Nobelpräis

Vu Wikipedia
Den Alfred Nobel

Den Nobelpräis ass eng Auszeechnung déi vum schweedeschen Erfinder an Industriellen Alfred Nobel gestëft gouf, an zanter 1901 all Joer ausgedeelt gëtt.

A sengem Testament vun 1895 huet hie festgeluecht datt mat sengem Verméigen eng Stëftung sollt gegrënnt ginn, där hir Zënsen als Präis deene sollt zougedeelt ginn, déi am vergaangene Joer der Mënschheet de gréissten Notze bruecht hunn. D'Geld sollt zu fënnef gläichen Deeler op d'Gebidder Physik, Chimie, Physiologie oder Medezin, Literatur a fir Beméiunge fir de Fridden verdeelt ginn.

D'Nobelstëftung gouf den 29. Juni 1900 gegrënnt, véier Joer nom Doud vum Alfred Nobel an déi éischt Präisser sinn 1901 verdeelt ginn. Den Nobelpräis gëllt haut als déi héchst Auszeechnung an deene betraffenen Disziplinnen. D'Gewënner vum Nobelpräis ginn am Oktober proklaméiert a kréien hire Präis den 10. Dezember, dem Doudesdag vum Alfred Nobel, iwwerreecht. De Friddensnobelpräis gëtt zu Oslo iwwerreecht, all aner Präisser vum schweedesche Kinnek zu Stockholm.

Als Erënnerung un den Alfred Nobel huet déi Schweedesch Räichsbank 1968 fir hiren 300-järege Jubiläum e Präis an der Ekonomie gestëft. Dëse Präis gouf 1969 fir d'éischt verginn. E gëtt ëmmer zesumme mat den Nobelpräisser verginn, ass geneesou héich dotéiert an d'Präisdréier ginn no de selwechte Krittären erausgesicht. Doduerch gëtt en dacks als Nobelpräis fir d'Ekonomie bezeechent, obwuel dat ëmstridden ass.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Nobelpräis – Biller, Videoen oder Audiodateien