlag kascht ronn 130 Milliounen Euro.

De GTC ass e Spigelteleskop mat aktiver Optik. Mat sengem Haaptspigel deen aus 36 sechseckegen Eenzelspigele besteet huet et déi selwecht Konzeptioun wéi d'Keck-Teleskop. De Spiegeldréier aus Zerodur-Glaskeramik gouf vun der Mainzer Schott AG fabrizéiert.

De GTC gëtt als Deel vum Roque de los Muchachos Observatoire opgeriicht. D'mechanesch Struktur vum Teleskop gouf Ufank 2005 fäerdeg. An der Nuecht vum 13. op de 14. Juli 2007 gouf am Kader vun enger Ouverture-Feier den Testbetrib opgeholl, allerdéngs eréischt mat 12 Spigelsegmenter. Komplettéiert gouf de Spigel mat dem Asetzen vum leschten Element den 12. August 2008.[1] D'feierlech Ouverture war de 24. Juli 2009 a Presenz vum spuenesche Kinnek Juan Carlos an der Kinnigin Sophia.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. The Gran Telescopio Canarias completes its primary mirror Gearchiveerd op 2010-02-11. Gekuckt de(n) 2011-11-09.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Gran Telescopio Canarias – Biller, Videoen oder Audiodateien