Viaduc vun Altwis
Ausgesinn
Geographie | |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Plaz | Altwis |
Koordinaten |
49° 30’ 55’’ N 06° 14’ 26’’ O |
Funktioun | |
Benotzt als | Autobunnsbréck A 13 |
Féiert iwwer | Gander |
Technesch Detailer | |
Bréckentyp | Plackendunnebréck |
Totallängt | 195 m |
Felder/Béi | 60 m - 75 m - 60 m |
Breet | Fuerbunn:2 x 12,825 m |
Material |
Dunnen: Stol Pilieren: arméierte Bëtong |
De Viaduc vun Altwis ass eng Autobunnsbréck déi tëscht Altwis an Uespelt iwwer d'Gander an d'Nationalstrooss 16 geet.
D'Bréck gehéiert zur Autobunn A 13.
Et ass eng Plackendunnebréck aus arméiertem Bëtong mat 2 x 2 stolen Dunne mat variabler Héicht.
D'Stolconstructioun gouf vun Eiffel Construction Métallique vu Colombes, an d'Bëtongsaarbechte vun der Tralux vu Beetebuerg gemaach.
Technesch Daten
[änneren | Quelltext änneren]- Gesamtlängt: 195 m
- Feldwäiten: 60 m - 75 m - 60 m
- Héicht vum Träger: variéiert tëscht 1.50 - 3.00 m
- Breet vun der Fuerbunn: 2 x 12.825 m
- Deckt vun der Fuerbunn: 25 – 35 cm