Op den Inhalt sprangen

Gemini-Observatoire

Vu Wikipedia
Gemini-Observatoire
Typ Astronomeschen Observatoire
Proprietär National Science Foundation
Bedreiwer Observatiounsanlag
Datum vum Bau 1999
Opgaangen 1999
Websäit https://www.gemini.edu/
Instrumenter
Geographesch Situatioun
Sëtz Hilo
Koordinaten 19°49'25,7016"N, 155°28'8,6160"W
Héicht 4.213 m
Nërdlechen Gemini Teleskop um Mauna Kea

De Gemini-Observatoire bedreift op der Nord- an op der Südhallefkugel vun der Äerd zwéi grouss Spigelteleskope mat 8,1 m Haaptspigelduerchmiesser fir Observatiounen am visuellen an Infraroutliicht.

De Gemini-Observatoire ass en internationale kollektive Projet mat Bedeelegunge vun den USA (National Science Foundation (NSF) 51,4 %), vu Groussbritannien (Particle Physics and Astronomy Research Council (PPARC) 22,9 %), vu Kanada (National Research Council NRC 12,9 %), vum Chile (Comisión Nacional de Investigación Cientifica y Tecnológica CONICYT 3,6 %), vun Australien (Australian Research Council ARC 4,6 %), vun Argentinien (Consejo Nacional de Investigaciones Científicas y Técnicas CONICET 2,3 %) a vu Brasilien (Conselho Nacional de Desenvolvimento Científico e Tecnológico CNPq 2,3 %).

Fir souwuel den Nord- wéi och de Südhimmel observéieren ze kënnen, goufen zwéin Teleskope vun der 8m-Klass gebaut. Den nërdlechen Teleskop ass als Deel vum Mauna-Kea-Observatoire op der Insel Hawaii (Koordinaten: 19° 49’ 25.96’’ N 155° 28’ 11.39’’ W) an de südleche steet um Cerro Tololo am Chile (Koordinaten: 30° 14’ 26.70’’ S 70° 44’ 12.09’’ W). D'Teleskope sinn an de Joren 2000 (Gemini-Nord) an 2002 (Gemini-Süd) an de wëssenschaftleche Betrib gaangen. Den Haaptquartéier ass zu Hilo um Terrain vun der Universitéit vun Hawaii. Déi zwéin Teleskope si fräi fir d'Astronomen aus deene 7 Länner.

Portal Astronomie

 Commons: Gemini-Observatoire – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]