CERN

Vu Wikipedia

Den CERN, déi Europäesch Organisatioun fir Kärfuerschung, ass eng Groussfuerschungsariichtung bei Meyrin am Kanton Genf an der Schwäiz.

Den Akronym CERN leet sech vum franséischen Numm vum Rot of, dee mat der Grënnung vun der Organisatioun beopdragt war, dem Conseil Européen pour la Recherche Nucléaire. Déi offiziell Nimm vum CERN sinn European Organization for Nuclear Research am Engleschen, respektiv Organisation Européenne pour la Recherche Nucléaire am Franséischen.[1]

Am CERN gëtt physikalesch Grondlagefuerschung bedriwwen, bekannt ass et virun allem fir seng grouss Deelchebeschleuneger.

Zur Zäit huet de CERN 20 Memberstaaten. Mat senge ronn 3.150 Mataarbechter (Stand: 31. Dezember 2010)[2] ass de CERN dat weltgréisst Fuerschungszentrum um Gebitt vun der Deelerchersphysik. Iwwer 10.000 Gaaschtwëssenschaftler[2] aus 85 Natioune schaffen un CERN-Experimenter. De Joresbudget vum CERN war am Joer 2010 ongeféier 1,11 Milliarde Schwäizer Frang (zirka 850 Milliounen Euro).[3]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Hannelore Dittmar-Ilgen: 50 Jahre CERN – Ein Beitrag Europas für die Zukunft. In: Naturwissenschaftliche Rundschau. 57, 12, Stuttgart 2004, S. 653–660.
  • Rolf Landua: Am Rande der Dimensionen. Gespräche über die Physik am CERN. Suhrkamp, Frankfurt am Main 2008, ISBN 3-518-26003-0.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: CERN – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. http://public.web.cern.ch/public/en/About/Name-en.html
  2. 2,0 2,1 CERN - Human Resources Department: CERN Personnel Statistics 2010. März 2011 (PDF)
  3. CERN - Resources Planning and Control: Member States Contributions to the CERN budget – 2010. (PDF)