Marie Curie

Vu Wikipedia
Dëse Chimiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Marie Curie
Gebuertsnumm Marya Salomea Skłodowska
Gebuer 7. November 1867
Warschau
Gestuerwen 4. Juli 1934
Sancellemoz
Doudesursaach aplastesch Anemie
Nationalitéit Frankräich, Polen, Russescht Keeserräich
Educatioun Faculté des sciences de Paris,
Universitéit vu Paräis,
Universitéit vu Paräis,
Universitéit vu Paräis
Aktivitéit Physiker, Chimist, Universitéitsprofesser
Member vun Däitsch Akademie vun den Naturfuerscher Leopoldina, Sankt Petersbuerger Akademie vun de Wëssenschaften, Wëssenschaftsakademie vun der URSS, Schweedesch Akademie vun de Wëssenschaften, Russesch Akademie vun de Wëssenschaften, Académie nationale de médecine, Wëssenschaftlech Gesellschaft Lwów, Koninklijke Nederlandse Akademie van Wetenschappen, International Kommissioun fir geeschteg Zesummenaarbecht, American Philosophical Society
Famill
Bestuet mat Pierre Curie
Papp Władysław Skłodowski
Geschwëster Bronisława Dłuska, Helena Skłodowska-Szaley
Kanner Irène Joliot-Curie, Ève Curie

D'Maria Salomea Skłodowska-Curie, gebuer de 7. November 1867 zu Warschau, a gestuerwen de 4. Juli 1934 zu Sancellemoz, an der Haute-Savoie, gebuere Maria Skłodowska, war eng polnesch-franséisch Cheemikerin a Physikerin.

Si huet zwéin Nobelpräisser kritt. 1903 den Nobelpräis an der Physik an 1911 den Nobelpräis an der Chimie. Si war domat och deen éischte Fuerscher, deen zwéin Nobelpräisser krut.

Hiert Liewen[änneren | Quelltext änneren]

D'Marie Skłodowska koum 1867 zu Warschau op d'Welt. Hir Eltere waren de Władysław Skłodowski an d'Bronisława Boguska. Si hat véier Schwësteren a Bridder. Well et an hirer Heemechtsstad fir Frae verbuede war ze studéieren, ass si mat hirer Schwëster op Paräis gaangen, an huet do Physik a Mathematik studéiert.

Si huet sech 1865 mam Pierre Curie bestuet, a krut zwee Meedercher, d'Irène an d'Ève.

Am Joer 1896 hunn déi zwee e Phenomeen erfuerscht, deen den Henri Becquerel entdeckt hat. Et war eng Stralung, déi d'Schwéiermetall Uran vu sech ginn huet. 1898 hu si nach aner Substanze fonnt déi déi selwecht Stralung haten. Si goufen der Stralung den Numm Radioaktivitéit. Am selwechte Joer hu si déi radioaktiv Elementer Polonium a Radium entdeckt.

1903 hunn d'Marie an de Pierre, zesumme mam Antoine Henri Becquerel, den Nobelpräis an der Physik kritt.

Nom Doud vun hirem Mann 1906 huet d'Marie him säi Posten als Professer op der Sorbonne iwwerholl a war domat déi éischt Fra mat sou enger Positioun. Si krut 1911 den Nobelpräis an der Chimie.

1934 ass d'Marie u Leukemie gestuerwen, aller Warscheinlechkeet no duerch d'Follge vun hirer joerzéngtelaanger Aarbecht mat radioaktiver Stralung.

No hir genannt[änneren | Quelltext änneren]

Fir un d'Marie Curie z'erënneren sinn zu Lëtzebuerg e puer Stroossen no hir benannt:

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Marie Curie – Biller, Videoen oder Audiodateien