Op den Inhalt sprangen

Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied

Vu Wikipedia
Déi 12 Stied zu Lëtzebuerg

Dës Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied ass en Deel vun de Referenztabellen.

Den Titel Stad gëtt mat engem spezielle Gesetz verginn.

Eng Rei Stied hunn hiren Titel zanter dem Mëttelalter; dës Titele goufe mam ale Gemengegesetz vum 24.02.1843 confirméiert. Dat neit Gemengegesetz vum 13.12.1988 huet d'Titele vun den 12 Lëtzebuerger Stied nach eng Kéier confirméiert.

Numm Franséischen Numm Däitschen Numm Gesetz
DéifferdengDifferdangeDifferdingen4. August 1907
DiddelengDudelangeDüdelingen4. August 1907
DikrechDiekirchDiekirch24. Februar 1843
Esch-UelzechtEsch-sur-AlzetteEsch-Alzette29. Mee 1906
EttelbréckEttelbruckEttelbrück24. August 1907
GréiwemaacherGrevenmacherGrevenmacher24. Februar 1843
IechternachEchternachEchternach24. Februar 1843
LëtzebuergLuxembourgLuxemburg24. Februar 1843
RéimechRemichRemich24. Februar 1843
RëmelengRumelangeRümelingen4. August 1907
VeianenViandenVianden24. Februar 1843
WolzWiltzWiltz24. Februar 1843

Fréier Stied

[änneren | Quelltext änneren]

Mam Gesetz vum 7. Abrëll 1914 krut d'Gemengesektioun Hollerech-Bouneweg den Titel Stad:

La qualité de ville est attribuée à la section communale de Hollerich-Bonnevoie. La nouvelle ville portera le nom de Hollerich-Bonnevoie.'

Am Gesetz vun 1988 gouf Hollerech-Bouneweg net méi confirméiert, well déi ganz Entitéit war mëttlerweil an d'Stad Lëtzebuerg integréiert ginn.

  • "Loi" du 29 mai 1906 "attribuant la qualification de ville à la localité de d'Esch-sur-Alzette" (Mémorial n°34 vum 2. Juni 1906 S. 518)
  • "Loi" du 4 août 1907 "conférant la qualification de ville aux localités de Differdange, Dudelange, Ettelbruck et Rumelange" (Mémorial n°42 vum 10. August 1907 S. 518)
 Commons: Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied – Biller, Videoen oder Audiodateien