Pierre Curie

Vu Wikipedia
Pierre Curie
Gebuer 15. Mee 1859
Paräis
Gestuerwen 19. Abrëll 1906
Paräis
Nationalitéit Frankräich
Educatioun Faculté des sciences de Paris,
Sorbonne
Aktivitéit Physiker, Chimist, Universitéitsprofesser
Member vun Académie des sciences
Famill
Bestuet mat Marie Curie
Kanner Irène Joliot-Curie, Ève Curie

De Pierre Curie, gebuer de 15. Mee 1859 zu Paräis a gestuerwen den 19. Abrëll 1906 zu Paräis, war e franséische Physiker a Cheemiker.

Scho wärend sengem Studium op der Sorbonne huet de Pierre Curie, zesumme mat sengem Brudder Jacques, wichteg Verbesserunge vun der Moosstechnik gemaach duerch d'Entdeckung vun der Piezoelektrizitéit (1880).

No sengem Bestietnes mat der Maria Skłodowska (1895) hu si zesummen d'Radioaktivitéit vun Uranäerzer erfuerscht. Dobäi huet de Pierre Curie méi déi physikalesch Aspekter iwwerholl. Zesumme mat senger Fra Marie huet de Pierre Curie d'Elementer Polonium a Radium entdeckt.

Zesumme mat dem Henri Becquerel hunn de Pierre an d'Marie Curie 1903 den Nobelpräis fir Physik kritt.

1904 gouf de Pierre Curie Professer op der Sorbonne. Hien ass 2 Joer méi spéit bei engem Autosaccident ëm d'Liewe komm.

No him benannt[änneren | Quelltext änneren]

Fir un de Pierre Curie z'erënneren sinn zu Lëtzebuerg e puer Stroossen no him benannt:

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]