Bréck vu Gréiwemaacher

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Di nei Bréck vu Gréiwemaacher - Wellen
Bréckentourismus zu Gréiwemaacher: Déi nei Bréck gëtt op hire Sockel gesat (8. August 2013)
Déi al Bréck (2006)

D'Bréck vu Gréiwemaacher ass eng Bréck iwwer d'Musel tëscht den Uertschafte Gréiwemaacher zu Lëtzebuerg a Wellen an Däitschland. Zu Lëtzebuerg féiert se um Uwänner vun der Musel iwwer d'Nationalstrooss 10, an an Däitschland iwwer d'B419, déi och do Uschloss iwwer zwou Rampen un d'Bréck huet. Den Uschloss un d'Bréck gëtt zu Lëtzebuerg vun der N10A gemaach.

D'Bréck gouf 2013 opgeriicht an huet eng al Bréck ersat déi 1955 gebaut gouf, an déi hirersäits an d'Plaz vun enger koum, déi 1881 gebaut an déi am Zweete Weltkrich zerstéiert gi war.

Et ass eng vu fënnef Brécken iwwer d'Musel tëscht Lëtzebuerg an Däitschland. Déi aner véier Brécke sinn:

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Déi éischt Bréck[änneren | Quelltext änneren]

Déi éischt Bréck vun 1881 war eng Boubréck mat flaache Béi, mat Steng gebaut a si hat eng Längt vun 204 Meter. Den Haaptdeel iwwer d'Musel mat 5 Béi hat 145 Meter. Ee vun de Béi op der lëtzebuergescher Säit stoung bei normalem Waasserstand um Dréchnen. Op der lëtzebuergescher Säit waren nach zwéi kleng Béi déi zesummen 29,7 Meter gemaach hunn, an déi zwéin op der däitscher Säit hate 26,2 Meter zesummen.

D'Bréck gouf am Zweete Weltkrich am September 1944 komplett zerstéiert.[1]

Déi zweet Bréck[änneren | Quelltext änneren]

Déi al Bréck vun 1955 war eng Placken-Dunnebréck. D'Placke vum Tablier waren aus arméiertem Bëtong a goufen op der Plaz gegoss. D'Dunne waren aus prefabrizéiertem a virgespaantem arméierte Bëtong, a goufe vu Freyssinet international fabrizéiert. Déi ganz Längt vun der Bréck war 214 Meter an d'Bréck hat folgend Feldwäiten: 38,0 m - 3 × 46,0 m - 38,0 m.

Déi aktuell Bréck[änneren | Quelltext änneren]

Well d'Bréck vu Maacher ugefaangen huet schappeg ze ginn ass decidéiert ginn eng nei Bréck opzeriichten. Déi nei Bréck ass 212 Meter laang a besteet aus dräi Deeler. Dat sinn op all Säit en Uschlossstéck tëscht dem Widderlager an der eigentlecher Bréck déi aus dräi Felder besteet, nämlech enger Boubréck vum Tip Bow-String mat op all Säit engem Deel deen op 4 Krätsche steet, wouvun der all Kéier zwou en integralen Deel vum Bou sinn. De Bou steet tëscht den zwou Fuerbunnen, déi an der hallwer Héicht dovun opgehaange sinn. Dat mëttels Feld huet eng Drowäit vun 114 Meter.

D'Koordinatioun vun den zoustännege Verwaltunge gouf iwwer e Kontrakt tëscht de Regierunge vun den zwee Länner festgeluecht. Bauhär ass déi lëtzebuergesch Bauverwaltung. Den 21. Oktober 2010 hunn de lëtzebuergeschen Transportminister Claude Wiseler an den däitsche Verkéiersminister Peter Ramsauer op der MS Marie-Astrid en Ofkommes dozou ënnerschriwwen. D'Käschte vun der neier Bréck, fir déi ronn 1.900 Tonne Stol verschafft goufen, leie bei 16,5 Milliounen Euro, wouvu Lëtzebuerg der 70 % an Däitschland 30 % iwwerhëlt.[2]

Déi al Bréck gouf den 21. Mee 2013 fir de Verkéier gespaart a gouf an de Wochen duerno ofgerappt fir där neier Bréck Plaz ze maachen.[3] Déi nei Bréck gouf an där Zäit aus virgefäerdegte Baudeeler am Hafe vu Mäertert zesummegeschweesst.

Den 8. August 2013 gouf den 140 Meter laangen a 1.550 Tonne schwéieren Haaptdeel vun der neier Bréck vun enger hollännescher Firma vum Hafe vu Mäertert mat engem Ponton bis op Gréiwemaacher bruecht an op d'Sockele gesat.[4] D'Uschlossstécker goufen ze Maacher an zu Wellen zesummegebaut.

D'Bréck gouf de 15. Oktober 2013 a Betrib geholl[5] an den 2. Juni 2014 a Presenz vum Alexander Dobrindt, Bundesminister fir Verkéier an digital Infrastruktur vun der Bundesrepublik Däitschland, dem Roger Lewentz, Innen-, Sport- an Infrastrukturminister vu Rheinland-Pfalz an dem Lëtzebuerger Minister fir nohalteg Entwécklung an Infrastruktur François Bausch, ageweit.[6]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Bréck vu Gréiwemaacher – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Dem H.T. Weber no wahrscheinlech den 29. September.
  2. "Neue Brücke für Grevenmacher: Deutsch-luxemburgisches Abkommen am Donnerstagmorgen unterzeichnet." wort.lu, 20.10.2010 16:11 Uhr, aktualisiert 21.10.2010 11:22 Uhr an: "Gréiwemaacher kritt eng ganz nei stole Muselsbréck". RTL.lu 22.10.2010, 13:26 - Fir d'lescht aktualiséiert: 22.10.2010, 13:51
  3. Wort.lu: Brückenbau geht in die heiße Phase
  4. Wort.lu: Grevenmacher: Die Brücke ist da!
  5. "Brücke in Grevenmacher ist offen." wort.lu, 15.10.13 05:15 .
  6. "Gréiwemaacher: Muselbréck gouf um Méindeg offiziell ageweit." rtl.lu, 02.06.2014, 16:39:18.