Zolwer
Ausgesinn
| Zolwer | |
|---|---|
|
Zolwerknapp | |
| An anere Sproochen |
fr: Soleuvre de: Zolwer |
| Land | Lëtzebuerg |
| Kanton | Esch-Uelzecht |
| Gemeng |
|
| Buergermeeschter | Simone Asselborn-Bintz (LSAP) |
| Awunner | 6.393 |
| 1. Januar 2023 | |
| Fläch | 905,4835 ha |
| Héicht | 351 m |
| Koordinaten |
49° 31’ 21’’ N 5° 56’ 12’’ O |
|
| |
|
| |
Zolwer ass eng Uertschaft an der Gemeng Suessem.
Geschichtleches
[änneren | Quelltext änneren]Zolwer ass déi Uertschaft, déi an der Suessemer Gemeng am fréisten ernimmt gëtt. Am Oktober 793 schenkt d'Famill Garbannus-Ratsint dem Klouschter Iechternach "ihren ganzen Besitz im Wawergau, in der Nähe des Kastells mit dem Namen Zolveren, in der Villa, die Hagenen genannt wird"[1].
U sech ass Zolwer also den Numm fir d'Buerg um Zolwerknapp, éier e fir d'Duerf gebraucht gëtt. Et ass net ganz kloer, ob den Numm elo vum Germaneschen oder vum Keltesch-galloréimeschen hierkënnt.
Fréier Nimm:
- 793: Zolveren
- 1135: Zolvere
- 1192: Zolveren
- 1236: Soloeure
- 1236: Celobrio
- 1387: Soulueur
- 1387: Solueuvre
D'Bedeitung vum Uertsnumm ass u sech nach ëmmer onkloer. Et gëtt awer ugeholl, datt en e kelteschen Urspronk huet an iwwersat Sonnebierg bedeite kéint.
Koppen an Hiwwelen
[änneren | Quelltext änneren]Schlässer, Buergen a Ruinen
[änneren | Quelltext änneren]- Buerg Zolwer, Zolwerknapp
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Websäit vun der Gemeng Suessem
- Websäit vun der Schoul Zolwer 2000
- Websäit vun der Schoul Scheierhaff
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Eng Gemeng an hir Geschicht erausgi vun der Suessemer Gemeng an Zesummenaarbecht mat de Geschichtsfrënn - Januar 1993.
