Schlass Schengen

Vu Wikipedia
Schlass Schengen
D'Schlass mam Tuerm am Mäerz 2005
Typ Schlass,
Buerg
Land Lëtzebuerg
Gemeng Schengen
Plaz Schengen
Koordinaten 49° 28’ 12.36’’ N
      06° 21’ 56.88’’ O
Proprietär Euro-Immo Guy Rollinger
Statut Klasséiert Monument
Zeechnung vum Schlass vum Victor Hugo (1871).

D'Schlass Schengen ass e Schlass an der Uertschaft Schengen. Et gouf 1390 als Waasserbuerg gebaut an am 19. Joerhonnert bal komplett neigebaut. D'Schlass steet aktuell eidel.

Just nieft dem Schlass läit e Gaart, deen zum Projet Gäert ouni Grenzen ("Gärten ohne Grenzen") gehéiert, deen eng 25 Gäert am Dräilännereck ëmfaasst.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

1390 gouf op der Plaz vum haitege Schlass eng Buerg gebaut. Si gouf am 18. Joerhonnert vum Industrielle Charles Joseph Collart kaaft. Säi Fils Jean-Nicolas Collart huet d'Schlass bis op den Tuerm 1812 ofrappe gelooss. Den Tuerm aus dem Mëttelalter ass haut nach am ursprénglechen Zoustand erhalen. Am 19. Joerhonnert gouf d'Schlass nees opgebaut, zum gréissten Deel aus Material vum fréiere Schlass.

Den 13. September 1871 war de franséische Schrëftsteller a Politiker Victor Hugo do bei der Famill Collart op Besuch. Eng Zeechnung vum Schlass, déi hie gemaach huet, ass erhalen.

1939 huet de Joseph Charles Marc, genannt "Menny" Collart, e Fils vum Jules Collart, d'Schlass den Nonne vu Ste-Elisabeth verkaaft. Déi lescht dräi Elisabetherinneschwësteren hunn d'Schlass Ufank 2008 verlooss fir sech am Klouschter vu Munneref néierzeloossen.

No der Renovéierung vun de Gebaier huet den Hotelbedreiwer Goeres Group 2010 doran en Hotel mat engen 30 Zëmmer installéiert. Am Hôtel Château de Schengen konnten och Konferenzen a Receptiounen gehale ginn. Am Abrëll 2014 ass annoncéiert ginn, datt d'Congregatioun d'Schlass wéilt verkafen, well et sech "finanziell net méi géif rentéieren, an d'Geld fir karitativ Projete vun der Elisabeth-Grupp géif gebraucht ginn". Och hiert Klouschter zu Munneref, an deem de Goeres Group den Hôtel am Klouschter ageriicht hat, ass verkaaft ginn.[1],[2] Mam Hotelsbetrib gouf am selwechte Joer opgehalen.

Ufank 2016 gouf bekannt, datt d'Schlass fir 11 Milliounen Euro un d'Regus-Grupp verkaaft gouf, déi plangt hiren Haaptsëtz an e Formatiounszentrum am Gebai z'etabléieren[3],[4].

Ufank Oktober 2018 hunn d'Staatssekretärin Francine Closener an den Aarbechtsminister Nicolas Schmit, ënnerstëtzt vum Schengener Buergermeeschter Michel Gloden an dem HORESCA-Generalsekretär François Koepp, an enger Pressekonferenz déi gemeinsam Iddi virgestallt, fir am Schengener Schlass eng Ausbildungsplaz fir Gastronomie-Beruffer fir benodeelegt Jugendlech anzeriichten. Dofir misst de Staat d'Schlass opkafen.[5],[6] Am Februar 2019 war déi Iddi nach an der "Analysphas" an am Budget fir d'Joer 2019 keng Suen dofir virgesinn[7],[8].

Mëtt vum Joer 2020 huet d'Schlass nees en neie Proprietär kritt: de Groupe Guy Rollinger huet et kaaft fir et an e véier- oder fënnefstärege Luxushotel ëmzebauen an un eng Hotelschaine ze verlounen[9].

Nationaalt Monument[änneren | Quelltext änneren]

Den Tuerm ass zanter dem 22. Oktober 1986 op der Lëscht vum Inventaire supplémentaire vun den nationale Monumenter ageschriwwen[10] iwwerdeems d'Schlass, Dependancen an de Park de 26. Oktober 2018 als nationaalt Monument klasséiert goufen[10].

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Schlass Schengen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. wort.lu: Schlossherr(in) gesucht: "Château de Schengen" wird verkauft (24.Abrëll 2014)
  2. corporatenews.lu: Goeres Group: Abschied von der Mosel (24. Juli 2014)
  3. wort.lu: Elf Millionen Euro für Schloss Schengen (24. Februar 2016)
  4. welt.de: Schengen wechselt für elf Millionen Euro den Besitzer (27. Februar 2016)
  5. lessentiel.lu: Staat plant neues Projekt im Schloss Schengen (3. Oktober 2018)
  6. journal.lu: Erst mal nur eine Idee (3. Oktober 2018)
  7. journal.lu: Nur ein Wahlversprechen? (12. Februar 2019)
  8. tageblatt.lu: Umnutzung: Am Schengener Schloss passiert dieses Jahr noch nichts – aber Voruntersuchungen laufen (14. Februar 2019)
  9. Neues Leben im Schloss Schengen / Luxusherberge und Gastronomietempel geplant. www.tageblatt.lu. Gekuckt de(n) 2021-10-15.
  10. 10,0 10,1 Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).