Präis vun der Schweedescher Räichsbank fir Ekonomie

Vu Wikipedia
Pressekonferenz bei der Präisverdeelung 2011

De Präis vun der Schweedescher Räichsbank fir Ekonomie ((se)Sveriges Riksbanks pris i ekonomisk vetenskap till Alfred Nobels minne, wuertwiertlech “Präis vun der Schweedescher Räichsbank fir Ekonomie als Erënnerung un den Alfred Nobel”) ass e Präis deen déi Schweedesch Räichsbank (Zentralbank) 1968 fir hiren 300-järege Jubiläum gestëft huet an deen 1969 fir d'éischt vergi gouf.

De Präis gëtt all Joer enger oder méi Persoune fir hiren aussergewéinleche Bäitrag am Beräich vun der Ekonomie zougedeelt. E gëtt ëmmer zesumme mat den Nobelpräisser verginn, ass geneesou héich dotéiert an d'Präisdréier ginn no de selwechte Krittären erausgesicht. Doduerch gëtt en dacks als “Nobelpräis fir d'Ekonomie” bezeechent, obwuel e keen Nobelpräis ass[1].

Grad wéi d'Nobelpräisser fir Physik a Chimie gëtt e vun der Kinneklech Schweedescher Akademie vun de Wëssenschaften iwwerreecht.

De Präis war 2018 mat 9 Millioune Schweedesch Krounen dotéiert, am Ament(Dezember 2018) ronn 777.000 Euro.

Präisdréier[änneren | Quelltext änneren]

Eng däitlech Majoritéit vun de Präisdréier staamt aus den USA. Besonnesch staark vertruede ware bis elo d'Ekonomiste vun der Universitéit Chicago, vun där am Ganzen zéng Laureate koumen. An de Joren 1990 bis 1993 koum souguer all Joer ee vun de Laureate vun dëser Uni. Och aner amerikanesch Universitéite si ganz staark vertrueden: fënnef Laureate koume vun der University of California an allkéiers véier Präisdréier koume vun der Columbia University, Princeton University, Harvard University an dem Massachusetts Institute of Technology (MIT).

Bis elo ass de Präis bal nëmmen u Männer verdeelt ginn. D'Elinor Ostrom ass déi eenzeg Fra déi bis elo (am Joer 2009) mam Präis ausgezeechent gouf.

Den Herbert A. Simon war 1978 den éischten Net-Ekonomist, deen dëse Präis iwwerreecht krut. Hien huet säi PhD an de Politikwëssenschafte gemaacht, säin Afloss an der Ekonomie ass awer bedeitend.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Lëscht vun de Laureate vum Präis vun der Schweedescher Räichsbank fir Ekonomie.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Präis vun der Schweedescher Räichsbank fir Ekonomie – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. "The Prize in Economic Sciences is not a Nobel Prize" op nobelprize.org, der offizieller Websäit vum Nobelpräis, fir d'lescht gekuckt den 30. Dezember 2018