Gréiwemaacher

Vu Wikipedia
Gréiwemaacher
Gemeng Gréiwemaacher.JPG
Dat fréiert Gemengenhaus
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Grevenmacher
de: Grevenmacher
Land Lëtzebuerg
Kanton Gréiwemaacher
Gemeng Coat of arms grevenmacher luxbrg.png Gréiwemaacher
Buergermeeschter Léon Gloden (CSV)
Awunner 4.981
  1 Januar 2021; 1 Januar 2022
Koordinaten 49° 40’ 45’’ N
      06° 26’ 34’’ O

Gréiwemaacher ass eng lëtzebuergesch Uertschaft, Haaptuert vun der Gemeng mat dem selwechten Numm an eng vun den 12 Lëtzebuerger Stied.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Gréiwemaacher läit um lénksen Uwänner vun der Musel. Et ass eng Wënzerstiedchen an op sengen Häng fënnt een och Uebstplantagen.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Qsicon Ueberarbeiten.svg 00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

1252 krut Gréiwemaacher vum Heinrich V. de Fräiheetsbréif.

Groussbrand vun 1822[änneren | Quelltext änneren]

Den 18. November 1822 huet e Groussbrand 147 vun den 341 Haiser, souwéi 80 Ställ an 39 Scheieren zerstéiert.[1] D'Ursaach vum Brand war, wéi de Georg Waldbillig bei sech doheem heemlech an der Rue Syr e Schwäin geschluecht huet. Nom Schluechten huet een deemools dem Schwäi seng Buuschten gesengt, andeems een et mat Stréi agedeckt an da Feier gemaach huet. Well d'Syrgaass besonnesch enk war, waren Hausschluechtunge streng verbueden. Fir d'éischt huet de Stréidaach vum Georg Waldbillig sengem Haus Feier gefaangen, duerno d'Haus Gelhausen vis-à-vis. Den 18. November um eng Auer Mëttes stounge scho méi Haiser an der Syr an an der Poststrooss a Brand, a wéinst dem staarke Wand hunn nach eng Stonn méi spéit d'Hallschent vun allen Haiser gebrannt. De Brand gouf mat der Hëllef vun Tréierer Pomjeeë geläscht. Och den Tuerm vun der Dekanatskierch huet gebrannt. D'Hëtzt war esou grouss, datt d'Klacke mam Hinnchen um Tuerm geschmolt sinn. Spéider gouf aus der geschmolzener Bronz eng nei Klack gegoss. Bis haut hänkt dës "Feierklack" am Kierchtuerm. Verletzter an Doudeger schéngt et beim Brand keng ginn ze sinn. De Groussherzog Wëllem I. an d'Kinnigin Wilhelmine hunn deemools 2.900 Gulden fir den Nees-Opbau gespent. Déi lescht Rechnunge fir den Opbau stamen aus dem Joer 1834.

Als Konsequenz vum Brand gouf et verbueden, d'Haiser mat Stréi ze decken an d'Gemeng huet e Schaarschtechbotzer agestallt an d'Pompjeeën am Duerf agefouert.

...

Maacher Persounen[änneren | Quelltext änneren]

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Adolf Berens (Hg.): Die Anfänge der Stadt und Festung Grevenmacher, Grevenmacher 1952.
  • Grevenmacher 'La Bonne Ville', 1252-1952. Grevenmacher 1952.
  • Joseph Hurt, Zur Vorgeschichte von Machern - Von der angeblich ersten Erwähnung (634) bis zur Stadtbefreiung (1252); in: T Hémecht, Joergang 11 (1958), Heft 4; Ss. 62-84.
  • Edouard Marc Kayser, Entre Trèves et Luxembourg: (Greven-)Macher - De la 'curtis' archiépiscopale à la ville-neuve comtale; in: Actes des 7ièmes Journées archéologiques de Luxembourg (Juli 1995), am Bulletin des Antiquités luxembourgeoises / B.A.L., Nr. 26, Ss. 6-36 (1 Kaart); Lëtzebuerg, 1997.
  • Frank Wilhelm, Grevenmacher vu par des écrivains francophones; in: nos cahiers, 20 (1999), Heft 3, Ss. 81-111.
  • Volker Bingenheimer, Ein Funke und Stroh führten zur Katastrophe, Beim Großbrand vor 200 Jahren fiel halb Grevenmacher den Flammen zum Opfer. Schuld war ein Anwohner, der heimlich schlachtete, Luxemburger Wort, 23. November 2022, S. 14

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Gréiwemaacher – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Quell zu dësem Kapitel: Volker Bingenheimer, Ein Funke und Stroh führten zur Katastrophe, Beim Großbrand vor 200 Jahren fiel halb Grevenmacher den Flammen zum Opfer. Schuld war ein Anwohner, der heimlich schlachtete, Luxemburger Wort, 23. November 2022, S. 14.