Schengen

Vu Wikipedia
Schengen
Vue op Schengen (2016)
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Schengen
de: Schengen
Land Lëtzebuerg
Kanton Réimech
Gemeng Schengen
Buergermeeschter Michel Gloden
Awunner 711
  1. Januar 2023
Fläch 10,63 km²
Héicht 147 m
Koordinaten 49° 28’ 13’’ N
      6° 21’ 50’’ O

Schengen ass eng lëtzebuergesch Uertschaft an Haaptuert vun der Gemeng Schengen.

Bekannt ass se virun allem fir d'Schengener Ofkommes dat do ënnerschriwwe gouf.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Schengen läit un der Musel, am Dräilännereck mat Däitschland a Frankräich.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Dräilännereck bei Schengen.

De westlechen Deel ass duerch de Markusbierg dominéiert, de südlechen duerch de Strombierg. Wënzerei an Tanktourismus sinn déi wirtschaftlech Haaptaktivitéiten an dëser Uertschaft.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Tuerm beim Schengener Schlass

Archeologesch Fonntsaachen aus der Bronzezäit weisen, datt déi haiteg Uertschaft Schengen schonn deemools bewunnt war. Déi éischt schrëftlech Dokumenter stamen aus dem Joer 877.

1909 gouf déi éischt Muselbréck zu Schengen ageweit, se huet d'Pont ersat, déi zanter 1451 existéiert huet. 1939, nodeem Frankräich a Groussbritannien Däitschland de Krich erkläert haten, gouf d'Bréck zerstéiert. 1959 gouf eng nei Bréck gebaut, an eng Autobunnsbréck, e bësse weider nërdlech, ass zanter 2003 a Betrib.

Schengener Ofkommes: Firwat Schengen?[änneren | Quelltext änneren]

De 14. Juni 1985 gouf um Muselschëff M.S. Marie-Astrid d'Schengener Ofkommes ënnerschriwwen, dat den 19. Juni 1990 duerch d'Schengener Konventioun ergänzt gouf, an de 26. Mäerz 1995 a Kraaft getrueden ass.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Schengener Ofkommes.

Schengen ass dofir erausgesicht ginn, well Lëtzebuerg 1985 d'Presidence vum Conseil vun der Europäescher Unioun hat, a fir en Accord iwwer d'Ophiewe vu Grenzkontrollen en Dräilännereck vu senger Symbolik hir ganz gutt gepasst huet. Aus praktesche Grënn gouf dofir Schengen erausgesicht, well den Dräilännereck zu Rodange an enger net fotogener Industriebrooch läit, an deen zu Léiler, am Éislek ze schwéier zougänglech fir déi ganz Ministere war. Soss géif et haut vläicht weltbekannte "Rodange-" oder "Lieler-Visae" ginn...

Seng Bekanntheet krut Schengen doduerch, datt dem Duerf säin Numm op Millioune vu Visaen a Päss aus der ganzer Welt pecht. Se äussert sech a sou skurrillen Detailer wéi deem, datt eng brittesch Rockband "Schengen" heescht, oder datt et zënter dem Enn vun den 1980er Joren zu Tanger, am Marokko, e "Café Schengen" gëtt. Caféën oder Restaurante mam Numm "S(c)hengen* gëtt et der och zu Tbilisi, Sankt Péitersbuerg, zu Nei-Delhi an zu Bukarest.[1] Der Internet-Sichmaschinn Google no gëtt et iwwer 14,5 Millioune Säiten, wou iwwer "Schengen" rieds geet (Stand: Juli 2015).

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

Schengener Schlass
"Kochhaus" zu Schengen

D'Schlass[änneren | Quelltext änneren]

D' Schengener Schlass gouf 1390 gebaut. Et gouf awer, bis op den Tuerm, dee bis haut nach am ursprénglechen Zoustand ass, 1812 zerstéiert. Am 19. Joerhonnert gouf d'Schlass nees opgebaut, zum gréissten Deel aus Material vum fréiere Schlass. Den 13. September 1871 war de franséische Schrëftsteller a Politiker Victor Hugo hei op Besuch. Eng Zeechnung vum Schlass, déi e gemaach huet, ass erhalen. 1939 hunn d'Nonne vu Ste. Elisabeth d'Schlass iwwerholl. Zanter 2010 ass en Hotel am Schlass..

Just nieft dem Schlass läit e Gaart, deen Deel vum Projet Gäert ouni Grenzen ("de:Gärten ohne Grenzen") ass, an deen eng 25 Gäert am Dräilännereck ëmfaasst.

Kochhaus[änneren | Quelltext änneren]

Nieft dem Schlass kann een d'Kochhaus kucke goen. Et gouf 1779 gebaut an et gëtt zanter Mee 2015 no enger Renovéierung als Konferenzzentrum benotzt.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Kochhaus (Schengen).

Den Tuerm vum Schlass, d'Kochhaus an e Gebai op Nr 74 an der Wäistrooss stinn um Inventaire supplémentaire vun der Lëscht vun de klasséierte Monumenter.

Centre Européen[änneren | Quelltext änneren]

Den 13. Juni 2010, genee 25 Joer nodeem de Schengener Vertrag ënnerschriwwe gouf, gouf am Centre Européen zu Schengen den Europa-Musée ageweit.

Op 200 Quadratmeter ginn d'Leit alles Wëssenswäertes iwwer Geschicht vum Schengener Vertrag gewuer. An der interaktiver Dauerausstellung kann ee sech historesch Fotoen, a Filmer ukucken. Zu der Ausstellung gehéiert ausserdeem eng interaktiv Kaartenanimatioun, wou een gesäit wéi Grenzen an Europa sech säit 1815 verännert hunn, een Europa-Puzzle,an een Schengen Pass Automat, wou all Visiteur sech säin eegene Schengen Pass als Souvenir ausdrécke kann.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Centre européen Schengen.

D'Naturschutzgebitt Strombierg[änneren | Quelltext änneren]

Südlech vu Schengen läit, zum Deel an enger fréierer Gipsgrouf, d'Naturschutzgebitt Strombierg.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Fotoen[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Schengen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Bodo Bost: "Schengen als Sehnsuchtsort." In: d'Lëtzebuerger Land Nr.29, 17. Juli 2015, S.13.