Jules Collart

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
D'Graf um Schengener Kierfecht.

De Jules Joseph Nicolas Collart, gebuer den 1. Juli 1831 zu Dummeldeng a gestuerwen de 24. Oktober 1917 zu Stengefort, war e lëtzebuergeschen Industriellen a Schmelzhär.

Hien huet mat senge Brudder Charles 1852 d'Stengeforter Schmelz vum Guillaume Pescatore iwwerholl.

Nuvola apps xmag.png Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Al Schmelz

Nieft der Schmelz huet hien zu Stengefort en Haus, dat engem Schlass gläicht, e Spidol an en Altersheem baue gelooss.

Mat sengem Brudder Charles an dem Thomas Byrne huet hien 1872 d'Société anonyme des Hauts Fourneaux de Rodange gegrënnt.

Den 13. September 1871 war de Victor Hugo ob sengem Schlass zu Schengen op Besuch.

Hie war de Fils vum Jean Charles Joseph Collart (*1775) an d'Kandskand vum Charles Joseph Collart (*1726).

Hie war mat der Louise de Scherff (1843-1916), enger Duechter vum Paul de Scherff, bestuet. Si haten 13 Kanner.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]