Par Suessem Christ Sauveur
Ausgesinn
D'Par Suessem Christ Sauveur ass eng vun den 33 kathoulesche Paren, déi de 7. Mee 2017 mat engem Dekreet vum Bistum Lëtzebuerg entstane sinn.[1]
Se gehéiert zum Dekanat Süden-West an ersetzt déi 5 fréier Pare Belval-Metzerlach, Bieles, Éilereng, Suessem an Zolwer.
D'Par läit um Gebitt vun der Gemeng Suessem.
Den Titel vun der Par ass Christ Sauveur.
D'Parkierch gouf 2017 nach net festgeluecht a soll bannent den nächsten dräi Joer bestëmmt ginn.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Lëscht vun de Lëtzebuerger Paren
- Lëscht vun de fréiere Lëtzebuerger Paren
- Lëscht vu reliéise Gebaier zu Lëtzebuerg