Caltech Submillimeter Observatory

Vu Wikipedia
De Caltech-Submillimeter-Observatoire
Säitlech eragekuckt

De Caltech-Submillimeter-Observatoire (ofgekierzt CSO) ass e Radioteleskop fir Wellelängte am Submillimeterberäich. De Primärspigel huet en Duerchmiesser vu 10,4 m. D'Teleskop steet an der Géigend vum 15 m James Clerk Maxwell submillimeter telescope (JCMT) a gehéiert zum Mauna-Kea-Observatoire.

CSO a JCMT goufen an den 1990er Jore versuchsweis zum éischte Submillimeter-Interferometer verbonnen. Den Erfolleg vun dësem Experiment huet de Grondsteen fir d'Entwécklung vu weideren Interferometere geluecht, besonnesch vum Submillimeter Array an dem Atacama Large Millimeter Array.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]