Dekanat Süden-West
Den Dekanat Süden-West ass eng vun de sechs ieweschten administrative Strukture vum Äerzbistum Lëtzebuerg, déi de 17. Abrëll 2017 mat engem Dekret vum Ärzbëschof Jean-Claude Hollerich festgehale goufen.[1]
Zum Dekanat gehéiere follgend Paren:
- Par Äischdall Saint-François-et-Sainte-Claire
- Par Déifferdeng Saint-François-d'Assise
- Par Esch-Uelzecht Sainte-Famille
- Par Kordall Sainte-Barbe
- Par Mess-Réibierg Sainte-Famille
- Par Monnerech-Schëffleng-Steebrécken Notre-Dame-de-l'Évangile
- Par Suessem Christ Sauveur
Mat dem selwechten Dekret kruten d'Dechen aus de fréieren Dekanater den Titel Curé-doyen honoraire an de Paschtouer Raymond Streweler gouf fir fënnef Joer als Dechen am Dekanat Süden-West ernannt.