Diskussioun:Zolwer

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Laut dem Edmond de la Fontaine sengen Studien (Die deutschen Götter im Luxemburger Lande) ass Zolver, vun Zolvere (Liber Aureus Epternacensis) zereck ze féihre ob d'Germanesch Sonnegöttin Sol (Sowelo). Niewend dem 'Throun' vun der Sol, dem Biierg Zolwerknapp läit den Litschef, den vum Wuert Lidskjalf kënnt an Himmelsthroun Sënngemäss heescht. Et handelt sech also ëm eng Kultplaatz wou Vater Himmel (Tiwaz Fuodor / Ziu Fodor) an seng 'Fraa' d'Sol veréihert gouffen. Dëss Mythologie gëtt am Tacitus senger Germania iwwerliwwert an taucht och an aaneren indoeuropäeschen Kulturen ob, sou zu Beispill am balteschen Raum: Dievs & Saule. Et handelt sech also bei der Emgéijend Zolwer ëm en riesen Patrimoine Culturelle den denen meechten net bewosst ass, well et sin Zaien vun enger aaler ureuropäescher Bronzekultur déi een am gesamten Nordeuropäeschen, bis balteschen Raum fënnt. Den Edmond de la Fontaine huet an sengem Wierk: Die deutschen Götter im Luxemburger Lande an an sengen zwee Wierker: Luxemburger Sitten und Bräuche sou wei Luxemburger Sagenschatz immens vill zum Zolwerknapp an den aalen Mythen zesummegedroen, geforscht an seng Etuden mat denen vun Grimm an aaneren Verglach huet. Den Dicks ass wirklech jidderengem un d'Herz ze leen, och als Quellematerial fir divers Etymologesch, Mythologesch an Anthropologesch Froen zu eiser Landschaft an Kultur.