Victor Hugo

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Disambig.svg Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Schrëftsteller Victor Hugo. Fir d'Schëff mam Numm Victor Hugo, kuckt w.e.g. Victor Hugo (Panzerkräizer).
Buste[1] vum Victor Hugo, Copie vum Rodin sengem Wierk, op der Bréck am Stadzentrum vu Veianen. Am Hannergrond lénks den Hockelstuerm a riets d'Veianer Buerg.
"La maison que j’habite au coin du pont".
Zeechnung vum Victor Hugo, 28. Juli 1871
Den "Hôtel de Paris" am loutrengeschen Deel vun Altwis bei Munneref
Point de vue Victor-Hugo bei Biwels am Ourdall
D'Ourschläif bei Biwels, Victor Hugo, 1871.
De fréieren Hotel (haut Apdikt) zu Klierf an deem de Victor Hugo am September 1863 zu Gaascht war.
D'Plack um fréieren Hotel zu Klierf.

De Victor Marie Hugo, gebuer de 26. Februar 1802 zu Besançon, a gestuerwen den 22. Mee 1885 zu Paräis, war e franséischen Auteur, dee sech säi ganzt Liewe laang fir e friddlecht a vereenegt Europa, géint d'Sklaverei a fir d'Mënscherechter engagéiert huet.

E war doriwwer eraus staark un der Konscht interesséiert, virun allem un der Molerei an un der Fotografie, déi wichteg Niewebeschäftegunge fir hie waren.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Scho mat 17 Joer huet en 1818 eng literaresch Zäitschrëft gegrënnt, de Conservateur littéraire, vun där 30 Nummere bis 1821 erauskoumen. Säin éischte Roman, Bug Jargal, koum am Joer 1820 eraus.

1841 gouf hien an d'Académie française gewielt. Nom Coup d'État vum Louis-Napoléon Bonaparte den 2. Dezember 1851 goung de Victor Hugo an den Exil, eréischt 19 Joer méi spéit koum hien 1870 op Paräis zréck.

Am Exil huet hie virun allem op Jersey a Guernsey gewunnt, zu Bréissel publizéiert a war stänneg queesch duerch Europa ënnerwee. Dobäi huet hie fënnefmol Lëtzebuerg besicht.

Wichtegst Etappen zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

  • 1862 huet de Victor Hugo Lëtzebuerg fir d'éischt Kéier, Klierf, Veianen, Iechternach, d'Fiels an d'Stad Lëtzebuerg besicht.
  • 1863 war en zu Miersch, an der Fiels, der Stad Lëtzebuerg, zu Iechternach, Veianen, Falkesteen, Klierf.
  • 1864 koum en nach emol an d'Fiels an an d'Stad Lëtzebuerg.
  • 1865 huet hien Iechternach, Veianen, Buerschent a Klierf besicht.
  • Am Summer 1871 huet de Victor Hugo sech fir 2,5 Méint zu Veianen etabléiert (8. Juni - 22. August), an deem Haus wou haut de Victor-Hugo-Literaturmusée ka besicht ginn. No engem kuerzen Openthalt zu Dikrech (22. - 26. August) ass de Victor Hugo dunn op Munneref op Kur gaangen an huet vum 26. August bis den 23. September am loutrengeschen Deel vun Altwis am Hôtel de Paris gewunnt.

Während senge Reesen duerch Lëtzebuerg huet de Victor Hugo am Ganzen eng 50 Gedichter geschriwwen an eng 60 Zeechnungen an Aquarelle gemoolt.

1935 gouf de 50. Anniversaire vum Hugo sengem Doud gefeiert. Zu Veianen gouf e Musée an eng Buste, (Copie vum Auguste Rodin sengem Wierk) ageweit.[2][3]

Am Stater Park steet eng Buste vum Hugo. Et ass eng Copie vum David d'Angers sengem Wierk.

2002, fir den 200. Gebuertsdag vum Victor Hugo, gouf zu Veianen no 3 Joer Ëmbauaarbechten de renovéierte Musée littéraire Victor-Hugo nees fir de Public opgemaach. De lëtzebuergeschen Auteur a Literaturprofesser a Victor-Hugo-Spezialist Frank Wilhelm huet d'Muséographie vum renovéierte Musée opgestallt.

Wichtegst Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Han d'Islande (1823),
  • Hernani (1830),
  • Les Misérables (1862),
  • Notre-Dame de Paris (1831),
  • Les Contemplations (1856),
  • La Légende des Siècles (1856-1883),
  • Les Travailleurs de la mer (1866),
  • L'homme qui rit (1869),
  • Quatrevingt-treize (1874),
  • L'Art d'être grand-père (1877).

Zu Lëtzebuerg nom Victor Hugo genannt[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Blasen, Léon, 1985. Die Victor-Hugo-Büste im Stadtpark. Der Batty-Weber-Gedenkstein. Serie "Die Denkmäler der Stadt Luxemburg". Télécran Jg. 7, Nr. 6: 32-33, Luxembourg.
  • Bourg, Tony & Wilhelm, Frank, 1985. Le Grand-Duché de Luxembourg dans les Carnets de Victor Hugo. RTL Edition, Luxembourg.
  • Feller, Martin, 1988. Der Dichter in der Politik. Victor Hugo und der deutsch-französische Krieg von 1870/71. Untersuchungen zum französischen Deutschlandbild und zu Hugos Rezeption in Deutschland. Thèse, Marburg.
  • Wilhelm, Frank, 2000. Victor Hugo et l'Idée des États-Unis d'Europe. Association des amis de la maison de Victor Hugo à Vianden, Vianden. 98p.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Eng zweet Victor-Hugo-Buste steet am Stadpark. Cf. Blasen 1985 an der Literatur.
  2. Den Auguste Rodin huet dat originaalt Wierk am Joer 1902 zum 100. Gebuertsdag vum Victor Hugo realiséiert. Déi franséisch Regierung huet spéiderhin Moulage vum Original duerféieren an eng Serie Kopie géisse gelooss. Quell: schrëftlech Matdeelung vum Frank Wilhelm den 28. Mäerz 2012.
  3. "Au nom de mon Pays, j'accepte la belle réplique du buste dû au génie de Rodin, qui nous a été généreusement offerte par le gouvernement de la République." (Aus de Ried vum J. Bech, Luxemburger Wort vum 2. Juli 1935)
  4. Cf dës Recherche am Legilux.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]


Commons: Victor Hugo – Biller, Videoen oder Audiodateien