Mauna Kea-Observatoire
Als Mauna Kea-Observatoire ginn d'Teleskopen um Mauna Kea-Vulkan, der gréisster Insel vum Archipel op Hawaii bezeechent. Et sinn Teleskopen déi vu verschiddenen Universitéiten an Institutiounen aus 11 Natioune bedriwwe ginn. Den Observatoire deen op enger Héicht vu 4.200 Meter läit, ass ee vun de bedeitendsten astronomeschen Observatoire vun eiser Zäit.
|
D'Kuppele vum Subaru-Teleskope, déi zwéi Keck-Teleskopen an den IRTF um Mauna Kea | |
| Typ | Forschungsinstitut, Astronomeschen Observatoire |
|---|---|
| Datum vum Bau | 1968 |
| Opgaangen | 1956 |
| Websäit | https://www.maunakeaobservatories.org/ |
| Instrumenter | |
| Geographesch Situatioun | |
| Land | Vereenegt Staate vun Amerika |
| Regioun/Gemeng | Hawaii County |
| Koordinaten | 19°49'19,9"N, 155°28'29,6"W |
| Héicht | 4.205 m |
|
| |
D'Plaz vum Observatoire ass fir de Betrib ideal, well op där Héicht d'Loft schonn zimmlech dënn ass an extreem dréchen (eng Viraussetzung fir Infraroutastronomie), a well d'Spëtzt vum Bierg normalerweis iwwer de Wolleke läit. D'Qualitéit vun astronomesche Fotoen ass doduerch méi héich.
Tëscht 1968 an 1999 goufen am Ganzen néng Spigelteleskope fir den opteschen an infraroude Spektralberäich a Betrib geholl, dorënner den Gemini North- an de Subaru-Teleskop mat engem Haaptspigel vu jee aacht Meter Duerchmiesser, souwéi déi zwéin Teleskope vum W. M. Keck Observatoire, déi een (aus ville klenge sechseckege Segmenter zesummegesaten) Haaptspigel vun 10 Meter Duerchmiesser hunn a bis Juli 2007 déi gréisst optesch Teleskope vun der Welt duerstellen. Se goufe mam Gran Telescopio Canarias mat engem Spigelduerchmiesser vun 10,4 m ofgeléist. Déi béid Teleskope kënnen och zesummen als opteschen Interferometer bedriwwe ginn.
Nieft den opteschen Teleskope gëtt et och dräi Instrumenter fir de Submillimeter-Beräich (Mikrowellen). D'Submillimeter Array besteet aus aacht Antennen mat engem Duerchmiesser vu jee sechs Meter a gouf eréischt am Joer 2002 fäerdeg. Um Mauna-Kea steet och nach ee Radioteleskop vu 25 Meter Duerchmiesser, deen zesumme mat anere Radioteleskope weltwäit als radioastronomeschen Interferometer zum Asaz kënnt.
| Teleskop | Duerchmiesser | Aart | Bedreiwer | Zanter |
|---|---|---|---|---|
| UH 0.6m | 0,6 m | Optesch | Universitéit vun Hawaii | 1968 |
| UH 2.2m | 2,2m | Optesch/Infrarout | Universitéit vun Hawaii | 1970 |
| United Kingdom Infrared Telescope UKIRT | 3,8m | Infrarout | Groussbritannien | 1979 |
| NASA Infrared Telescope Facility IRTF | 3,0m | Infrarout | NASA | 1979 |
| Canada-France-Hawaii Telescope CFHT | 3,6m | Optesch/Infrarout | Kanada, Frankräich, Univ. Hawaii | 1979 |
| Caltech Submillimeter Observatory CSO | 10,4m | Submillimeter | Caltech, NSF | 1987 |
| James Clerk Maxwell Telescope JCMT | 15m | Submillimeter, Millimeter | Groussbritannien, Kanada, Holland | 1987 |
| Eng Antenn vum Very Long Baseline Array | 25m | Radio | NRAO, AUI, NSF | 1992 |
| Keck I | 10m | Optesch/Infrarout | Caltech, Universitéit vu Kalifornien | 1992 |
| Keck II | 10m | Optesch/Infrarout | Caltech, Universitéit vu Kalifornien | 1996 |
| Subaru-Teleskop | 8,2m | Optesch/Infrarout | NOAJ (Japan) | 1999 |
| Gemini-Nord | 8,1m | Optesch/Infrarout | Gemini-Observatoire | 1999 |
| Submillimeter Array SMA | 8 * 6m | Submillimeter-Interferometer | Smithsonian Astrophysical Observatory, Taiwan | 2002 |
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Mauna Kea-Observatoire – Biller, Videoen oder Audiodateien |
