Kierch Bieles
| ||||
---|---|---|---|---|
Parkierch vu Bieles (2005) | ||||
Uertschaft / Plaz | Bieles | |||
Par | Par Suessem Christ Sauveur | |||
Dekanat | Süden-West | |||
Numm / Patréiner | Hl. Péitrus a Paulus | |||
Konsekratioun | 1877 | |||
Architekt(en) | A.P. Kemp | |||
Baujoer | 1877 | |||
Koordinaten | 49° 30’ 36.1’’ N 05° 55’ 16.6’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
D'Kierch zu Bieles ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Suessem Christ Sauveur, zum Dekanat Süden-West an zu der Gemeng Suessem gehéiert.
D'Patréiner vun der Kierch sinn déi zwéin Helleg Péitrus a Paulus, deenen hiert Fest den 29. Juni gefeiert gëtt.
Se steet am nordwestlechen Deel vum alen Duerfkär an der rue Grande-Duchesse Charlotte, dem CR178.
Baugeschicht
[änneren | Quelltext änneren]Déi haiteg Kierch gouf ënner dem Paschtouer Johann Adam Thill op där Plaz gebaut, wou bis dohin eng éischt Kierch stoung, déi awer mat hiren 128 Quadratmeter ze kleng gi war, well Bieles, wéi all d'Uertschaften am Minett, an der 2. Hallschent vum 19. Joerhonnert ugefaangen huet, méi grouss ze ginn duerch déi sëllege Leit, déi bäigeplënnert sinn, well se an de Schmelzen oder an de Minièren eng Aarbecht fonnt hunn. De Kierfecht, dee bis dohi ronderëm d'Kierch louch, war duerch eng Decisioun vum Gemengerot vum 19. Mee 1875 baussen d'Duerf verluecht ginn.
Am Mäerz 1876 hat den Architekt A.P. Kemp éischt Skizze fir déi nei Kierch gemaach, an am Abrëll 1877 hunn d'Aarbechte fir de Bau vun der Kierch duerch d'Firma Michel Betz vu Welschent ugefaangen. D'Kierch gouf den 29. Oktober 1877 ageweit. D'Kierch huet deemools ronn 47.000.- Frang kascht.
Vun Ufank u schénge Mängel um Bau festgestallt ginn ze sinn, eng vun de Säitemaure war gebascht, an den Tuerm konnt wéinst statesche Feelberechnungen net sou héich gebaut gi wéi virgesinn, wat zu enger ugereegter Poleemik gefouert huet. Och hu verschidde Leit sech doru gestéiert, datt den Tuerm an d'Entréespaart vun der Kierch net zum Duerf zou, mä a Richtung vun den Hiwwele ronderëm Bieles gekuckt hunn, wat awer doduerch z'erklären ass, datt de Chouer vun enger Kierch zu där Zäit huet missen no Oste kucken, a well soss den Tuerm ze no bei déi deemoleg Schoul ze stoe komm wier an eng héich Trap fir bei d'Kierch hätt misse gebaut ginn.
Am Joer 1879 ginn 22 Kierchebänke kaaft. Den 21. Juni 1881 goufen 3 nei Klacken ageweit, déi och haut nach am Kierchtuerm hänken. Am Joer 1887 ass een neien Héichaltor ugeschaaft ginn, well bis dohin en Altor aus där aller Kierch do stoung. Dësen neien Altor gouf vum Konschtschräiner Jean Decker vu Munneref gebaut, no Pläng vum Architekt Kemp. Déi kleng Statuen an d'Kräizegungsgrupp goufe vun engem Här Walter vun Tréier geliwwert. D'Niewenaltär ware well éischter kaaft ginn.
1889 gouf den Duxall gebaut, an et huet ee missen iwwer eng Leeder mat 17 Sprëss klamme fir erop. 1890 goufe Beichtstill vum Konschtschräiner Paul Theves vun Housen geliwwert, och no Pläng vum Architekt Kemp. 1902 krut d'Kierch eng Statu vun der helleger Famill, déi vum Sculpteur Joseph Rungaldier vu St. Ulrich-Gröden aus dem Tiroul staamt. 1919 gouf eng Waarmloftheizung vun der Firma Mahr vun Oochen an der Kierch installéiert. Am Wanter 1922/23 ass d'Kierch bannena faarweg dekoréiert ginn duerch déi däitsch Moler Löhe vu Bonn a Mothes vu Berlin.
Am Joer 1877 gebaut, war déi Bielesser Kierch also eréischt 1922 richteg fäerdeg ginn.
De 17. November 1930 gouf eng Uergel ageweit. No der Aweiung war ee Concert, bei deem ënner anerem den Doumorganist Albert Leblanc gespillt huet.
Well déi al Kierchefënstere schlecht waren, goufen 1940, just virun der Evakuatioun, nei Fënstere vun der Firma Linster vu Munneref agesat. 1957 si gréisser Restauratiounsaarbechte bannen an der Kierch gemaach ginn.
Ëmbau
[änneren | Quelltext änneren]Uganks den 1970er Jore gouf iwwerluecht, fir d'Bielesser Kierch ze renovéieren an den neie liturgeschen Ufuerderungen unzepassen. Sou sollt d'Sakristei vergréissert ginn, sämtlech Altär an de Priedegtstull sollten ewechgeholl ginn, déi al Still sollten duerch nei Bänken ersat ginn, an d'Kierch sollt nei ugestrach ginn.
Den Architekt André Haagen huet d'Pläng fir den Ëmbau gezeechent. Bei Ënnersichungen am Mee 1972 vun de Fëllementer vun de Kierchemaueren an am Juli 1973 vun de Fëllementer ënner dem Duxall gouf festgestallt, datt d'Kierch ënner Ëmstänn kéint baufälleg sinn. Den 31. Juli 1973 war déi lescht Mass an der Kierch, déi duerno ausgeraumt gouf. Wärend den Ëmbauaarbechte goufen d'Massen am Bielesser Veräinshaus gehalen.
Am Dezember 1973 sinn d'Aarbechten ugaangen, déi däitsch Firma Keller huet d'Fëllementer mat 200 Tonnen Zement verstäerkt. D'Gewëllef gouf am Februar 1974 erausgeholl, eng nei Sakristei gouf gebaut, an d'Mauere goufe mat Eisenträger a Spanner beieneegehalen. An där Zäit huet och de Kënschtler Egino Weinert sech eng éischt Kéier d'Kierch ugekuckt.
Am Fréijoer 1975 gouf eng nei Buedemheizung installéiert, de Kierchendaach gouf gefléckt, an d'Fassad gouf nei gemaach. Am Oktober vum selwechte Joer goufen nei Kierchefënsteren agesat an deen neie Plaffong gouf agezunn.
Den 28. Mäerz 1976 gouf den Altor an där restauréierter Kierch vum deemolege Bëschof Jean Hengen geweit.
Kierch vu bannen
[änneren | Quelltext änneren]Dat Besonnescht un der Bielesser Kierch ass, datt se duerch den Ëmbau uganks den 1970er Joren op eng besonnesch Aart a Weis un d'Exigenze vun der Liturgiereform ugepasst gouf. Den Altor steet net méi an dem Deel deen als Chouer gebaut gouf mä op der lénkser Säit, an d'Still stinn an engem Hallefkrees ëm déi nei Altorinsel. Am ale Chouer ass elo d'Plaz vun der Chorale.
De fënnefeckegen Altor mat Motiver aus dem Alen Testament, den Ambo mat Motiver aus den Evangelien, d'Tabernakelsail an den Dafstee si vum Kënschtler Egino Weinert vu Köln, genee wéi och d'Agangsdier mat Duerstellunge vun de Patréiner vun der Kierch: Péitrus, Paulus, Barbara, Haupert. All dës Géigestänn sinn aus Eise gegoss als Unerkennung un d'Aarbechter aus der Minettsgéigend, an där d'Kierch steet. Allerdéngs konnten dës liturgesch Miwwelen aus finanzielle Grënn net zu Lëtzebuerg gegoss ginn, den Här Weinert huet dat selwer a sengem Atelier gemaach. Donieft goufen déi al d'Statue vun den hl. Willibrord a Michel an d'Reliefer vum Priedegtstull gehalen. Et gouf och eng Pietà aus enger fréierer Bielesser Weekapell an der Kierch opgestallt.
Op der Säitemauer, hanner der Altorinsel, ass ee moderne Kräizwee, deen aus 15 Statioune besteet.
Fënsteren
[änneren | Quelltext änneren]D'Kierchefënstere goufen zu Bonn am Atelier Linde gemaach, no Zeechnunge vum Architekt André Haagen. Si goufen den 13. Oktober 1975 agesat.
Klacken
[änneren | Quelltext änneren]Am Klackentuerm hänken 3 Klacken, déi 1881 an der Géisserei Causard zu Colmar am Elsass gegoss goufen:
- déi grouss Klack, am Toun Sol, weit 593,5 kg an ass den Hellege Péitrus a Paulus an der Muttergottes geweit
- déi mëttelst Klack, am Toun La, weit 417 kg an ass den Hellegen Haupert, Willibrord a Jousef geweit
- déi kleng Klack, am Toun Si, weit 305 kg an ass den Hellegen Donatus, Vältes an Aloysius geweit
Uergelen
[änneren | Quelltext änneren]Am Joer 1899 gouf een éischten Harmonium an der Bieles Kierch opgeriicht, deen dem Schoulmeeschter Marx gehéiert huet. 1915 gëtt een eegenen Harmonium kaaft bei der Firma G. Stomps. Dësen Harmonium gëtt 1917 mat deem vum Schoulmeeschter Kerg vun Nidderkuer getosch, een Instrument, dat virdrun an der Walfer Kierch stoung.
1929 gouf en Uergelcomité gegrënnt, an et goufe Sue gesammelt fir eng richteg Uergel ze kafen. Dës Uergel mat 15 Regëstere gouf vun der Firma Späth vun Ennetach bei Mengen, déi haiteg Freiburger Orgelbau, gebaut a geliwwert fir de Präis vun 119.280.- Frang, plus 595.- Frang fir den Transport, an um Duxall opgeriicht. D'Uergel gouf de 17. November 1930 vum Beetebuerger Dechen Nic. Bisdorff ageweit.
Beim Ëmbau vun der Kierch Mëtt der 1970er Jore gouf déi al Uergel zum Deel an déi nei Uergel mat agebaut. Déi nei Uergel huet 16 Regësteren, verdeelt iwwer 2 Manualer a Pedall.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Bieles- seng Leit, seng Poar, seng Kirch - Festschrëft zur Erneierung vun der Poarkiirch Sankt Péiter a Paul zu Bieles am Joer 1975; Jean Wampach, Albert Backes et. al.
- Lëtzebuerger Wort (25. Mäerz 1976) S.5: Die neue Raumgestaltung der Beleser Pfarrkirche. Michel Schmitt.
- Eis nei Uergel - Bieles 30. Januer 1977, erausgi vum Poarrot; Jean Wampach, Georges Westenfelder et al.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Lëscht vu reliéise Gebaier zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Paren
- Lëscht vun de fréiere Lëtzebuerger Paren
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Kierch Bieles – Biller, Videoen oder Audiodateien |