Bieles

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel iwwer Lëtzebuerg ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Bieles
Bielesser Schoul an der Poststrooss
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Belvaux
de: Beles
Land Lëtzebuerg
Kanton Esch-Uelzecht
Gemeng Suessem
Buergermeeschter Simone Asselborn-Bintz (LSAP)
Awunner 7.826
  1. Januar 2021; 1. Januar 2022; 1. Januar 2023
Fläch 456,5284 ha
Héicht 341 m
Koordinaten 49° 30’ 41’’ N
      05° 55’ 45’’ O
D'Gemengenhaus vun der Gemeng Suessem zu Bieles
Vue iwwer Al-Bieles, mat am Hannergrond de Frichë vun Esch-Belval

Bieles ass eng Uertschaft an der Minettsgéigend an der Gemeng Suessem.

Geschichtleches[änneren | Quelltext änneren]

Bedeitung vum Uertsnumm[änneren | Quelltext änneren]

Bieles daucht eng éischt Kéier 1272 ënner dem Numm Belevas op. Änlech Nimm sinn:

Den Uertsnumm kënnt aller Warscheinlechkeet no aus dem Keltesche belo wat souvill heescht wéi hell, blénkeg a vis wat ee mat Waasser oder Baach iwwersetze kann, oder veis wat souvill heescht wéi fléissen. Et léisst sech allerdéngs net méi feststellen, wat fir e Waasserlaf gemengt war. Allerdéngs gëtt et um Réissenger a Réidenger Bann eng Baach, déi Beler heescht.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Koppen an Hiwwelen:

Déi dräi sougenannt "Bierger" sinn d'Ausleefer vum loutrengeschen Äerzbaseng (bassin ferrifère de Lorraine). Si gehéieren zu engem Plateau dee sech vu Bieles bis op Rodange zitt, de westlechen Deel vum Minettbaseng. An der Fachliteratur ass e bekannt als Becken von Beles-Differdingen-Rodingen (kieseliges Lager).

Verschiddenes[änneren | Quelltext änneren]

  • D'Symbol vu Bieles ass d'Geess. Besonnesch an der Fuesent ass se iwwerall ze fannen, sief et op Plakater (zum Beispill als Wuertwitz: Geess de mat?), a Form vun Nimm fir Evenementer oder souguer als Geesseblutt, engem Mëschgedrénks aus Kiischtejus an engem Alkohol, dat een nëmme fir d'Fuesent do kritt.

Bibliographie[änneren | Quelltext änneren]

  • Supporter-Club Bieleser Musek: 1980 - 2005, 25 Joer / (Texter: Gaston Gengler). - Bieles: Supporter-Club Bieleser Musek, 2005 (Péiteng: Heintz). - 42 p.: ill. ; 21 cm
  • Louis Lenz: Der Luxemburger Bergmann in seiner Arbeitswelt im lothringisch-luxemburgischen Minettegebiet; Edition: de Minettsdapp, Kultur am Süden a.s.b.l., (Kremer-Muller), 1997
  • JP Biver, Gaston Gengler, ... Bieles, 1373-1973, 124 pages (Survol de l'évolution de la localité)

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Bieles – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]