Altwis

Vu Wikipedia
Altwis
Vue op Altwis
An anere Sproochen fr: Altwies
de: Altwies
Land Lëtzebuerg
Kanton Réimech
Gemeng Munneref
Buergermeeschter Steve Reckel (DP)
Awunner 788
  1. Januar 2021; 1. Januar 2022; 1. Januar 2023
Fläch 414,3829 ha
Héicht 213 m
Koordinaten 49° 30’ 40’’ N
      06° 15’ 24’’ O

Altwis ass eng Uertschaft an der Gemeng Munneref.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Altwies läit eng 2 Kilometer nordwestlech vu Munneref, op engem Plateau an um Hang erof bei d'Albaach/Gander. E puer Haiser leien direkt déi Säit der Gander, op franséischer Säit. Duerch d'Dall vun der Gander leeft och d'Nationalstrooss 16. Nërdlech vun der Uertschaft geet d'Autobunn A13 laanscht, där hir Sortie 11 no Altwis genannt ass. Den CR155 féiert duerch d'Uertschaft.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Géigend ëm Altwis war schonn an der Steenzäit besidelt, wéi Schläifrillen um Stengege Wee, Silexen a Steenaxten, déi um Kaaschtel fonnt goufen, oder Saachen aus Bronze, beleeën.[1] An der Réimerzäit gouf de Kaaschtel ugeluecht (kënnt vu Castellum), no beim Kiem vu Metz op Tréier, och eng Villa gouf am Heedefeld gebaut. Aus der Zäit vun der fränkescher Besidlung si Griewer a Waffe fonnt ginn.

811 gëtt d'Uertschaft eng éischt Kéier an engem Schenkungsdokument vun der Abtei Iechternach als Wisse in pago Muslense ernimmt. 1057 gëtt et als Wis ernimmt, 1302 als Wiez, an zanter 1415 als Altwies, woubäi "Alt" e keltescht Wuert fir Waasser wier.

Zeechnung vum Jean Bertels (ëm 1600).
Erënnerungsplack un de Victor Hugo um Hôtel de Paris.

1242 gëtt d'Bannmille vun der Herrschaft Roudemaacher, resp. vu Puttelange, op der Albaach (Gander) fir d'éischt ernimmt.

1561 waren zu Altwis 21 Feierplazen, d.h Stéit. Ëm 1600 war Altwis just um Plateau (haut: Schoulplateau) bebaut, wéi een dat op enger Zeechnung vum Abt Jean Bertels ka gesinn.

Nom Drëssegjärege Krich an enger Peschtepidemie war Altwies ganz ausgestuerwen. 1658 goung et, mat Munneref an aneren Uertschaften, nom Pyrenäefridden, u Frankräich, wou et bis 1769 blouf.

Den 23. August 1708 ass d'Baach no engem staarken Donnerwierder bannent Minutten sou staark geklomm, dass 24 Mënschen aus den Haiser am Dall ëmkoumen. 1726 gouf dat éischt Haus op der anerer Säit vun der Baach gebaut. D'Barock-Kapell, an där e Missiounskräiz vu 1723 opgestallt gouf, ass vu 1736.

De 15. August 1794 hunn d'éisträichesch Truppen aus der Festung Lëtzebuerg, déi vun engem Altwiisser Bauer gewarnt gi waren, franséisch Revolutiounstruppen attakéiert, déi um Flouer Wouereck hiert Lager haten, an eng 200 vun hinnen ermëlzt. Si goufen op der Plaz, déi haut nach Fransousefeld heescht, begruewen.

1809 hat Altwies 533 Awunner. 1815 hätten d'Awunner vum rietse Ganderuwänner kënnen zu Lëtzebuerg geschloe ginn, ma de Buergermeeschter, dee vun der loutrenger Säit war, huet dat du verhënnert.

1871 huet de Schrëftsteller Victor Hugo ee Mount am Hôtel de Paris gewunnt. Vun 1933 bis 1939 war an deem Gebei eng landwirtschaftlech Schoul, eng Zort Kibbuz, an där jonk jiddesch Leit, déi aus Däitschland geflücht waren, vun der Organisatioun Hechaluz ("de Pionéier") ausgebilt goufen, fir kënnen a Palestina auszewanderen. Bis haut gëtt et Reschter vu sechs Zären an enger Bamschoul, déi deemools ugeluecht goufen.[2]

1872 gouf Altwis eng eegestänneg Par, an 1875 gouf déi nei Parkierch konsekréiert. 1882 krut Altwis en Halt op der Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Réimech.

An der Zäit goug et zu Altwis eng Kallekbrennerei (Schleck), eng Brauerei (Toussaint), eng Liqueursfabréck, eng Pianoforte-Manufaktur (Rodenwald), 3 Giewereien (ë. a. Senninger), 3 Neelschmëdd (ë. a. Schütz), eng Konschtglaserei (Koppes), Steekaulen (Berchem) an 3 Millen: Heinrichs-, Beckers- a Castellmillen.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Altwis – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Quell vun dësem Kapitel, wou net anescht uginn: Lé Tanson, 1979, an der Literatur.
  2. "E Kibbuz zu Altwis." 100komma7.lu, 06. Feb 2021.