Op den Inhalt sprangen

Viaduc vu Schengen

Vu Wikipedia
Viaduc vu Schengen
Koordinaten 49°28'45,8"N, 6°22'5,5"O

De Viaduc vu Schengen ass eng däitsch-lëtzebuergesch Grenzbréck iwwer dem Museldall tëscht Schengen a Perl, déi vun 1998 bis 2002 gebaut gouf. Se ass am Juli 2003 fir de Verkéier opgaang.

Si verbënnt déi lëtzebuergesch Autobunn A 13 mat der däitscher A8 oder Saarautobunn genannt.
Et ass eng Cantilever- oder Ausleeërbréck an d'Trägere bestinn aus verwëlleften huele Këschten. D'Bréck mécht eng Kéier mat engem Radius vun 1.100 m. Se besteet aus zwou parallele Brécken; den Deel de Floss erop ass 597 m laang an deen aneren huet 607 m. Dat gréisst Feld ass 130 m laang an d'Bréck huet eng Gesamtbreet vun 28,5 m. D'Héicht iwwer dem Waasser ass 24 m.

2025 gouf festgestallt, dass un de stolenen Huelkëschte Rëss entstane waren. Dofir gouf vun Enn Juli 2025 un eng Spur pro Richtung gespaart, Camionen iwwer 44 Tonnen dierfen net méi driwwer fueren, Schwéiertransporter bis 44 Tonne mussen am Chantiersberäich en Ofstand vu 50 Meter anhalen, an et gëlle Vitesslimitte vu 70 an 90 Stonnekilometer.[1]

Et ass eng vu fënnef Brécken iwwer d'Musel tëscht Lëtzebuerg an Däitschland. Déi aner véier Brécke sinn:

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. "Muselbréck bei Schengen gëtt wéinst Schied deelweis gespaart." rtl.lu, 25.07.2025.