Europäesche Südobservatoire

Vu Wikipedia

D'Europäesch Organisatioun fir astronomesch Fuerschung an der südlecher Hemispher oder a Kuerzform Europäesche Südobservatoire, ESO, ass en europäescht Fuerschungsinstitut, dat Teleskopen a Südamerika bedreift.

Very Large Telescope (VLT) vun der ESO.

Entdeckungen[änneren | Quelltext änneren]

D'Observatiounsariichtunge vum ESO hunn der Astronomie zu villen Entdeckunge verhollef a mat derzou bäigedroen e puer Lëschte mat astronomesche Katalogen opzestellen.

Ënner anerem gouf vun ESO-Observatoiren de Gammablëtz entdeckt deen am wäitste vun ons ewech ass, souwéi Beweiser fir d'Existenz vun engem Schwaarze Lach am Zentrum vun eiser Mëllechstrooss fonnt.

Am Joer 2004 konnt mat Hëllef vum Very Large Telescope am Paranal-Observatoire dat éischt Bild vun engem extrasolare Planéit (2M1207 b) opgeholl ginn. Zanterhier konnte mam Spektrograph HARPS nach weider extrasolar Planéiten entdeckt ginn.

Mat dem Very Large Telescope gouf och déi Galaxis entdeckt déi am wäitste vun ons ewech ass, d'Abell 1835 IR1916.

Institutiounen[änneren | Quelltext änneren]

Observatiounsplazen[änneren | Quelltext änneren]

An der chileenescher Atacamawüst bestinn ausgezeechent klimatesch Bedingunge fir astronomesch Observatiounen, eng dréchen Atmosphär a wéineg Loftstréimungen. Aus deem Grond hat d'ESO déi Plaz fir hir Ariichtunge gewielt:

D'Zentral vun der ESO mat hirer Verwaltung an Entwécklung ass zu Garching bei München.

Installéiert Teleskopen an Instrumenter[änneren | Quelltext änneren]

Teleskopen op La Silla.

Dat am Moment bekanntst Teleskop vun der ESO ass de Very Large Telescope (VLT) am Paranal-Observatoire, Et besteet aus 4 „Unit Telescopes“ mat engem Haaptspigelduerchmiesser vun 8,2  m. Véier weider Hëllefsteleskope mat engem Spigelduerchmiesser vun 1,8 m goufe speziell fir Interferometrie entwéckelt. Si sinn domat e wichtege Bestanddeel vum VLTI (VLT Interferometer), mat deem sech e puer Teleskopen zesummeschalte loossen, fir nach méi genee Observatiounsresultater ze kréien.

Donieft gëtt et am La-Silla-Observatoire nach dräi Teleskope mat Haaptspigelduerchmiesser vun 1 m bis 3,6 m. Do steet zum Beispill och dat Schwäizer Geneva-1.2 m-Teleskop, dat reng fir d'Sich no Exoplanéite gebraucht gëtt.

Op dem iwwer 5.000 m héije Plateau vum Llano de Chajnantor ass zurzäit d'Atacama Pathfinder Experiment (APEX) installéiert.

Zukünfteg Teleskopen an Instrumenter[änneren | Quelltext änneren]

Eng Studie vum 42-m E-ELT. Zum Gréisstevergläich, riets de Schutzmantel vun engem Teleskop VLT

Momentan gëtt op dem Llano de Chajnantor zesumme mat aneren Organisatiounen aus den USA a Japan de Mikrowellen-Interferometer ALMA opgeriicht.

Fir d'Zukunft plangt d'ESO schonn un engem 30 m bis 60 m-Spigelteleskop mat dem Aarbechtsnumm European Extremely Large Telescope (E-ELT). Déi aktuell (2009) favoriséiert Planungsvariant baséiert op engem 42 m-Spigel mat adaptiver Optik, déi géintiwwer den Teleskope vum VLT déi honnertfach Empfindlechkeet bidde soll. D'Decisioun iwwer d'Plaz soll 2010 geholl ginn.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Organisatioun gouf am Joer 1962 gegrënnt[1], fir europäeschen Astronomen Observatiounsméiglechkeeten um Südstärenhimmel ze verschafen. 1980 ass d'ESO vun hirem deemolege Sëtz zu Genf op Garching bei München geplënnert. Dat haitegt Gebai ass e Geschenk vun der däitscher Bundesrepublik. Wéi den CERN ass d'ESO als internationaalt Institut net e Sujet vun nationaler Rechtsspriechung, mä huet e quasi-diplomatesche Status. Zudeem gëtt et Statiounen am Chile, ee grousse Bürokomplex zu Santiago, an zwéi kleng regional Büroen zu Antofagasta a La Serena. Dozou kommen déi uewe beschriwwen Observatoiren.

Memberstaaten[änneren | Quelltext änneren]

D'ESO huet 14 Memberstaaten:

Belsch, Däitschland, Frankräich, Holland, Schweden, Dänemark (zanter 1967), Italien (zanter 1982), CHECHE Schwäiz (zanter 1982), Portugal (zanter 2001), Vereenegt Kinnekräich (zanter 2002), Finnland (zanter 1. Juli 2004), Spuenien (zanter 2006), Tschechesch Republik (zanter 1. Januar 2007) an Éisträich (zanter 1. Juli 2008)[2].

D'Gaaschtnatioun vun den Observatoiren, Chile, ass net Member, déi chileenesch Astronomen hunn awer d'Méiglechkeet och do ze schaffen.

Generaldirektere vun der ESO[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Einzelnachweise[änneren | Quelltext änneren]

  1. Übereinkommen zur Gründung einer Europäischen Organisation für Astronomische Forschung in der Südlichen Hemisphäre Gearchiveerd op 2011-09-01. Gekuckt de(n) 2010-01-20.
  2. http://www.astronews.com/news/artikel/2008/07/0807-002.shtml
Commons: European Southern Observatory Images – Biller, Videoen oder Audiodateien