Keck-Observatoire
|
| |
| Typ | Astronomeschen Observatoire |
|---|---|
| Websäit | https://keckobservatory.org/ |
| Instrumenter | |
| Geographesch Situatioun | |
| Land | Vereenegt Staate vun Amerika |
| Regioun/Gemeng | Hawaii |
| Koordinaten | 19°49'34,68"N, 155°28'27,88"W |
| Héicht | 4.145 m |
|
| |

De W. M. Keck-Observatoire ass en Deel vum Mauna-Kea-Observatoire um 4.200 Meter héije Vulkanbierg Mauna Kea op der Insel Hawaii.
Am Observatoire stinn zwéi baugläich Spigelteleskopen, vun deene jiddwereen een aus 36 klenge, sechseckege Segmenter zesummegesaten Haaptspigel vun 10 m Duerchmiesser huet an déi bis Juli 2007 déi gréisst optesch Teleskope vun der Welt waren. Se goufe vun de Gran Telescopio Canarias ofgelésit, déi e Spigelduerchmiesser vun 10,4 m hunn. D'Spigelsupporte vun den Teleskope goufe vun der Schott AG zu Mainz aus Zerodur Glaskeramik gebaut. De Keck-I-Teleskop gouf 1993 a Betrib geholl, de Keck-II-Teleskop ass 1996 fäerdeg ginn. Déi zwéin Teleskope kënnen och zesummen als opteschen Interferometer gebraucht ginn. Keck-I a Keck-II hunn eng Adaptiv Optik.[1]
D'Grënnung geet op eng Stëftung vun der W. M. Keck Foundation an der Héicht vun 140 Milliounen US-Dollar zeréck. Den Observatoire gëtt vum California Institute of Technology, vun der University of California an der NASA zesumme bedriwwen.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Peter Wizinowich, et al.:Performance of the W.M. Keck Observatory Natural Guide Star Adaptive Optic Facility - the first year at the telescope. Proc. SPIE Vol. 4007, S.2-13, Adaptive Optical Systems Technology, 2007, Abstract@NASA ADS, pdf online
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Keck-Observatoire – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ About the current Keck AO systems keck.hawaii.edu, ofgeruff den 3. Mäerz 2011
