Alfred Nobel

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Alfred Nobel

Den Alfred Bernhard Nobel, gebuer den 21. Oktober 1833 zu Stockholm (Schweden) a gestuerwen den 10. Dezember 1896 zu San Remo (Italien), war e schwedesche Chemiker, Erfinder an Industriellen. Bis zu sengem Doud hat hien am Ganzen 355 Patenter a sengem Besëtz.

Den Alfred Nobel war als Jong vun engem Industriellen an Erfinder (ënner anerem d'Spärholz), de gréissten Deel vu senger Jugend zu Sankt Péitersbuerg, wou säi Papp fir d'Rëschtungsindustrie geschafft huet. Nom Enn vum Krimkrich, dee Russland verluer huet, ass sengem Papp seng Firma zesummegebrach an d'Famill ass zréck a Schweden geplënnert.

A Schweden huet den Alfred Nobel nom Doud vu sengem Papp, deem säi Laboratoire iwwerholl, an deem hien d'Initialzündung mat Zündkapselen an der Sprengstofftechnik erfonnt huet.

1867 huet hien aus dem héichempfindlechen a schwéier tranportéierbaren Nitroglyzerin duerch Zousaz vu saugfäheger Kiseläerd den Dynamit erfonnt. 1873 ass hien op Paräis geplënnert, wo hien 1875 d'Sprenggelatine erfonnt huet, déi hien 1880 zum Ballistit, e Sprengpolver dee praktesch keen Damp produzéiert, weiderentwéckelt huet.

Nodeems hien a Frankräich der Spionage beschëllegt, an him all Zort vu weideren Experimenter verbuede gouf, huet hie sech op San Remo an eng Villa zréckgezunn, wou hien 1896 am Alter vun 63 Joer gestuerwen ass, als Proprietaire vun 350 Patenter an als ee vun de räichste Männer vu San Remo.

Hien huet säi Verméigen enger Stëftung vermaach, déi vun 1901 un all Joer d'Nobelpräisser fir besonnesch Leeschtungen an der Physik, der Chimie, der Medezin, der Literatur an am Déngscht vum Fridde verdeelt.

Den Adjektiv "nobel" fir "houfreg" (dt.:vornehm) huet, entgéint deem wat munnechmol ugeholl gëtt, näischt mam Alfred Nobel ze dinn an ass net vun him ofgeleet.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Alfred Nobel – Biller, Videoen oder Audiodateien