Bréck vu Schengen

Vu Wikipedia
Bréck vu Schengen
Geographie
Land Lëtzebuerg
Däitschland
Plaz Schengen
Perl
Koordinaten 49° 28’ 17.8’’ N
      06° 22’ 04.5’’ O
Funktioun
Benotzt als Strossebréck
Féiert iwwer d'Musel
Technesch Detailer
Bréckentyp Cantilever
Totallängt 147,50 m
Felder/Béi 39,00 + 69,5 + 39,00
Material Gespaante Bëtong
Bemierkungen
Opgaangen 24. Oktober 1959

D'Bréck vu Schengen ass eng Grenzbréck iwwer d'Musel tëscht den Uertschafte Schengen zu Lëtzebuerg a Perl an Däitschland. Se steet um Flosskilometer 241,955. Zu Lëtzebuerg féiert s'um Uwänner vun der Musel iwwer den CR152B an iwwer d'Bréck leeft d'Nationalstrooss 10 an an Däitschland un d'B407 uschléisst, déi 250 m duerno an engem Rond-point Uschloss un d'B419 huet.

D'Bréck gouf de 24. Oktober 1959 ageweit. Mam Fährbetrib, deen 1947 agefouert gi war, gouf doropshin zougemaach.

Et ass eng vu fënnef Brécken iwwer d'Musel tëscht Lëtzebuerg an Däitschland. Déi aner véier sinn:

Déi éischt Bréck[änneren | Quelltext änneren]

Déi éischt Bréck zu Schengen gouf den 9. Mee 1909 ageweit. Et war eng stole Bréck am Fachwierkträgerbau déi aus dräi Felder bestanen huet. D'Feldwäite waren 39,80 + 69,50 + 39,80 Meter an um lénksen Uwänner stoung nach eng kleng stenge Boubréck iwwer déi d'Opfaartsramp gefouert huet. Dat mëttelst Feld huet aus engem Bou bestanen dat deemools schonn nom System Bowstring vun der Firma Paul Wurth gebaut gi war an déi zwee Säitefelder waren e Stännerfachwierk . D'Bréck huet op Steesockelen an der Musel opgeleeën. D'Fuerbunn war 5 m breet an op all Säit war en Trëttoir vun 1,87 m.

Virum Bau vun der Bréck huet eng Fähr déi zwou Uertschafte verbonn.

Gläich am Ufank vum Zweete Weltkrich de 15. September 1939 um 9:15 Auer hunn d'Pionéier vun der Wehrmacht de rietse Flosspilier gesprengt.[1]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Bréck vu Schengen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. An der Dreiländer-Ecke Luxemburger Wort vum 16. September 1939