La Silla-Observatoire

Vu Wikipedia
De La-Silla-Observatoire
Véier Teleskopen op La Silla. Vu vir no hannen: 2,2-m; Schmidt; NTT, 3,6-m.

De La-Silla-Observatoire um 2.400 m héije Bierg La Silla war den éischten Observatoire vum ESO am Chile, zu deem an der Tëschenzäit e weideren Observatoire um Cerro Paranal derbäikoum.

Scho virun der offizieller Grënnung vun der ESO 1964 war d'Sich no enger villverspriechender Standplaz fir een astronomeschen Observatoire op der Südhallefkugel vun der Äerd ugelaf. No enger Sich a Südafrika hat sech awer séier d'Interessi op eng Standplaz no bei der Küst vum nërdleche Chile fonnt. D'Entscheedung ass op de Bierg Cinchado ongeféier 160 km nërdlech vu La Serena gefall, deen no senger Form och La Silla (spuen. de Suedel) genannt gëtt. D'Plaz vum ESO-Observatoire hat hir Ouverture am Joer 1969.

Op La Silla gëtt et vill Teleskopen déi zum Deel vum ESO selwer, zum Deel awer och vun aneren Instituter an Universitéite bedriwwe goufen a ginn. Vill kleng Teleskope sinn an der Tëschenzäit ausser Betrib, La Silla spillt awer och am Kader vum Very Large Telescope vum Paranal-Observatoire vun der ESO eng wichteg Roll.

Teleskopen op La Silla
Teleskop Duerchmiesser Aart Bemierkungen
ESO 3.6m 3,6 m Optesch/Infrarout ESO, zanter 1976 (zanter 2003 mat dem HARPS[1] ausgerëscht)
New Technology Telescope NTT 3,5 m Optesch/Infrarout ESO, zanter 1989
2.2m 2,2 m Optesch/Infrarout Geléint vun der MPG, zanter 1984
ESO 1.52m 1,52 m ESO, zanter 2002 ausser Betrib[2]
Danish 1.5m 1,5 m Dänemark, 1979
Coudé Auxiliary Telescope CAT 1,4 m Hëllefsteleskop fir de Coudéspektrograph vum ESO 3,6m ESO, zanter 2006 am Observatoire Lund
Geneva 1.2m 1,2 m Sich no Exoplanéiten Schwäiz
Schmidt-Teleskop 1m ESO, 1971, am Ëmbau
ESO 1m 1 m speziell fir Photometrie ESO, ausser Betrib
DENIS 1 m speziell fir Himmelsduerchmusterung am Infrarout Frankräich
Marly 1m 1 m EROS-Projet Frankräich, ausser Betrib
Dutch 90 cm 0,9 m Holland, 1979, ausser Betrib
Bochum-Teleskop 0,61 m Univ. Bochum, 1968, ausser Betrib
ESO 50 cm 0,5 m ESO, 1971, ausser Betrib
Danish 50 cm 0,5 m Dänemark, 1971, ausser Betrib
Grand Prism Objectif GPO ESO, 1968, ausser Betrib
Marseille 40 cm 0,4 m Frankräich, ausser Betrib
Swedish ESO Submillimeter Telescope SEST 15 m Submillimeter/Millimeter Schweden, ESO, 1987, ausser Betrib

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. HARPS: The Planet Hunter
  2. ESO: The ESO 1.52m Telescope