Bielesser Buerghaus
D'Buerghaus vu Bieles an der Gemeng Suessem daucht fir d'éischt Kéier an engem Dokument vum 30. November 1388 op, an deem vun der Buerg an der Fräiheet vun de Bielesser geschwat gëtt. Haut fënnt een allerdéngs keng Spuer méi vun där Buerg, weeder am Volleksmond, nach op ale Kadasterpläng.
Haut kann ee sech déi Buerg vun 1388 wuel éischter als eng Zort befestegte bessere Bauerenhaff virstellen. D'Suessemer hunn d'Bielesser Buerghaus wuel opginn an engem Huefmann verpacht. Zanter deem Zäitpunkt verwësche sech d'Spuere vum Buerghaus.
Am Verkafsakt vu 1651 heescht et: item einen daselbst gelegenen Adlichen Freyen Hof, bestehendt ahn Hauß, Scheuren, Stallung, ietziger Zeith aber gantz verfallen, mit adlicher Freyleith und gerechtigkeith, Aysementen, garten, Büscheltgen, von etwa vier morgen Landts, auch allen darzu gehörigen Zehendts freyen Wießen und zween Weyeren, zwo verfallene Weyerßplatzen, auch Lendereyen von funfftzigh oder mehr morgen lands.
1766 daucht d'Buerghaus eng lescht Kéier op. Am Kadaster vun der Maria Theresia gëtt vun enger Fräulein de Blanchart in Belis geschwat: ein burg hauß mit scheuer, stallung, mistplatz wie auch ein Viertelland davor so pfleglos ist, welches der hoffman bewohnet und profitirt.
Op der Ferraris-Kaart vu 1777 ass am südlechen Deel vu Bieles en isoléiert Haus ze gesinn. Dobäi handelt et sech warscheinlech ëm dat fréiert Bielesser Buerghaus. Dat läit graff gesot an der Géigend vum haitege Kierfecht. De René Klein grenzt et weider a mam Kadaster vun der Maria Theresia (zu Beles obgesagter herschaft einerseiths friderich Crux erben, zur andern gesagtes Eysement zu diesem gehorig) a mam Kadaster vun 1824 deen als Noper vum Cruxhaus e Gebai am Réidenger Wee genannt "beim Dorff" weist dat op béide Säiten de Flouernumm "im Widem" huet - wat haut südlech vum 1850 gebauten Haff A Gadder läit, also do wou lo déi nei Haiser 12-14 op der no Frankräich ëmbenannter Strooss sinn.