Lëscht vu Cheemiker
Ausgesinn
Dës Lëscht vu Cheemiker ass en Deel vun de Referenztabellen.
A
[änneren | Quelltext änneren]- Emil Abderhalden, (1877–1950), Schwäizer Cheemiker
- Richard Abegg, (1869–1910), däitsche Cheemiker
- Peter Agre (* 1942), US-amerikanesche Cheemiker a Dokter, 2003 Laureat vum Nobelpräis an der Chimie
- Arthur Aikin, (1773–1855), englesche Cheemiker a Mineralogist
- Kurt Alder (1902 –1958), däitsche Cheemiker, 1950 Laureat vum Nobelpräis an der Chimie
- Sidney Altman (1939–2022), kanadesch-US-amerikanesche Physiker a Cheemiker, 1989 Laureat vum Nobelpräis an der Chimie
- Christian B. Anfinsen, (1916–1995), US-amerikanesche Biocheemiker, 1972 Laureat vum Nobelpräis an der Chimie
- Richard Anschütz, (1852–1937), däitsche Cheemiker, huet als Éischten Anthracène a Coumarine syntheetiséiert
- Johan August Arfwedson, (1792–1841), schweedesche Cheemiker, Entdecker vum Lithium
- Svante Arrhenius, (1859–1927), schweedesche Cheemiker a Physiker, 1903 Laureat vum Nobelpräis an der Chimie
- Camille Aschman, (1857–1921), lëtzebuergeschen Apdikter, Chemiker a Fotograf
- Francis William Aston, brittesche Physiker a Cheemiker, 1922 Laureat vum Nobelpräis an der Chimie
- Amedeo Avogadro, (1776–1856), italieenesche Physiker a Cheemiker
- Carl Auer von Welsbach, (1858–1929), éisträichesche Cheemiker, Entdecker vum Neodym, Praseodym, Ytterbium a Lutetium
B
[änneren | Quelltext änneren]- Leo Hendrik Baekeland, (1863–1944), belsch-US-amerikanesche Cheemiker, Erfinder vum Bakelit
- Antoine-Jérôme Balard, (1802–1876), franséische Cheemiker an Apdikter, Entdecker vum Brom, 1,2-Dibromoethan, vun der Hypochloritsaier (HClO) an der Oxamechsaier (H2NCO-COOH)
- Eugen Bamberger, (1857– 1932), däitsche Cheemiker
- Philippe Barbier, (1848–1922), franséische Cheemiker
- Neil Bartlett, (1932–2008), brittesche Cheemiker
- Sir Derek Barton, (1918–1998), brittesche Cheemiker, 1969 Laureat vum Nobelpräis an der Chimie
- Antoine Baum, (1728–1804), franséische Cheemiker
- Dante Bernabei, (1936–2021), lëtzebuergesche Cheemiker a Linguist
- Claude Louis Berthollet, (1748–1822), franséische Cheemiker
- Jöns Jakob Berzelius, (1779–1848), schweedesche Cheemiker, Entdecker vum Zirconium, Titan, Silicium, Selen, Thorium, Cer
- Joseph Black, (1728–1799), schottesche Physiker a Cheemiker
- Carl Bosch, (1872–1940), däitsche Cheemiker
- Robert Boyle, (1627–1691), iresche Cheemiker a Physiker
- Henri Braconnot, (1780–1855), franséische Cheemiker a Pharmakolog
- Hennig Brand, (ëm 1630–1692), däitschen Alchimist, Entdecker vum Phosphor
- Georg Brandt, (1694–1768), schweedesche Cheemiker, Entdecker vum Kobalt
- Johannes Nicolaus Brønsted, (1879–1947), dänesche Cheemiker
- Eduard Buchner, (1860–1917), däitsche Cheemiker, Laureat vum Nobelpräis an der Chimie (1907)
- Robert Wilhelm Bunsen, (1811–1899), däitschen Erfinder a Cheemiker
C
[änneren | Quelltext änneren]- Melvin Calvin, (1911–1997), US–amerikanesche Cheemiker, Laureat vum Nobelpräis an der Chimie (1961)
- Georg Ludwig Carius, (1829–1875), däitsche Cheemiker
- Heinrich Caro, (1834–1910), däitsche Cheemiker
- Wallace Carothers, (1896–1937), US-amerikanesche Cheemiker
- Henry Cavendish, (1731–1810), brittesche Wëssenschaftler, Entdecker vum Waasserstoff
- Yves Chauvin, (1930–2015), franséische Cheemiker, 2005 Laureat vum Nobelpräis an der Chimie
- Elias James Corey, (*1928), US-amerikanesche Cheemiker, 1990 Laureat vum Nobelpräis an der Chimie
- Marie Curie, (1867–1934), polnesch-franséisch Cheemikerin a Physikerin , 1903 Laureatin vum Nobelpräis an der Physik a vum 1911 Nobelpräis an der Chimie (1911)
- Pierre Curie, (1859–1906), franséische Physiker, Entdecker vum Radium, Polonium, 1903 Laureat vum Nobelpräis an der Physik
- Robert Curl, (*1933), US-amerikanesche Cheemiker, 1996 Laureat vum Nobelpräis an der Chimie
- Theodor Curtius, (1857–1928), däitsche Cheemiker
- William Crookes (1832–1919), brittesche Cheemiker, Entdecker vum Thallium
- Paul Crutzen , (1933–2021), hollännesche Meteorolog, Cheemiker, 1995 Laureat vum Nobelpräis an der Chimie
D
[änneren | Quelltext änneren]- John Dalton, (1766–1844), brittesche Cheemiker a Physiker
- Carl Peter Henrik Dam, (1895–1976), dänesche Cheemiker, 1943 Laureat vum Nobelpräis fir Physiologie oder Medezin
- Humphry Davy, (1778–1829), brittesche Cheemiker, Entdecker vum Natrium, Kalium, Calcium, Strontium, Barium, Magnesium
- Peter Debye, (1884–1966), hollännesche Cheemiker a Physiker
- Sir James Dewar, (1842–1923), brittesche Cheemiker
- François Diederich, (1952–2020), lëtzebuergesche Cheemiker
- Otto Diels, (1876–1954), däitsche Cheemiker, 1950 Laureat vum Nobelpräis an der Chimie
- Edward Doisy, (*1893), US-amerikanesche Cheemiker, 1943 Laureat vum Nobelpräis fir Physiologie oder Medezin
- Davorin Dolar, (1921–2005), sloweenesche Cheemiker
- Jean Baptiste Dumas, (1800–1884), franséische Cheemiker
E
[änneren | Quelltext änneren]- Paul Ehrlich, (1854–1915), däitsche Cheemiker, 1908 Laureat vum Nobelpräis fir Physiologie oder Medezin
- Arthur Eichengrün, (1867–1949), däitsche Cheemiker
- Manfred Eigen, (1927–2019), däitsche Cheemiker, 1967 Laureat vum Nobelpräis an der Chimie
- Fausto Elhuyar, (1755–1833), spuenesche Cheemiker, Entdecker vum Wolfram
- Emil Erlenmayer, (1825–1909), däitsche Cheemiker
- Richard R. Ernst, (1933–2021), Schwäizer Cheemiker, 1991 Laureat vum Nobelpräis an der Chimie
- Hans von Euler-Chelpin, (1873–1964), schweedesche Cheemiker, 1929 Laureat vum Nobelpräis an der Chimie
F
[änneren | Quelltext änneren]- Gustave Faber, (1880–1972), lëtzebuergesche Cheemiker
- Michael Faraday (1791–1867), brittesche Cheemiker a Physiker, Entdecker vum Benzol
- Hans Fischer, (1881–1945), däitsche Cheemiker a Medezinner
- Emil H. Fischer, (1852–1919), däitsche Cheemiker, 1902 Laureat vum Nobelpräis an der Chimie
- John B. Fenn, ( 1917– 2010), US-amerikanesche Cheemiker, 2002 Laureat vum Nobelpräis an der Chimie
- Rosalind Elsie Franklin (1920–1958), brittesch Cheemikerin
G
[änneren | Quelltext änneren]- Johan Gadolin, (1760–1852), finnesche Cheemiker, Entdecker vum Yttrium
- Joseph Louis Gay-Lussac, (1778–1850), franséische Physiker a Cheemiker
- Charles Goodyear, (1800–1869), US-amerikanesche Cheemiker, Erfinder an Amateurfuerscher, Erfinder vum Gummi an Entwéckler vun der Vulkanisatioun
- Robert H. Grubbs (1942–2021), US-amerikanesche Cheemiker, 2005 Laureat vum Nobelpräis an der Chimie
H
[änneren | Quelltext änneren]- Alan J. Heeger (1936–2023), US–amerikanesche Cheemiker a Physiker, 2000 Laureat vum Nobelpräis an der Chimie
- Albert Hofmann, (1906–2008), Schwäizer Cheemiker, Entdecker vum LSD
I
[änneren | Quelltext änneren]- Clara Immerwahr (1870–1915), däitsch Cheemikerin
J
[änneren | Quelltext änneren]- Irène Joliot-Curie, (1897–1956), franséische Cheemikerin an Physikerin, Entdeckerin von der kënschtlescher Radioaktivität, 1935 Laureatin vum Nobelpräis an der Chimie
K
[änneren | Quelltext änneren]- Friedrich August Kekulé von Stradonitz (1829–1896), däitsche Cheemiker
- Jean-Claude Kihn, lëtzebuergesche Cheemiker a Manager
- Dolphe Kutter (*1932), lëtzebuergesche Cheemiker
L
[änneren | Quelltext änneren]- Paul Christian Lauterbur, (1929–2007), US-amerikanesche Cheemiker a Radiolog, 2003 Laureat vum Nobelpräis fir Physiologie a Medezin, fir d'Entwécklung vun der Magnéitresonanztomographie
- Antoine Laurent de Lavoisier (1743–1794), franséische Cheemiker, Papp vun der moderner Chimie
- Paul Émile Lecoq de Boisbaudran, (1838–1912), franséische Cheemiker, Entdecker vum Gallium, Samarium, Dysprosium
- Jean-Marie Lehn, (*1939), franséische Cheemiker, 1987 Laureat vum Nobelpräis an der Chimie
- Justus von Liebig, (1803–1873), däitsche Cheemiker
- William Nunn Lipscomb, (1919–2011), US-amerikanesche Cheemiker, 1976 Laureat vum Nobelpräis an der Chimie
M
[änneren | Quelltext änneren]- Pierre Medinger, (1879–1940), lëtzebuergesche Cheemiker a Forensiker
- Dmitri Iwanowitsch Mendelejew (1834–1907), russesche Cheemiker
- Jean Meyer, (1837–1917), lëtzebuergeschen Apdikter a Cheemiker
- Lothar Meyer, (1830–1895), däitsche Cheemiker a Dokter, Periodesystem vun den Elementer
- Stanley Lloyd Miller (1930–2007), US-amerikanesche Cheemiker
- Carl Gustav Mosander, (1797–1858), schweedesche Cheemiker, Entdecker vum Erbium, Lanthan, Terbium
N
[änneren | Quelltext änneren]- Ei-ichi Negishi, (1935–2021), japanesche Cheemiker, 2010 Laureat vum Nobelpräis an der Chimie
- Alfred Nobel, (1833–1896), schweedesche Cheemiker, Erfinder vum Dynamit, Stëftung vum Nobelpräis
O
[änneren | Quelltext änneren]- George A. Olah, (1927–2017), US-amerikanesche Cheemiker, 1994 Laureat vum Nobelpräis an der Chimie
P
[änneren | Quelltext änneren]- Linus Carl Pauling, (1901–1994), US-amerikanesche Cheemiker
- Joseph Louis Proust (1754–1826), franséische Cheemiker
Q
[änneren | Quelltext änneren]R
[änneren | Quelltext änneren]- Venkatraman Ramakrishnan (* 1952), brittesch-US-amerikanesche Biolog, 2009 Laureat vum Nobelpräis an der Chimie
- William Ramsay (1852-1916), schottesche Cheemiker, huet sech vill mat den Eedelgase beschäftegt. Entdecker vum Helium, Neon, Krypton, Xenon, Argon
- Sir Henry Enfield Roscoe, (1833–1915), brittesche Cheemiker, Entdecker vum Vanadium
- Daniel Rutherford, (1749–1819), schottesche Physiker, Cheemiker a Botaniker, Entdecker vum Stéckstoff
S
[änneren | Quelltext änneren]- Paul Sabatier, (1854–1941), franséische Cheemiker, 1912 Nobelpräis an der Chimie
- Maks Samec, (1844–1889), slowenesche Cheemiker
- Frederick Sanger, (1918–2013), brittesche Cheemiker, 1958 Laureat vum Nobelpräis an der Chimie
- Carl Wilhelm Scheele, (1742–1786), däitsch-schweedesche Cheemiker, Entdecker vum Sauerstoff, Chlor, Molybdän, Wolfram
- Richard R. Schrock, (*1945), däitsche Cheemiker, 2005 Laureat vum Nobelpräis an der Chimie
- Glenn T. Seaborg, (1912–1999), US-amerikanesche Cheemiker, 1951 Laureat vum Nobelpräis an der Chimie
- Pierre Seck, (*1945), lëtzebuergesche Cheemiker
- Nils Gabriel Sefström, (1787–1845), schweedesche Cheemiker
- Nikolay Nikolayevich Semyonov, (1896–1986), sowjetesche Cheemiker a Physiker, 1956 Laureat vum Nobelpräis an der Chimie
- Israel Shahak, (1933–2001), israeelesche Cheemiker
- K. Barry Sharpless, (*1941), zweemol Laureat vum Nobelpräis an der Chimie (2001, 2022)
- Osamu Shimomura (1928–2018), japanesche Cheemiker a Biolog, 2008 Laureat vum Nobelpräis an der Chimie
- Oktay Sinanoglu, (1935–2015), tierkesche Cheemiker
- S.P.L. Sørensen, (1868–1939), dänesche Cheemiker
- Frederick Soddy, (1877–1956), brittesche Cheemiker, 1921 Laureat vum Nobelpräis an der Chimie
- Ernest Gaston Joseph Solvay, (1838–1922), belsche Cheemiker, Industriellen a Philanthrop
- Wendell Meredith Stanley, (1904–1971), US–amerikanesche Cheemiker a Virolog, 1946 Laureat vum Nobelpräis an der Chimie
- Branko Stanovnik, (*1938), slowenesche Cheemiker
- Hermann Staudinger, (1881–1965), däitsche Cheemiker, 1953 Laureat vum Nobelpräis an der Chimie
- Alfred Stock, (1876–1946), däitsche Cheemiker
- Gilbert Stork, (1921–2017), US-amerikanesche Cheemiker
- Charles (Karl) Stammer, (1828–1893), lëtzebuergesche Cheemiker
- Fritz Straßmann (1902–1980), däitsche Cheemiker
- Theodor Svedberg, (1884–1971), schweedesche Cheemiker, 1926 Laureat vum Nobelpräis an der Chimie
T
[änneren | Quelltext änneren]- Ida Eva Tacke, (1896–1978), däitsch Cheemikerin, Entdeckerin vum Rhenium
- Smithson Tennant, (1761–1815), brittesche Cheemiker, Entdecker vum Osmium an Iridium
- Sidney Gilchrist Thomas, (1850–1885), brittesche Cheemiker an Erfinder
- Morris William Travers, (1872–1961), brittesche Cheemiker, Entdecker vum Neon, Krypton an Xenon
U
[änneren | Quelltext änneren]- Georges Urbain, (1872–1938), franséische Cheemiker, Entdecker vum Ytterbium a Lutetium
V
[änneren | Quelltext änneren]- Louis Nicolas Vauquelin, (1763–1829), franséischen Apdikter a Cheemiker, Entdecker vum Beryllium a Chromium
- Jacobus Henricus van 't Hoff, (1852–1911), hollännesche Cheemiker, 1901 Laureat vum Nobelpräis an der Chimie
- Victor Villiger, (1868–1934), däitsche Cheemiker
W
[änneren | Quelltext änneren]- Johannes Diderik van der Waals, (1837–1923), hollännesche Cheemiker
- John Ernest Walker, (*1941), brittesche Cheemiker, 1997 Laureat vum Nobelpräis an der Chimie
- René Weiss, (1915–2001), lëtzebuergesche Cheemiker
- Alfred Werner, (1866–1919), Schwäizer Cheemiker, 1913 Laureat vum Nobelpräis an der Chimie
- Heinrich Otto Wieland (1877–1957), däitsche Cheemiker, 1927 Laureat vum Nobelpräis an der Chimie
- Harvey W. Wiley, (1844–1930), US-amerikanesche Cheemiker
- Sir Geoffrey Wilkinson, (1921–1996), brittesche Cheemiker, 1973 Laureat vum Nobelpräis an der Chimie
- Alphonse Willems, (1896–1976), lëtzebuergesche Cheemiker
- Georg Wittig, (1897–1987), däitsche Cheemiker, 1979 Laureat vum Nobelpräis an der Chimie
- Friedrich Woehler, (1800–1882), däitsche Cheemiker
- William Hyde Wollaston, (1766–1828), brittesche Cheemiker, Physiker an Dokter, Entdecker vun Palladium, Rhodium
- Robert B. Woodward, US-amerikanesche Cheemiker, (1917–1979), 1965 Laureat vum Nobelpräis an der Chimie
- Kurt Wüthrich, (*1938), Schwäizer Cheemiker, 2002 Laureat vum Nobelpräis an der Chimie
- Charles Adolphe Wurtz, (1817–1884), franséische Cheemiker an Dokter
X
[änneren | Quelltext änneren]Y
[änneren | Quelltext änneren]- Sabir Yunusov, (1909–1995), russesche Cheemiker, bekannt fir seng Aarbecht mat Alkaloiden
Z
[änneren | Quelltext änneren]- Ahmed H. Zewail, (1946–2016), egyptesche Cheemiker, 1999 Laureat vum Nobelpräis an der Chimie fir seng Aarbecht an der Femtochimie.
- Karl Ziegler, (1898–1973), däitsche Cheemiker, katalytesch Polymerisatioun, Metallalkylen, 1963 Laureat vum Nobelpräis an der Chimie
- Richard Adolf Zsigmondy (1865–1929), éisträichesche Cheemiker, 1925 Laureat vum Nobelpräis an der Chimie
An anere Beräicher bekannt Cheemiker
[änneren | Quelltext änneren]- Josy Barthel, (1927–1992), lëtzebuergesche Cheemiker, Liichtathleet a Politiker
- Emmanuel Dongala, (*1941), kongoleesesche Schrëftsteller a Cheemiker
- Dolph Lundgren (*1957), schweedesche Schauspiller a Cheemiker